Header for 4. Heure de questions au Gouvernement Question no 237 du 7 juillet 2021 de M. Sven Clement relative à la rupture de stock du cannabis médical, adressée à M. le Ministre de la Sécurité sociale

4. Heure de questions au Gouvernement Question no 237 du 7 juillet 2021 de M. Sven Clement relative à la rupture de stock du cannabis médical, adressée à M. le Ministre de la Sécurité sociale

Dës Ried hunn ech den 08/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Heure de questions au Gouvernement Question no 237 du 7 juillet 2021 de M. Sven Clement relative à la rupture de stock du cannabis médical, adressée à M. le Ministre de la Sécurité sociale” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass net déi éischt Fro, déi ech zum Theema medezinnesche Cannabis stellen, an ech hunn esou e bëssen d’Gefill, datt et och net déi lescht wäert sinn, bis mer nei driwwer legiferéiert hunn. Well zanter Mäerz 2021 gëtt et elo scho fir déi xte Kéier fir blo, giel a rout mar kéierte medezinnesche Cannabis eng national Rup ture de stock. D’Patiente si gezwongen, hire Canna bistraitement ze ënnerbriechen an nees op klas sesch Schmäerzmëttel, mat all deene bekannten Niewewierkungen, ëmzesteigen, hu sech op héich eege Käschten dann deelweis un auslännesch Ap dikte gewannt oder musse sech um Schwaarzmaart ëmkucken, wat ech definitiv net recommandéiere kann, wou et nämlech keng Garantie gëtt, ob den ugebuedene Produit net mat ongesondem Zousaz gestreckt gouf oder den THCGehalt guer net kontrolléiert ass.

D’Offere vun éischte Fournisseure fir medezinne sche Cannabis ginn zurzäit nach ausgewäert, sou datt d’Penurie eis nach e puer Wochen, vläicht sou guer e puer Méint, sollt nach eng weider Ausschrei wung néideg sinn an et wär net déi éischte Kéier, datt mer kee fannen, begleede wäert.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen: Éischtens: Wäert d’CNS iwwergangsweis de Patien tinnen a Patienten, déi eng Ordonnance médicale hunn, d’Rechnung vum Kaf vum medezinnesche Cannabis no lëtzebuergesche Reegelen aus dem Ausland rembourséieren?

Zweetens: Wäert d’CNS alternativ oder zousätzlech de Kaf vu CBDProduiten, déi ouni Rezept a Ge schäfter erhältlech sinn, fir Patientinnen a Patien ten, déi eng Ordonnance médicale hunn, rembour séieren? Ëmmerhin handelt et sech hei ëm e Pro duit, dee kéint equivalent sinn.

An drëttens: Falls béides net geplangt ass, wat fir aner Léisungsvirschléi kann d’Regierung de Betraf fenen, déi wierklech mat Schmäerze geplot sinn, ubidden?

Ech soen Iech Merci.