Header for 5. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du bilan et des perspectives du space mining

5. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du bilan et des perspectives du space mining

Dës Ried hunn ech den 31/01/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du bilan et des perspectives du space mining” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt Mënschen no de Stäre gräifen, ass net nei. An elo, wou quasi e Goldrausch ëm d’Weltraumressourcen ausgebrach ass, ass et dach nëmmen normal, datt erëm méi Mënschen, an dorënner och d’Lëtzebuerger Regierung, no de Stäre gräifen, jo no de Ressourcen, déi een do fanne kann.

Mir sinn net der Meenung, datt eng Regierung an deem Kontext kee Risiko dierft agoen. Ganz am Contraire! Heiansdo ass et néideg, e Risiko anzegoen, fir weider no vir ze kommen. Et ass awer d’Fro, wéi een herno domadder ëmgeet, wat als Resultat erauskënnt. An do si mer dann dach e bëssen enttäuscht, wéi oft een huet missen nohaken, nofroen, kritiséieren, ëffentlech interpelléieren, fir un de Kär vun der Saach ze kommen.

Mir sinn nach ëmmer net ganz zefridde mat den Äntwerten, déi mer kruten. An dofir, mengen ech, ass et och gutt, datt mer haut nach eng Kéier iwwert den Dossier diskutéieren.

Dofir hätte mir eis erwaart, datt den Echec bei Planetary Resources méi transparent, méi oppen opgeschafft gi wier. Et gëtt e schéine Sproch: „Bei engem Goldrausch, sich net no Gold, wann s de Schëppe verkafe kanns!“

Als klenge Stat, deen et duerch de Marketing vun der Regierung dach gepackt huet, op der Stärekaart vum Space Mining opzetauchen, sollte mir eis also zu engem Rôle als Schëppeverkeefer hin orientéieren an net zum Goldsichenden.

D’SES-Geschicht ass dee beschte Beweis derfir, datt een net selwer muss no Gold sichen, wann ee ka Servicer offréiere fir déi Firmen, déi dat maachen.

Dofir géife mir eis wënschen, eis Souveränitéitsnischen esou ze notzen, datt mer eben net dee ganz grousse Risiko aginn, mä datt mer en adequate Risiko aginn, fir eben deene Leit, deene Firme Servicer ze verkafen an domadder Firmen unzelackelen, déi genau dat maachen, déi ebe bereet sinn, de grousse Risiko ze droen.

Mir als Piraten sinn net der Meenung, datt et um Stat ass, Héichrisikokapitalgeber ze sinn, mä mir sinn der Meenung, datt de Stat sollt e mesuréierte Risiko agoen, fir Servicer ze offréieren, fir datt déi, déi wierklech e Risiko wëllen agoen, dat kënne maachen.

Villmools Merci.