Header for 4. Motion de M. Jeff Engelen au sujet de l’étude sur les raisons pour lesquelles les Luxembourgeois se sont établis dans les pays limitrophes

4. Motion de M. Jeff Engelen au sujet de l’étude sur les raisons pour lesquelles les Luxembourgeois se sont établis dans les pays limitrophes

Dës Ried hunn ech den 18/04/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Motion de M. Jeff Engelen au sujet de l’étude sur les raisons pour lesquelles les Luxembourgeois se sont établis dans les pays limitrophes” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Jo, merci, Här President. Merci och de Virriedner. Dat heiten ass en Theema, mat deem ech mech och schonn an e puer Question­parlementairë befaasst hunn, ënner anerem enger zum Observatoire transfrontalier, wou den Document nach ëmmer en préparation bei der Chamber ass. D’Äntwert ass ukomm, zwar hors délai, mee se ass, mengen ech, bei eis iergendwou hänke bliwwen, well ech gesinn d’Äntwert nach ëmmer net am Portail, dat war d’1887. Op d’Question parlementaire 1900, wou ech d’Familljeministesch a virun allem d’Ministesch fir d’Groussregioun gefrot hat, wéi se sech géif erklären, datt zwëschen 1990 an 2018 a Rhein­land­Pfalz d’Umeldunge vu lëtzebuergesche Staatsbierger vun 805 op 8.250 an d’Luucht gaange sinn, also eng Croissance vun 1.000 % ­ ech mengen, mir hu virdru vill iwwer Prozenter geschwat, hei schwätze mer iwwer 1.000 % Croissance a knapps 30 Joer ­, dorobber huet se gesot, datt eeben deen Observatoire do soll Äntwerte liwweren. Ech freeë mech dofir, déi Etüd ze liesen.

Ech hu mech awer och gefreet ­ an dat wollt ech dem Här Engelen haut wierklech matbréngen ­: D’Chambersbibliothéik ass gutt ekipéiert. Et gouf ewell eng Kéier eng Etüd zu deem Secteur gemaach 2009/2010 vum deemolege CEPS mam Forum Europa an der IGSS, dat heescht dem haitege LISER. Déi hunn e Buch erausbruecht. Ech kann Iech just recommandéieren, et ze liesen, et ass wierklech eng interessant Lektür. Ech ginn och dem Här Engelen herno d’Kopie mat, wann e versprécht, et an der Bibliothéik vun der Chamber erëm ofzeginn, soss kréien ech de Kapp gewäsch.

An da wollt ech nach drop hiweisen, wat nämlech nach net erwäänt ginn ass, dat ass, datt d’Universität der Großregion, wou d’Uni Lëtzebuerg als Grënnungsmember mat dran ass, datt déi hire Center for Border Studies huet, déi och an deem Beräich fuerschen an déi och schonn eng ganz Rëtsch Aarbechte publizéiert hunn, déi, mengen ech, genau déi oppen Dieren arennen, vun deenen de Minister geschwat huet. Mee mir mussen och iergendwann eng Kéier drop agéieren. Etüden, Etüden an Etüde si schéin a gutt, mee d’Reaktioun dorobber däerf net op sech waarde loossen.