Header for 5. Débat sur la déclaration du Gouvernement à l’égard de la situation actuelle de la pandémie du Covid19

5. Débat sur la déclaration du Gouvernement à l’égard de la situation actuelle de la pandémie du Covid19

Dës Ried hunn ech den 09/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Débat sur la déclaration du Gouvernement à l’égard de la situation actuelle de la pandémie du Covid19” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech wollt just nach eng Kéier kuerz op d’Motioun agoen. Et ass esou, ech hunn et a menger Ried gesot, et gëtt am Moment eng Hellewull u Congéen, déi sech un déi aktiv Leit an der Zivillgesellschaft riichten. Dat ass de Congé sportif, dat sinn d’Congéë fir de Service de secours, fir d’Kooperatioun. Hei geet et wierklech drëm, fir emol eng Kéier ze kucken: Wéi ginn déi benotzt? Wéi vill gi se benotzt? An ob et net Sënn géif maachen, se ze regrup péieren. Mee dat ass en Ergeebnis och vum Prozess, wou mer eeben net d’Donnéeën haut hunn. An et ass d’Zil, fir déi ze kréien, fir en Debat doriwwer ze lancéieren, wéi een dat méi einfach fir d’Leit ka maachen.