Header for 4. Interpellation de M. Serge Wilmes au sujet du PIB du bienêtre

4. Interpellation de M. Serge Wilmes au sujet du PIB du bienêtre

Dës Ried hunn ech den 06/02/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Interpellation de M. Serge Wilmes au sujet du PIB du bienêtre” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir méiglechst objektiv Entscheedungen ze treffen, orientéiere mer eis gären u Fakten. Eng wuel iwwerluechten Decisioun soll sech op Daten an Informatioune baséieren, déi am beschte Fall direkt e puermol onofhängeg vunenee vali déiert goufen. An der Wëssenschaft schwätzt een och gäre vum Peerreview. Wat eegent sech do also besser als Orientéierungshëllef wéi kon kreet Zuelen? Rechnunge sinn entweeder falsch oder se si richteg. Ass eng Berechnung richteg, da stëmmt se, an zwar ëmmer, ausser an Zäite vu Fakenews, wéi dat heiansdo ganz gären emol gesot gëtt. Mee am Endeffekt, d’Wëssenschaftlechkeet soll héichgehale ginn, eng Rechnung, déi stëmmt, déi stëmmt, eng Rechnung, déi falsch ass, ass falsch.

(Interruption)

Grad a sozialen a politesche Froen, wou et oft schéngt, wéi wann et keng eendeiteg Äntwerte géif ginn, kënnen Zuelen duerch hir Einfach heet dofir schnell bestiechen. D’Bruttoinlands produkt mécht et vir.

Verschidde Länner mat hire jeeweilegen natio nalen a lokalen Eegeschaften ze vergläichen, ass net einfach. D’PIBe vun zwee Länner géint iwwerzestellen, dat ass awer einfach.

Här President, d’Beispill vum PIB mécht awer och däitlech, wat de Problem vun Zuelen an der Politik ass. Zuele sinn einfach Wäerter fir komplex Realitéiten. Et geléngt hinnen ni, e Problem am Ganzen duerzestellen. An och Zuelen, déi rechneresch richteg sinn, kënne falsch sinn, wa se am Endeffekt net wierklech dat ermëttelen, wat ee wollt.

Dat kenne mir zu Lëtzebuerg nëmmen allze gutt. Mam PIB, an dat soten eis d’Virriedner haut e puermol, soll d’wirtschaftlech Leesch tung vun engem Land ermëttelt a Wuesstums schwankungen erkannt kënne ginn. Wat zu Lëtzebuerg awer haaptsächlech mam PIB er kannt gëtt, ass eng Verzerrung vum Wäert duerch eng héich Unzuel u Frontalieren an duerch d’Leeschtung vun e puer Spëtzenentre prisen, well de PIB a klenge Länner extreem ofhängeg vun der Performance vun e puer grousse Firme ka sinn.

Dat ass e grousse Problem, well et zu Lëtze buerg esou un engem statistesche Mooss feelt, deen iwwert déi tatsächlech ekonomesch an awer och sozial Leeschtung vun all den Entre prisen, an net just vun deenen zéng gréissten, informéiert.

Dat ass awer nach ëmsou méi bedenklech, well oft eng implizitt Gläichstellung tëscht wirt schaftlechem Wuesstum a Wuelstand gemaach gëtt. Ob et de Mënschen an engem Land gutt geet, hänkt awer net dervun of, wéi vill pro duzéiert gouf, mee dovun, wéi eng Liewens qualitéit hire Staat hinne bidde kann. Genee wéi et an der Wirtschaft sougenannt „gestran det Investitioune“ gëtt, kann et trotz héijem PIB zu „gestrandete Mënsche“ kommen.

Dass d’Wuelbefannen zu Lëtzebuerg net iw wert de PIB gemooss ka ginn, war och schonns der fréierer LSAP an CSVRegierung bewosst. Aus deem Grond ass, wéi mir haut schonns e puermol héieren hunn, och d’Ausschaffe vun engem PIB du bienêtre als Zil an den deemolege Koalitiounsaccord festge schriwwe ginn.

Tëscht 2010 an 2013 ass um Projet vum PIB du bienêtre och tatsächlech geschafft ginn, an no enger Paus vun e puer Joer koum am Joer 2017 och den éischte Rapport vum Statec zu dësem Theema eraus. Säitdeem ass et awer erëm e bësse méi roueg ëm d’Theema ginn. Alles, wat mir bis elo hunn, ass déi besote Publikatioun vum Statec aus dem Joer 2017, also schonn dräi Joer méi al, a Form vun enger zimmlech grousser Excelstabell, déi säit deemools zu engem Deel, mee bäi Wäitem net ganz, mat méi rezenten Daten ergänzt gouf.

Hei fanne sech op eelef verschiddene Sheets divers Indicateuren, déi fir den interesséierte Lieser net nëmme wéinst hirer Mass zum Deel just schwéier duerchzegoe sinn, mee zum Deel och onverständlech sinn, well et bei enger gan zer Rei Punkten un Erklärunge feelt.

Esou fënnt ee beim Indicateur „Bruit“ beispills weis just eng Prozentzuel. Ob am Joer 2017 elo awer 21,9 % vun de Befrote sech um Kaméidi gestéiert hunn, net gestéiert gefillt hunn oder gesot hunn, dass Kaméidi fir si eng grouss In fluence op hiert Wuelbefannen huet, dat geet aus där Tabell net ervir. Obwuel et tatsächlech eng extra Kolonn gëtt, wou een esou eng Re mark hätt kënnen draschreiwen, gouf se ein fach net ausgefëllt. Well déi verschidden Don néeën aus deem Dokument also zum Deel och nach aus verschiddene Sourcë stamen an do madder aus verschiddenen Erhiewungen, aus verschiddene Grondgesamtheeten, bref, ech kéint Iech elo hei e Statistikscours halen, …

Une voix. Maacht et!

M. Sven Clement (Piraten). … mierkt ee ganz séier, dass déi Donnéeën net esou fiabel sinn, wéi een op den éischte Bléck kéint mengen. Et erméiglecht eis et nämlech net, op Basis vun dësem engen Dokument d’Korrela tiounen ze ermëttelen. Esou ass et och net méiglech, ëmfaassend Aussoen doriwwer ze treffen, wéi eng Problemer d’Leit, déi uginn, mat hirer Situatioun am Liewen onzefridden ze sinn, am meeschte belaaschten.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mir den Outil vun engem lëtzebuergesche PIB du bienêtre sënnvoll notze wëllen, da musse mir also reegelméisseg Daten erhiewen an auswäerten an och d’Bereetstellung vun dë sen Date verbesseren.

Et däerf ee sech net op den Ustrengunge vu virun dräi Joer ausrouen. Geneesou wéi beim richtege PIB soen och déi eenzel Indicateure vum PIB du bienêtre eleng net vill aus. E Wäert eleng kann nämlech just schwéier interpretéiert ginn. Dës Zuele maachen nëmme Sënn am Verglach, dat heescht am Rapport mat de Wäerter aus anere Länner oder par rapport zu viregten Zäitraim. Nëmmen am Verglach kann een erkennen, ob e Wäert héich ass, déif ass, steigt oder fält, an esou Aussoen iwwert d’Per formance vun engem Land treffen.

Et ass dofir essenziell, dass mir de PIB du bien être zu Lëtzebuerg reegelméisseg publizéieren, fir Entwécklungen erkennen ze kënnen. Wann an de kommende Méint also weider un der Ausschaffung vun dësem PIB du bienêtre ge schafft gëtt, da soll de Fokus op d’Vergläich barkeet geluecht ginn an no enger Léisung ge sicht ginn, wéi statistesch Daten doriwwer eraus fir de Public méi accessibel gemaach kënne ginn.

Wann de Statec d’Resultat vu sengen Enquêten a Form vun Tabellen an Diagrammer publi zéiert, ass dat fir e Public, dee sech just séier wëllt informéieren, ewell eng gutt Source. Zousätzlech muss awer fir Studenten, Wëssen schaftler oder aner interesséiert Matbierger och d’Méiglechkeet bestoen, ouni gréisseren Op wand op Mikrodaten zougräifen ze kënnen, fir hir eegen Analyse kënnen ze maachen.

Wat anonymiséiert statistesch Date méi einfach fir jiddwereen zougänglech sinn, wat méi Per sounen dës Donnéeë fir hir Aarbecht notze wäerten an esou méi Mënsche vun hire Resul tater profitéiere kënnen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dass mir an de kommende Méint an doriwwer eraus nach eng ganz Rei Erausfuerderunge virun eis hunn, fir d’Konzept vum PIB du bienêtre ze verbes se ren, däerf eis awer net dovunner ofhalen, schonns elo op eng Rei Punkten, déi bei den éischten Ausaarbechtunge vum PIB opgefall sinn, anzegoen.

D’Zuele vun 2015 hu gewisen, dass just 3 vun 102 Gewässer zu Lëtzebuerg an engem gud den ekologeschen Zoustand waren. An dat ass ëmsou méi alarméierend, wann ee sech d’Pro blemer mat de Kläranlagen aus dem leschte Joer nach eemol virun Ae féiert. Hei gëtt et nach vill ze maachen. Souguer wa mer d’Ver besserung vun 100 % verbuche kéinten, wäre mer nach ëmmer traureg wäit vun engem gudde Resultat ewech, well 100 % Verbesse rung bei 3 vun 102 Gewässer, dat wären, léif Kolleeginnen a Kolleegen, 6 vun 102 Gewässer, wat nach ëmmer penibel schlecht wär.

Hei muss net gewaart ginn, bis en neie Son dage nees beweist, dass mir e Problem mam Waasserschutz hunn an dass d’Leit onzefridde sinn, wann hir Gewässer net propper sinn. Hei muss esou séier wéi méiglech eppes fir d’Ver besserung vun der Waasserqualitéit gemaach ginn.

Déi selwecht Approche sollt ee consideréieren, wann et ëm de Logement an ëm d’Besteierung vun den Elengerzéienden a Wittleit geet. Och hei muss een net laang Etüden ofwaarden, fir ze wëssen, wou et Problemer ginn, déi en Afloss op d’Wuelbefannen hunn. De Staat muss méi an de soziale Wunnengsbau investéieren a fir zéng Euro de Meterkaree maximal verlou nen, an déi diskriminéierend Steierklass 1A gehéiert ofgeschaaft. Dat ass säit Laangem an der Diskussioun. Dat ass awer genausou laang net gemaach ginn. Insgesamt wär et wën schenswäert, wann d’Politik eng proaktiv Ap proche géif envisagéieren, wann et ëm d’Wuel befanne vun den Awunner zu Lëtzebuerg geet. Och wann de Projet vun engem PIB du bien être fir Lëtzebuerg e wéineg an d’Stocke komm ass, weess ee schliisslech och schonns elo, wéi een d’Liewenskonditiounen zu Lëtzebuerg ver bessere kéint.

Niewent de schonns ugeschwate Problemer vum Logement an der Ëmweltbelaaschtung sinn do zum Beispill och d’Gesondheetsversuer gung oder d’politesch Participatiounschancen essenziell Punkten, wann et ëm d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit an eisem Land geet.

Wat de Gesondheetssecteur ugeet, muss de generaliséierten Tiers payant esou schnell wéi méiglech ëmgesat ginn an e Fokus op d’Pro blematik vun de psycheschen Erkrankunge ge luecht ginn. Depressiounen a Burnout si grad zu Lëtzebuerg, wéi, mam Wuesse vun der na tionaler Ekonomie an domadder vum normale PIB, och d’Logementspräisser an domadder den Drock, fir um Aarbechtsmarché ze reus séieren, geklommen. Deementspriechend klëmmt leider och de psycheschen Drock op jiddwer Eenzelnen. Dës Krankheete weisen exemplaresch, dass eng floréierend Wirtschaft net automatesch zu enger Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun de Mënsche bäi dréit an ënnersträichen esou nach eemol, fir wat de PIB als statistescht Mooss hei net gräift. Wat d’Recht op politesch Participatioun ugeet, musse mir eis virun allem am Kontext vun der Lisibilitéit vu Gesetzestexter verbesseren. Ech kléngen heiansdo wéi eng Plack, déi hänke bliwwen ass, mee d’Lisibilitéit vu Gesetzes texter ass en Theema, wat mer wierklech um Häerz läit, well et kann net sinn, dass mer d’po litesch Participatioun vu Leit, déi e 40Stonnen Job hunn, doduerjer nach méi komplizéiert maachen, dass mer et an Zäite vun Digitaliséierung nach ëmmer net fäerdegbréngen, fir zu mindest informell konsolidéiert Fassunge vun eise Gesetzesprojeten ze publizéieren.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hoffen, et ass mer mat de grad genannte Beispiller gelongen, duerzestellen, dass mer eigentlech net op nach e weideren Index ugewise sinn, fir ze wëssen, wou de Schong dréckt. Dat soll awer net heeschen, dass en na tionale PIB du bienêtre net awer e gudden Outil ka sinn, fir déi traditionell Indicateuren an Indexen ze complementéieren, awer net force ment ze ersetzen.

D’Aarbechten un dësem neie statistesche Mooss sollten op alle Fall weidergefouert ginn, mee mir sollten an dëser Diskussioun eeben net vergiessen, dass och aner Moosszuelen, an déi goufen haut och scho genannt an erkläert, wéi den GiniKoeffizient an den Happy Planet oder de WellBeingIndex, eis eigentlech elo schonns genuch Erausfuerderungen opweisen.

Et kann ni schueden, e Problem, deen ee léise wëllt, vun alle Säite ganz am Detail ze kennen. An dofir begréissen ech d’Aarbecht vun engem PIB du bienêtre och. Mee d’statistesch Erfaas sung vun engem Problem ass nach laang keng Léisung vum Problem. Déi statistesch Ustren gunge mussen dofir onbedéngt vu konkreete Mesurë begleet ginn.

Well mir d’Chance hunn, schonns haut op eng ganz Rei Resultater aus auslännesche Studien zréckgräifen ze kënnen, kënne mer de Resulta ter vun engem nächste Sondage fir de lëtze buergesche PIB du bienêtre deemno schonns e bësse virgräifen an esou elo schonns zu enger Verbesserung vum Wuelbefannen zu Lëtze buerg bäidroen.

Den HappyPlanetIndex, bei deem mir op der zweetleschter Plaz gelant sinn, huet zum Beispill gewisen, dass Lëtzebuerg e klore Problem mat sengem CarbonFootprint huet. Lëtzebuerg verbraucht Onmengen un Energie an eisen Overshootday réckelt ëmmer méi no un den Ufank vum Joer an hält eis esou eisen enorme Ressourcëverbrauch ënnert d’Nues.

2018 war den Overshootday den 19. Februar. 2019 waren eis Ressourcen awer schonn dräi Deeg éischter, nämlech de 16. Februar, ver braucht. An och dëst Joer si mer just nach e puer Deeg dovunner fort, all eis Ressourcë fir dëst Joer opgebraucht ze hunn an de Rescht vum Joer op Kreditt vun anere Mënschen op dësem Planéit ze liewen.

Wärend sech eng Grupp vun Experten drusetze wäert, sech ze iwwerleeën, wéi een de lëtze buergeschen ekologesche Foussofdrock am beschte moosse kann, sollt sech dofir eng aner Ekipp drusetzen, Léisungen ze fannen, fir d’Lie wen an d’Wirtschaften zu Lëtzebuerg méi ëm weltfrëndlech ze maachen. Ech begréissen, dass do éischt Piste getraff goufen, mee et geet nach net duer.

Nëmme wann d’Resultat vu statisteschen Ana lysen och zu konkreete Reaktiounen opsäite vun der Politik féiert, kënne mer eppes erree chen. Essenziell ass dobäi, dass éierlech mam nationale Verbrauch ëmgaange gëtt an d’Zue len net schéigerechent ginn. Dat bedeit zum Beispill och, dass mer an eiser Zäregasbilanz och d’Importer misste consideréieren. Wat huet et fir e Sënn, wa mer eis selwer beléien a soen, mir hätten null Emissiounen duerch eis Elektro mobilitéit, wann de Stroum fir eebe genau dës aus däitsche Kuelekraaftwierker kënnt? Da sti mir als Lëtzebuerg vläicht gutt do, mee eise Planéit sécher net.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech denken, dass mer alleguerten eens sinn, dass nach genuch Aarbecht virun eis läit, mee mir hunn och d’Moyenen, fir op déi aktuell a kommend Erausfuerderungen anzegoen. Mir hu méi Informatiounen an Date wéi all Genera tioun virun eis.

Une voix. Jo.

M. Sven Clement (Piraten). Ni goufe méi statistesch Erhiewungen a wëssenschaftlech nei Auswäertunge gemaach wéi haut. Et läit un eis, eppes dorauser ze maachen, op déi Viraarbecht opzebauen an domadder net nëmmen iwwert de PIB du bienêtre ze schwätzen, mee de Bien être ëmzesetzen.

Ech soen Iech Merci.