Header for 5. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du télétravail et de la nécessité de son implémentation régulée au sein des institutions et entreprises

5. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du télétravail et de la nécessité de son implémentation régulée au sein des institutions et entreprises

Dës Ried hunn ech den 20/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du télétravail et de la nécessité de son implémentation régulée au sein des institutions et entreprises” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, ech soen der CSV Merci, datt se den Tele travail haut ënnert der Form vun enger Aktuali téitsstonn nach eng Kéier an d’Diskussioun bréngt. Do gesäit een, datt d’Theema Digitali séierung och an der gréisster Vollekspartei vum Land ukomm ass. Wa mer géifen d’Riedezäiten no de Parteien opdeelen, déi sech am intensi ivsten a scho fréi mam jeeweilegen Theema auserneegesat hunn, dann hätten d’Piraten haut wuel direkt no der CSV geschwat, well mir Piraten stinn zanter Laangem hannert der Iddi vum Teletravail an der Digitaliséierung insge samt. Et däerf een net vergiessen: Mir sinn als Partei vun der Digitaliséierung gegrënnt ginn.

D’Coronakris huet gewisen: Den Teletravail ass keng Zukunftsmusek méi, mee ass a Rekordzäit zu der Reegel ginn, dat och a Betriber, déi dem Homeoffice bis ewell skeptesch géintiwwers toungen. Nieft steierlechen Aspekter fir d’Fron talieren an dem Droit à la déconnexion stellen och Cyberattacken den Teletravail nach wie vor op d’Prouf. D’Gefor vun DoSAttacken ass wärend der Kris massiv eropgaangen an d’Ha cker profitéiere vu geschwächten ITInfrastruk turen, fir sech an d’Systemer anzeschleisen a wäertvoll Informatiounen ofzezapen.

Dëst gëtt confirméiert vun enger rezenter Pu blikatioun vun Europol, déi viru Ransomware an DDoSAttacke warnen. Jee méi Leit vun do heem aus schaffen, desto méi grouss ass d’Ge for vun esou Attacken, déi am schlëmmste Fall de komplette Betrib läme kënnen. Och kritesch Infrastrukture wéi Spideeler si vun esou Cyber attacken net verschount.

Eng grouss ITSécherheetsfirma schwätzt an en gem viru Kuerzem publizéierten trimestrielle Rapport vun enger „alarméierender“ Menace. Duerch d’Covid19Kris huet sech dës Menace dann och verännert. Doduerch datt ëmmer méi Leit vun doheem aus schaffen, läit de Schwéierpunkt ëmmer méi op virtuelle private Reseauen, déi vu ville Standuerter aus ze erree che sinn, déi vu baussen erreechbar sinn. Do wou fréier d’Donnéeën am Fort vun enger Societéit gehale goufen, si se op eemol méi op pen. Dat ass natierlech eng optimal Konditioun fir DDoSAttacken, déi dës Netzwierker geziilt iwwerlaaschten an de System zum Abroch brénge kënnen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer den Teletravail wierklech wëlle stäerken a laangfristeg wëllen etabléieren, da musse mer de Betriber och déi néideg Berodung zur Säit stellen, fir sech kënnen un de rapid changéie renden digitale Kontext unzepassen. Fir dës Cyberresilienz ze garantéieren, brauchen d’IT Infrastrukture vun de Betriber an Institutiounen adequate Schutz virun DDoSAttacken, eng ef fikass Mitigatioun vu BotAttacken, eng gutt WebApplicationFirewall; an nach eng ganz Rëtsch weider Wierder. Wann ech se elo hei opzielen, géif ee mengen, mir wären am Engleschcours ukomm, well leider ginn et dofir keng lëtzebuergesch an och ganz seele fran séisch oder däitsch Equivalenten.

(Interruption)

All dës Sécherheetsmoossname kaschten haut desdaags vill Suen. Gutt Informatiker sinn ëmkämpft, mee mir sollten de Sécherheets aspekt an dëser Debatt net vernoléissegen. Här President, mir si säit Laangem Verfechter vum Teletravail. Vun doheem aus schaffen, bitt net nëmmen de schaffende Leit e Virdeel, mee et erméiglecht dem Staat och laangfristeg, Mil liounen un Investissementer an d’Infrastruktur ze spueren. Manner Trafick op de Stroossen heescht: méi Leit doheem. Manner Trafick op de Stroossen heescht och, datt d’Leit, déi awer nach mobill musse sinn, manner Zäit am Stau verbréngen, domadder dann erëm méi Zäit fir hir Famill hunn.

Am Homeoffice sinn d’Weeër vill méi kuerz. Et gouf wärend der Covidkris ganz heefeg de Geck op Facebook gemaach, datt een dann elo vum Bett bis an de Büro just nach e puer Minutte bräicht anstatt eng Stonn. Ech men gen, jiddweree vun eis, dee jo och e bëssen am Homeoffice konnt iwwert d’Videokonferenze profitéieren, huet déi Erfarung gemaach, datt et vun der Schmier moies bis hin op de Büro vill méi séier goung a vill manner Stau war wéi üblech.

(Interruption)

Verschiddener hunn d’Schmier dann och mat op de Büro bruecht, och dat ass besser, wa se dat doheem maachen, wéi wa se dat géifen am Auto maachen an herno nach en Accident géife produzéieren.

(Interruption)

Mir mussen awer natierlech och un déi Leit denken, déi net vum Teletravail kënne profi téieren. Fir dës Leit sollte mer eng Opwäertung vun hirem Beruff virgesinn, sief dat am Botzsec teur, um Bau oder an all anerem Beruff, wou d’Unerkennung bis elo feelt.

Här President, mir begréissen, datt haut iwwert den Teletravail geschwat gëtt. Ma mir wën schen eis och endlech en entspriechend Ge setz! Doriwwer eraus musse mer endlech e Crédit d’impôt aféieren, deen et den Home worker erlaabt, sech adequat doheem ze ekipéieren. De Kolleeg Marc Baum huet et vir dru gesot: Et däerf net vum Akommes ofhän geg sinn, ob ech mer dann elo déi néideg In ternetleitung ka leeschten, fir matzemaachen. Et däerf och net sinn, datt mer iwwert déi ak tuell steierlech Incentives déi Leit belounen, déi e grousst Haus hunn, wou ech mäi Büro do heem hunn, en eegene Raum, wou ech einfach kann noweisen, datt ech deen zu 90 % fir den Homeoffice benotzen an dofir iwwert d’Frais d’obtention fir de Cabinet de travail à domicile komplizéiert Wuertkonstruktioun , also fir den Homeoffice kann ofzesetzen.

Well, déi, déi an engem Appartement, an en gem Studio wunnen, wou de Kichendësch op eemol zum Büro gëtt, déi op engem Kichestull mussen de ganzen Dag sëtzen, fir am Büro ze schaffen, déi kënne vu manner steierlechen Opportunitéite profitéiere wéi deen, deen a bessere Konditioune sech kann en Homeoffice ariichten. Dat däerf an eisen Aen net sinn! Mir mussen do déi néideg fiskalesch Outile prepa réieren an en place setzen, fir datt jiddweree kann ergonomesch am Homeoffice schaffen, datt ee sech richteg ekipéiere kann.

An ech hoffen, datt mer steierlech net nëmmen deenen hëllefen, déi genuch Plaz fir en dediéierte Büro hunn, mee all Salarié, dee sech doheem muss ekipéieren.

(Coups de cloche de la présidence)

An dofir, Här President, iwwerreechen ech Iech och nach eng Motioun, déi genee dat fuerdert. An ech soen Iech Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Dann zu menger Motioun ganz kuerz. Ech kann och domadder liewen, déi an d’Kommissiounen ze verweisen. Ech géif awer mengen, net an déi dräi nämmlecht Kommissi oune wéi der CSV hir Motioun, well ech mengen, datt meng éischter d’Cofibu an d’Ëmweltkommissioun betrëfft, net onbedéngt d’Aarbechtskommissioun. Wann d’Aarbechts kommissioun sech mat hirem honorabele Presi dent awer och wéilt rejoignéieren, da sinn ech net opposéiert. Ech hat se awer éischter un déi zwou aner Kommissioune geriicht.

Merci.