Header for 4. Motion de M. Claude Wiseler relative aux activités de forage il légales de la Turquie en Méditerranée orientale

4. Motion de M. Claude Wiseler relative aux activités de forage il légales de la Turquie en Méditerranée orientale

Dës Ried hunn ech den 15/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Motion de M. Claude Wiseler relative aux activités de forage il légales de la Turquie en Méditerranée orientale” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech kann hei nëmme menge Virriedner zoustëm men, wann et drëm geet, datt et wichteg ass, e klore Statement erëm ze setzen.

Et ass esou, datt mer hei e bëssen hin an hierge rappt sinn tëschent Alliéierten, op där enger Säit den Alliéierten aus der Europäescher Unioun an op där anerer Säit den Alliéierten aus der NATO.

(Interruption par M. Fernand Kartheiser)

An ech mengen, dat ass e Problem, deem mer eis musse bewosst sinn, datt een, wann ee Member an engem méi grousse Veräin ass, net ëmmer mat allem averstane ka sinn, wat all Eenzelnen dovun ner mécht, datt dat awer net d’Existenzberechte gung vun deene jeeweilege Veräiner direkt a Fro stellt, ob dat eng Partei, e Veräin oder en institu tionelle Grupp ass. Et ass nun emol d’Méiglechkeet, datt jiddwereen aner Meenungen huet. Netdestotrotz, hei geet et wierklech ëm Konflikter, déi un d’Substanz ginn. A mir mussen eis wierklech d’Fro stellen, awéifern mer esou Grenziwwerschrei dungen, an dat hei si wuertwiertlech Grenziwwer schreidungen, vun enger Säit toleréieren, ouni och méi ferm Replicken ze maachen, wéi dat mat där heiter Motioun geschitt.

Déi Motioun hei ass e gudden éischte Schrëtt. Et ass dat, wat d’Chamber haut ka maachen als Diplo matie parlementaire, mee ech mengen, datt dat doten net dat lescht Wuert vun deene Konflikter wäert sinn, leider. A mir mussen do wierklech op alle politeschen Niveauen an an alle politeschen Or ganisatiounen, wou Lëtzebuerg vertrueden ass, der fir suergen, datt mer hei erëm zu Ententë kommen, déi fir jiddwereen drobar sinn.