Header for 5. Heure de questions au GouvernementQuestion n° 98 du 11 février 2020 de M. Sven Clement relative à un inventaire des entreprises possédant des biens immobiliers au Luxembourg sur la base de données c adastrales, adressée à M. le Ministre des Finances

5. Heure de questions au GouvernementQuestion n° 98 du 11 février 2020 de M. Sven Clement relative à un inventaire des entreprises possédant des biens immobiliers au Luxembourg sur la base de données c adastrales, adressée à M. le Ministre des Finances

Dës Ried hunn ech den 11/02/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Heure de questions au GouvernementQuestion n° 98 du 11 février 2020 de M. Sven Clement relative à un inventaire des entreprises possédant des biens immobiliers au Luxembourg sur la base de données c adastrales, adressée à M. le Ministre des Finances” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Präisser vun den Terrainen, Appartementer an Haiser gi weider an d’Luucht. D’Alarm luuchte gi sou lues parteiiwwergräifend un, wa se net schonn u sinn.

De Logement ass e reelle Problem. Dat ass mëttlerweil, mengen ech, jiddwerengem hei banne bewosst. A mir Piraten begréissen, datt d’Chamber sech dorëm wëllt këmmeren, wa mer iwwer Logement, mee eeben och iwwer Aarmut schwätzen.

Leider gesi mer awer och, datt dës räisseresch Theeme ganz séier a bëllege Populismus kën nen ofdriften, wou deen ee géint deen anere kann ausgespillt ginn, wou gesot gëtt: „Deenen enge gehéiert dat eent, deenen anere gehéiert näischt.“ Mee d’Fro stellt sech: Wiem gehéieren da wierklech d’Terrainen zu Lëtzebuerg?

De LISER huet an der Vergaangenheet relativ heefeg Etüde gemaach, déi d’Besëtzverhältnis ser sollte méi kloer maachen. Si hunn drop hi gewisen, wéi wéineg Terrainen am Besëtz vum Staat sinn. Si hunn awer keng Analys konnte maachen, wéi vill Terrainen am Besëtz vu wéi vill Firmen oder finanzielle Konstrukter sinn. Well ech mengen, dat ass déi grouss Fro!

D’Fro stellt sech net: Huet eng Firma een Ter rain? Da stellt sech d’Fro nämlech: A wéi grouss? Mee et stellt sech och d’Fro: Wéi eng Firmen oder Fongen hu ganz vill Terrainen? An ech mengen, an deem Kontext muss ee sech ganz bewosst d’Fro stellen. Mir hunn iwwert de Kadaster d’Méiglechkeet, d’Proprietéitsverhält nisser erauszefanne vun den Terrainen.

Wär de Minister bereet, dem Kadaster d’Mis sioun ze ginn, dës Donnéeën an enger adequa ter Form dem LISER zur Verfügung ze stellen, fir esou eng Etüd ze maachen, déi kloerstellt, wéi vill Betriber wéi vill Terrainen hunn? Dat heescht am Kloertext fir ze gesinn, ob d’FISen eng reell Unheefung vun Terrainen duerstellen oder ob se tatsächlech ëmmer nëmme fir een zel Projete benotzt ginn.

Ech mengen, mir brauchen e faktebaséierten Debat, an dofir wär esou eng Etüd néideg. An dofir wollt ech de Minister ganz konkreet froen, ob e bereet wär, dës Donnéeën der Etüd zur Verfügung ze stellen.

M. Fernand Etgen, Président. Merci vill mools, Här Clement. D’Wuert huet den Här Fi nanzminister Pierre Gramegna.

M. Pierre Gramegna, Ministre des Fi nances. Här President, léif Kolleegen aus der Regierung, Dir Dammen an Dir Hären, merci fir dës Fro. Ech muss se awer elo vläicht nach eng Kéier liesen, well wann ech elo d’Explicitatiou nen héiere vun der Fro, war dat do guer net erauszehéieren.

(Interruption)

A jo, jo, jo: „ […] géif ech gären dem Finanz minister eng Fro stellen zu engem Inventaire vun den Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg Immobi lie besëtzen, dat Ganzt op Basis vun de Kadasterdonnéeën.“ An zum Schluss vun Ärer Interventioun hutt Der d’Wuert „FIS“ gebraucht. Jo, wann dat de Sujet war, da wär ech Iech dankbar, dat Wuert op d’mannst an der Fro opzewerfen. Also, ech muss soen, ech si wierk lech elo iwwerrascht gewiescht. E Minister däerf am Fong geholl ni iwwerrascht sinn, mee ech war iwwerrascht!

(Hilarité générale)

Une voix. Et ass awer schéin, datt en et seet!

M. Pierre Gramegna, Ministre des Fi nances. Majo, ech ginn dat gären zou. Dat hat ech doranner net gelies. An dofir hat ech eng Äntwert virbereet, déi ech och wäert soen.

(Hilarité générale et interruptions)

An ech wäert awer och op d’FISen äntwerten. Also zu de FISe kommen ech dann am zweeten Deel.

Am éischten Deel wollt ech soen, dass mer eng immens oppe Politik hunn am Kadaster. Ech muss Iech soen, à tel point, dass ech heiansdo hannerfrot hunn, ob dat gutt wier, dass dat esou op ass. Ech hu mech natierlech missen iwwerzeege loossen, wéi dat mer heiansdo ge schitt, dass Transparenz d’Wuert vun dësem Joerzéngt ass an dass alles transparent ass. An da soll et och am Kadaster esou sinn, soudass jidderee kann do froen, wie Proprietär ass vun engem Terrain, wie Proprietär ass vun engem Gebai, an da kritt een déi Informatiounen, ouni musse berechtegt ze sinn, firwat oder einfach aus Virwëtz: „Wien ass Proprietär vum 16, ave nue de la Gare?“, an da kritt een dat gesot. Dat ass jo wonnerbar! Also méi schéi geet et net! An dann hu mer e Geoportail, dee gratis ass. Et ass ee vun deene modernsten op der ganzer Welt a mir wäerten och weider de Ka daster moderniséieren.

Bref, ech hat geduecht, dat wär den Angle vun der Fro, an ech wollt Iech nach villes driwwer erzielen, dat erzielen ech Iech elo net, well dat war jo net den Objet.

Den Objet ass den FIS, de Fonds d’investisse ment spécial. Den I ass also Fonds „d’investis sement“an net „immobilier“, mee natierlech kann een Immobilien an engem Fonds d’inves tissement spécial detenéieren. An et steet am Koalitiounsaccord, an ech kann Iech och soen: „Mir schaffen drop, fir déi Abusen, déi an deem Domän geschéien, ze ënnerbannen.“

Et ass esou, dass effektiv Immobilien an esou speziell Investitiounsfonge gesat ginn an dass een dat kann zu Konditioune maachen, déi, fis kalesch gesinn, extreem avantagéis sinn, iw werdriwwen avantagéis. An dofir wäerte mer dat änneren.

Wann dat Är Fro war, kann ech Iech beroue gen, dat wäert geännert ginn.

M. Sven Clement (Piraten). D’Fro war zwar, ob Dir d’Donnéeë vum Kadaster dem LISER fir eng Etüd eeben zur Verfügung géift stellen, agregéiert.

M. Pierre Gramegna, Ministre des Fi nances. Ma elo, wou ech d’Fro héieren an dat Wuert LISER héieren, wat och net hei drasteet, soen ech Iech just: Ech wäert dat nokucken, an op Basis vun Informatiounen, déi ech vu béide Säite kréien, wäert ech Iech nach eng Kéier gä ren op déi Fro äntweren.

Merci villmools.

Plusieurs voix. Très bien!

M. Fernand Etgen, Président. Merci dem Här Finanzminister. Ech wëll just rappeléieren: Wann ee gären eng prezis Äntwert hätt, da muss een eng prezis Fro stellen.

(Interruptions)

An domadder komme mer elo zur Fro Nummer 99.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, et ass eng mëndlech Fro, keng schrëftlech Fro. An d’mëndlech Fro war, men gen ech, ganz prezis formuléiert, ob d’Don néeën un de LISER géife kommunizéiert ginn.

M. Fernand Etgen, Président. Wann ee gären eng prezis Äntwert hätt, da misst een awer och dem Minister d’Méiglechkeet ginn, fir am Fong geholl d’Elementer ze hunn, fir kën nen dorobber ze äntweren.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, ech muss deem widderspriechen. Eng mëndlech Froestonn ass eng mëndlech Froestonn. Wa mer elo ufänken, hei d’Froen ze maachen …

(Brouhaha général)

Fait personnel, wann Der et esou wëllt wëssen.

(Exclamations)

Mme Simone Beissel (DP). Esou eng Prozedur gëtt et net!

M. Sven Clement (Piraten). A, do sinn der wuel e puer getrëppelt!