Header for 5. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’état actuel de la stratégie d ’exploitation et de la recherche scientifique concernant les technologies « 4G », « 5G » respectivement « 6G »

5. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’état actuel de la stratégie d ’exploitation et de la recherche scientifique concernant les technologies « 4G », « 5G » respectivement « 6G »

Dës Ried hunn ech den 18/06/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’état actuel de la stratégie d ’exploitation et de la recherche scientifique concernant les technologies « 4G », « 5G » respectivement « 6G »” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, vill- mools Merci, Här Wagner, fir déi gutt Buch- rezensioun. Da weess ech, wat ech den Owend op Amazon kann zesummeklicken …

(Brouhaha)

… oder natierlech bei de Buchhändler vum Ver- trauen hei lokal da kafe ginn.

Une voix.- Bei den „LetzShop“ muss ee goen.

M. Sven Clement (Piraten).- Dir hutt just vergiess, eis ze soen, wéi vill Stären et soll kréien.

Wa mer iwwert de 5G schwätzen, da muss ee feststellen, datt mer awer e bësse spéit u sinn, wann ee vergläicht, datt an der Schwäiz schonn Territoiren ënner 5G-Tester lafen, déi méi grouss si wéi Lëtzebuerg an der ganzer Gréisst.

Dat heescht, amplaz Pionéier ze sinn am 5G- Beräich, ass Lëtzebuerg hei éischter e Follower. Mir hunn also, anstatt de Wee no vir ze weisen, éischter erëm dropgeklickt, fir einfach nëmmen nozekucken.

Bei 5G geet et och technesch net primär ëm d’Vitesse vun der Transmissioun, mä et geet ëm d’Latenz. Dat ass eppes, wat haaptsächlech, wann ee vill kleng Kommunikatiounen huet, wichteg ass. Dofir bréngen eis och Aussoe wéi „et ass 1.000-mol esou séier“ oder „1.000-mol méi séier“ net weider. Et geet drëm, wéi vill méi séier de Verbindungsopbau ass, an net, wéi vill mer erofluede kënnen.

Da wollt ech awer vläicht op e fundamentale Kritikpunkt beim 5G ze schwätze kommen, an dat ass: Wa mer en zu Lëtzebuerg aféieren – an ech hoffen, datt mer dat séier wäerte maa- chen -, da musse mer bei der Verdeelung vun de Frequenzen – an dat ass eppes, wat hoheit- lech Missioune sinn – derfir suergen, datt mer d’Netzneutralitéit festschreiwen, datt mer also garantéieren, datt all Contenu op deem Reseau d’nämlecht behandelt muss ginn, datt mer Zero-Rating verbidden, deen haut schonn do- zou féiert, datt verschidde grouss Konzerner weider hir Monopoler kënnen ausbauen, wärend d’Start-uppe strukturell benodeelegt ginn.

A mir mussen d’Netzofdeckung garantéieren, well 5G benotzt méi héich Frequenzen. A wien an der Physik opgepasst huet, weess, wat d’Frequenz méi héich gëtt, wat se manner gutt duerch Bëton geet, wat se manner gutt duerch Beem oder Weideres geet. An deementsprie- chend brauche mer méi Antennen. Mir brau- chen déi Antennen also op deene richtege Plazen. A mir mussen dat bei der Verdeelung vun de Frequenzen onbedéngt festschreiwen.

Anstatt Technikignoranz an Technikfeind lech- keet a Besuergung hei nëmmen no vir ze droen, sollte mer kucken, wéi mer dat heite positiv gestalte kënnen, wéi mer derfir suerge kënnen, datt jiddwereen an de Genoss vun neien Technologië kënnt, an dat egal, wéi säi Portmonni ausgesäit.

Villmools Merci.