Header for 4. Motion de M. Sven Clement relative à l’invitation du Gouvernement à ne pas rendre l’utilisation d’une application de traçage des contacts obligatoire

4. Motion de M. Sven Clement relative à l’invitation du Gouvernement à ne pas rendre l’utilisation d’une application de traçage des contacts obligatoire

Dës Ried hunn ech den 07/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Motion de M. Sven Clement relative à l’invitation du Gouvernement à ne pas rendre l’utilisation d’une application de traçage des contacts obligatoire” gehalen.

a.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Premier huet et elo grad gesot: Et ass puere Chaos um Maart! Et ass puere Chaos, well déi eng, déi wëllen dat eent, déi aner wëllen eppes anescht an déi drëtt, déi wësse guer net, wat et u Léisunge gëtt. Déi eng wëllen zentral Appli katiounen. Déi loosse sech och nach vu Ge heimdéngschter beroden, déi dann natierlech attestéieren, datt déi Daten 100 % sécher wä ren, wa se op engem zentrale Server sinn, esou wéi an England am Moment. Dat ass dee Mo ment, wou ech frou sinn, datt Groussbritannien d’EU verléisst, well dat ass u sech gutt, datt d’Geheimdéngschter zumindest bei eis am Mo ment net matzeschwätzen hunn, ob d’Don néeë bei esou engem System sécher sinn oder net.

D’Wëssenschaft ass sech net eens. Net emol an engem Institut hei zu Lëtzebuerg, dee sech Se curity and Trust nennt, ass ee sech eens, ob een dann elo eng Tracingapp wëllt oder net, ob et eng zentral oder eng dezentral soll sinn. Mee dat ass ganz gutt esou. Dat ass d’Fräiheet vun der Wëssenschaft. Wëssenschaftler solle virdenken. Mee et ass eis Responsabilitéit hei bannen dann, aus deene verschiddene Mess agen eppes erauszekristalliséieren an e poli tesche Message dropzesetzen.

Duerfir hat ech de 17. Mäerz hei eng Motioun deposéiert, déi sech mam Theema vun den Tra cingapplikatioune beschäftegt huet. Dës Mo tioun gouf an d’Kommissioun verwisen, wou dunn den 28. Abrëll an enger dach ganz kons truktiver Kommissiounssëtzung ganz vill Fac teuren op d’Tapéit koumen, an aus där en neien Text ervirgaangen ass, deen dann och haut vun de Fraktioune vun am Ganze 54 De putéierten heibanne matgedroe gëtt. Ech iw werginn Iech dës verbessert Motioun.

M. Fernand Etgen, Président. Merci vill mools.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Jo, am schéinste wier et, mir bräichte keng Tracing app. Am schéinste wier et, mir hätte keng Coronakris.

(Brouhaha)

Jo, dat wär am schéinsten. Déi nächstbescht Léisung an der Coronakris ass den analogen Tracing, eppes, wat mer kennen, eppes, wat dateschutzkonform ass, eppes, wat de Leit hël left, wou e perséinleche Kontakt besteet. Mee mir sinn an engem Europa, mir sinn an enger Europäescher Unioun, mir sinn an enger globa ler Welt. An do kann et sinn, an ech soen, et ka sinn, datt Reesbeschränkunge just fale wäerten, wann dann d’Leit fräiwëlleg kënnen op esou eng App zréckgräifen. An nëmmen da sollt et och zu esou enger App kommen. A falls et zu enger App kënnt, da gëtt dës Motioun, déi re digéiert gouf, der Regierung e kloert Verhand lungsmandat mat.

Mir als Chamber wären déi Éischt an Europa, déi hirer Regierung e kloert Verhandlungsman dat mat op de Wee ginn, en amont. Normaler weis beschwéiere mer eis ex post, wat dann elo erëm diskutéiert a beschloss gouf. Hei hu mir als Parlament emol eng Kéier virgegraff a ge sot, wat net geet.

Wat net geet, an dat geet ganz kloer aus der Motioun ervir, dat ass eng obligatoresch Tra cingapp. Wat net geet, ass en Tracking vun de Leit. Wat net geet, ass, perséinlech Donnéeën op zentrale Serveren ze späicheren. Wat ënner bestëmmte Bedingunge geet, an dann nach ëmmer fräiwëlleg, ass eng dezentral Tracing app, eng App, wou keng perséinlech Donnéeë weidergi ginn, ouni datt d’Persoun, déi se ge neréiert huet, dat explizitt accordéiert.

Mir fuerderen haut awer net nëmmen dat! Mir fuerderen och, datt keen däerf diskriminéiert ginn, deen entweeder keng App installéiere kann oder keng App installéiere wëllt, soudatt een net kann engem verbidden, akafen ze goen, just well e keng App huet. Och dat ass e wichtege Baustee fir ze verhënneren, datt aus enger fräiwëlleger App duerch d’Hannerdier awer géif eng obligatoresch App ginn.

Dann ass et ganz wichteg, datt d’Notzer Prop rietär iwwer hir Donnéeë solle bleiwen. Bis dee Moment, wou den Notzer selwer seet: „Ech iw werdroen elo eppes“, verloosse keng Donnéeë säin Handy. Och dat ass e wichtege Prinzip aus dëser App.

Gläichzäiteg fuerdert d’Chamber mat dëser Motioun, datt de Quellcode ëffentlech muss sinn, soudatt all Notzer dat och ka kontrolléie ren, ob déi Garantien, déi mer hei fuerderen, och ëmgesat ginn. Och dat ass en Zeeche vun Transparenz.

A schlussendlech däerf och keen Tracing ab auen an eng App, déi schonn aner Gesond heetsdaten huet. Och esou soll verhënnert ginn, datt et iergendwou en Abus gëtt an nach Don néeën awer iwwer Ëmweeër matenee verknäppt ginn.

Jo, et wär gutt, wa mer ni eng App bräichten. Mee wa mer vun der Aktualitéit iwwerholl géife ginn oder mat Aschränkunge vun der Reesfräi heet konfrontéiert wieren, dann an nëmmen dann! , muss esou eng App encadréiert ginn. A schlussendlech solle mer evaluéieren, ob dat Ganzt och eppes bruecht huet. Esou schütze mer d’Privatliewe vun de Leit duerch Fräiwël legkeet, Antidiskriminéierung an Transparenz als éischt a bis elo eenzegt Land an der EU.

Ech soen Iech Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Ma Dir hutt en net gelies, Här Kartheiser.

M. Fernand Kartheiser (ADR). Ech erën nere mech, datt déi Partei eng Kéier ugetrue den ass, fir fir d’Grondfräiheeten anzetrieden. Haut ass et déi Partei, déi en Text hei virleet, fir d’Grondfräiheeten anzeschränken. Et ass en Dokument, wat u sech och eis Roll an Europa komplett verkennt. Et ass en Dokument vum vorauseilende Gehorsam, wéi eis däitsch Kol leege géife soen.

Wat mir erwaarde vun der Regierung, dat ass, fir zu Bréissel Nee ze soen! Wat ass iwwerhaapt d’Base légale? Am Gesondheetssecteur huet d’EU keng Kompetenzen. A wéi engem institu tionellen Zenario soll sech dat hei iwwerhaapt ofspillen? Wa Lëtzebuerg Courage hätt a sech géif zu deem bekennen, wat jo hei anscheinend gewollt ass, da solle se sech am Conseil iwwerstëmme loossen! Da soll d’Regierung hei hinner kommen a soen: „Mir hu gekämpft fir d’Fräiheeten! Mir hu gekämpft a mir sinn iw werstëmmt ginn.“ Da weess, éischtens, jidder een, wou d’Regierung steet, an, zweetens, wësse mer, wat d’Europäesch Unioun fir e Cha rakter an dëser Fro huet.

Et ass och en naiivt Dokument. Ech wëll Iech just e puer Beispiller nennen. Da steet hei, mir sollen d’Interoperabilitéit vun esou enger App mat den EUPartner garantéieren, déi och eng dezentral Datespäicherung hunn. A Frankräich, vun deene mer grad héieren hunn, datt se wéilten eng zentral … Wat soe se dann zu Pa räis, wa mir soen: „Är Frontalieren“, oder esou. Vu wéi engem System hänken déi dann of, wann d’Fransouse keng dezentral Späicherung hunn?

A virun allem wat eng Naivitéit! well sou wuel eng zentral Späicherung wéi eng dezen tral Späicherung sinn net sécher, wat den Date schutz ugeet an d’Privatsphär! Och bei der de zentraler Späicherung kann ee retracéieren! Och do gëtt et Gefore fir ze retracéieren.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Wéi dann, Här Kartheiser? Kënnt Der mer dat mathematesch erklären? Well ech mat men gem Hannergrondwësse weess et net.

M. Fernand Kartheiser (ADR). Dir kënnt och vläicht derfir suergen, Här President, datt ech net ënnerbrach ginn!

Dann dat Zweet ass: Hei an dësem Text steet eppes, wou ech mech einfach och aus logesche Grënn nëmme kann driwwer wonneren. Hei steet, „keng zentral Späicherung vun Daten ze erlaben, déi Persounen identifizéiere kënnen“. Jo, mee den Zweck vun der Warnung ass d’Identifikatioun! Well wann een ee wëllt war nen, muss ee kënnen identifizéieren!

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Nee!

M. Fernand Kartheiser (ADR). Also ass dat hei …

Dach!

An dat ass eeben en onlogescht Unhuelen. Dann dat Nächst: „Sécherzestellen, datt Don néeën, och anonymmer, nëmme mam explizit ten Accord vum Utilisateur gedeelt kënne ginn.“ Jo, entweeder et ass een anonym oder et kann een den Utilisateur froen, ob en d’accord ass. Dann ass en awer net anonym! An där Saachen nach!

Wësst Der, d’Realitéit an dëser Saach ass ganz einfach déi heiten: Et gëtt keng Sécherheet, weeder bei zentraler nach bei dezentraler Date späicherung! Et gëtt keng Anonymitéit! An Aus tralien hu se elo e Modell agefouert, soidisant anonym, an et gëtt een nëmmen no Klassen agestuuft. D’Altersklass muss een uginn, d’Tele fonsnummer an de Postcode. Dat ass eng An onymitéit, vun där mer jo kënne wëssen, wat se wäert ass.

Mir hunn hei en Dokument leien, wat mir net matdroen. Mir droen et net mat, well mer eiser Positioun trei bleiwen. Mir wëlle keen elektro neschen Tracing! Mir wëssen, datt mer doran en Iwwerwaachungsstaat ginn! Wa mer eng Kéier esou e Monster aféieren, wësse mer net, wat dermat geschitt.

Hei si Verschiddener ugetruede fir ze soen: „Mir wëllen eng zäitlech Beschränkung. Mir wëllen net, datt aner Krankheeten dropkom men.“ A jidderee seet eigentlech Prinzippien, wou e gläichzäiteg hei weist, datt en ëmfält ën nert deem geréngsten Drock, dee kënnt! Well et ass jo och dat, et ass dat Ëmfalen, wat mech hei stéiert! Wann et vum europäeschen Niveau gewënscht ass, jo, dann ass et jo net méi fräi wëlleg. Dann ass et keng Fräiwëllegkeet! Fräi wëlleg gezwongen!

An do hätte mir gär eng Regierung, déi opsteet a seet: Mir maachen dat doten net mat! Fir eis sinn déi Grondwäerter, de Schutz vun der Pri vatsphär, de Schutz vun der Beweegungsfräi heet … Dat ass et eis einfach derwäert, datt mer géint den europäeschen Drock uginn.

A loosst Iech iwwerstëmmen, Här Bettel oder Madamm Gesondheetsministesch, jee nodeem a wéi engem Conseil dat ass, a weist eis, datt Der fir déi Fräiheet astitt, vun där Der sot, Dir géift se nach héichhalen! Mir als ADR si kloer: Mir si géint eng Tracingapp!

Ech soen Iech Merci.

c.

M. Fernand Etgen, Président. Merci vill mools, Här Kartheiser. Den Här Clement wëllt Iech awer nach eng Fro stellen.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Ech wollt den Här Kartheiser froen, wéi eng … Par don, Här President. Den Här Kartheiser huet elo véier Minutten driwwer geschwat, wat alles net an dëser Motioun steet. An ech wollt e froen, ob e sech dann och véier Minutten Zäit geholl hat, fir déi Motioun ze liesen an ze verstoen, wéi Fräiwëllegkeet dann elo op eemol soll zum Zwang ginn.

Ech hunn et logesch, well en huet sech jo op d’Logik baséiert, net verstanen. Dofir, Här Kart heiser, ech géif ganz gäre wëssen, wéi da Fräiwëllegkeet zum Zwang gëtt.

M. Fernand Kartheiser (ADR). Här Presi dent, dat heiten ass elo e Cours a Logik fir eis PiratenKolleegen. Ech hunn hei eng Motioun, déi d’Piraten viru Kuerzem hei tabléiert hunn, an ech liesen Iech elo mol Sätz vir. Wie se als éischte versteet, gewënnt eng Pizza mat mir, soubal d’Restauranten erëm op sinn.

(Hilarité)

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Dat wëllt keen, Här Kartheiser!

Une voix. Et wëllt kee matgoen, fäerten ech ganz.

(Hilarité)

M. Fernand Kartheiser (ADR). Aus dëse Grënn …

M. Fernand Etgen, Président. Här Kartheiser, mir sinn hei net an enger Tombola.

M. Fernand Kartheiser (ADR). Elo lauschtert emol no, wat eis Piraten u Logik pro duzéieren: „Aus dëse Grënn invitéiert Deputéi ertechamber d’Regierung, keng obligatoresch Tracingapplikatioun, säitens der Regierung, zu Lëtzebuerg zouzeloossen.“ Jo, ass se dann elo obligatoresch säitens der Regierung? Oder wat ass déi genee Interpretatioun vun dësem Saz?

„[…] och bei volontären Applikatiounen, säi tens der Regierung, keng zentral Späicherung vun Donnéeën zouzeloossen.“ Wa se dann obli gatoresch ass oder privat, ass et dann erlaabt? An esou eng Partei, déi an zwee Sätz véier lo gesch Widderspréch produzéiert, brauch eis net ze froen, wéi Logik produzéiert gëtt oder wéi se ze interpretéieren ass! Här Clement, ech géif Iech bieden, gitt zréck an déi elementar Logikschoul.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. O jo, gutt! Dofir sollen al wäiss Männer keng Ge setzer iwwer Internet maachen!