Header for 4. Question élargie n° 5 de M. Sven Clement au sujet du salaire des chargés de cours et des chargés d’éducation

4. Question élargie n° 5 de M. Sven Clement au sujet du salaire des chargés de cours et des chargés d’éducation

Dës Ried hunn ech den 26/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Question élargie n° 5 de M. Sven Clement au sujet du salaire des chargés de cours et des chargés d’éducation” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hat déi Hären Educatiounsminister a Minister fir den ëffentlechen Déngscht an elo ewell zwou parlamentaresche Froen iwwert d’Salairessituatioun vu Chargés de cours a Chargés d’éducation interpelléiert. An dës Froe goufen och deelweis zu menger Zefriddenheet beäntwert. Ënner anerem si mer esou gewuer ginn, datt onkomplett Dossieren zu Retarde féiere kéinten. Dat war, mengen ech, och keng gréisser Neiegkeet. Mä d’Haaptfro ass bis elo net beäntwert ginn, näämlech firwat Chargés de cours a Chargés d’éducation insgesamt an de Méint August, September, Oktober, November Montanten am Cent-Beräich ausbezuelt kruten an och Fiche-de-salairë kruten, wou et ëm Cent- Beträg geet.

A menger parlamentarescher Ufro Nummer 0103 hunn ech nach eng Kéier nogefrot, wéisou dat dann ass. A virun allem firwat dat och Leit betraff huet, déi scho méi laang an hirem Beruff sinn, also virum August agestallt ware beim Stat an dann nom August erëm agestallt waren.

Den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht huet mer dunn an der Äntwert duergestallt, wéi sech déi ganz kleng Iwwerweisungen, déi verschidden Employéen erhalen hunn, kéinten erkläre loossen. Sou huet de Minister geschriwwen, datt dës ganz kleng Bäiträg ausbezuelt ginn, wann dës, ech zitéieren: „Duerch eng verspéiten Deklaratioun vun zousätzleche Remplacements-Stonnen, dem retroaktiven Ausbezuele vun enger Familljenzoulag, dem Zréckbezuele vu Steieren oder dem Ajustement vum Steierkreditt duerch de Centre de gestion du personnel et de l’organisation de l’État, kuerz CGPO, bei der Clôture vum Steierjoer am Dezember entstane sinn.“

Dës Elementer vun der Äntwert si sécherlech hëllefräich, hëllefen awer Persounen, déi eng Masuttsrechnung ze bezuelen hunn a kee Salaire kruten, respektiv Persounen, déi e Loyer oder e Prêt ze bezuelen hunn, ganz wéineg, wa se dräi Méint oder méi op hiren definitive Salaire waarde mussen. Virun allem, well dës Recalculle jo zousätzlech zu enger regulärer Pai missten ausbezuelt ginn an net amplaz vun dësen.

Och huet eng Äntwert op d’Fro gefeelt, wéi esou eng Situatioun zustane ka kommen. Well laut eisen Informatioune krute vill Betraffener beim CGPO och net wierklech weidergehollef respektiv e Grond genannt (veuillez lire: respektiv genau gesot), wou hir Dossieren dann dru wären. Se kruten Äntwerten am Stil vun: „Dat ass eben esou.“ Oder: „Sidd frou, datt Der e bëssi Salaire krut, anerer kruten nach guer näischt.“

Wann eng betraffe Persoun ewell am Schouljoer 2017/2018 beim Stat geschafft huet, war hiren Dossier also bis de 15.07.2018 komplett, se krut jo e Salaire. Wéi kann et da kommen, datt en dann de 15.09. am nämlechte Joer spontan net méi komplett ass? Vläicht hu sech do Piècen a Loft opgeléist.

Do dernieft stelle sech awer op Basis vun de Froen 0025 an 0103 nach e puer weider Froen, näämlech: Wéi vill Persounen, déi scho virun der Rentrée dëst Joer als Chargé an enger Schoul täteg waren an deenen hir Kontrakter fir déi lescht Rentrée weidergelaf sinn, kruten tëschent August an dem Datum vun haut wärend mindestens engem Mount keen oder en ze gerénge Salaire bezuelt? Wéisou ass et zu dëse Verspéidungen a Feelbeträg beim Ausschëdde vu Salairë komm?

Wéi héich ass de Gesamtmontant u Salairen, déi säit August 2018 verspéit u Persounen, déi scho virun der Rentrée agestallt waren, ausbezuelt goufen? A wéi erkläert d’Regierung sech, datt 2.254 Agente bei der Rentrée onkomplett Dossieren haten? Waren déi nei Employéen iwwerfuerdert mat der Unzuel vu gefuerderten Dokumenter? Oder sinn d’Dokumenter villméi vu staatlecher Säit aus ze lues iwwermëttelt ginn? Do kann ee jo zum Beispill u Steierkaarten an Äänleches denken.

Dir gesitt, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, hei geet et ëm eng substanziell Zuel vu Persounen, déi méi wéi ee Mount op hir Salairen hu musse waarden. Wärend dëst am Privatsecteur relativ séier vun der ITM sanktionéiert gëtt, ass et am ëffentlechen Déngscht, grad bei Chargéen, mä och bei neie Fonctionnairë scheinbar üüblech, méintelaang op den éischten oder op en neie Salaire ze waarden. Mir kenne Fäll vu Betraffenen, déi sech nach dës Woch gemellt hunn, déi haut, am Mäerz vum Joer drop, nach op hire Salaire vum September waarden. Wéi sollen déi hire Creancieren erklären, datt se net bezuele kënnen, well de Stat hire Salaire nach net ausbezuelt huet? Dës Froe sollen e bëssi Luucht op dës Situatioun werfen a virun allem och d’Fro opwerfen, wéi d’Regierung gedenkt, dës Situatioun an Zukunft ze verbesseren.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten).- En huet mer net op déi lescht Fro geäntwert, Här President.

M. Fernand Etgen, Président.- Den Här Minister huet op déi lescht Fro geäntwert, en huet op d’Froen alleguer geäntwert. An den Här Minister huet Iech och gesot gehat, …

M. Sven Clement (Piraten).- Ech hu gefrot, wéi d’Regierung gedenkt, dës Situatioun an Zukunft ze verbesseren.

M. Fernand Etgen, Président.- … datt, wann Der nach gäre weider Präzisiounen hätt, hien a seng Beamten Iech gären zur Verfügung stinn.

(Interruptions)