Header for 5. Interpellation de M. Claude Wiseler au sujet de la participation luxembourgeoise à la prochaine Conférence sur l’avenir de l’Europe

5. Interpellation de M. Claude Wiseler au sujet de la participation luxembourgeoise à la prochaine Conférence sur l’avenir de l’Europe

Dës Ried hunn ech den 12/02/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Interpellation de M. Claude Wiseler au sujet de la participation luxembourgeoise à la prochaine Conférence sur l’avenir de l’Europe” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, eng Konferenz fir all eenzelne Bierger aus der gan zer Europäescher Unioun. Net manner huet sech déi nei Kommissiounspresidentin virge holl, wéi se deklaréiert huet, dass um Europa dag eng zweejäreg Konferenz mat europawäi ter Biergerbedeelegung ugoe soll. Dat ass am bitiéis.

Dat ass awer och néideg. Well duerch ver schidde participativ Diskussiounsronnen, Aar bechtsgruppen an Onlinetools sollen d’Bierge rinnen a Bierger aus der EU hir Iddie fir d’Zu kunft vun Europa an hir Kriticken um aktuelle Fonctionnement vun der EU zum Ausdrock brénge kënnen. Sämtlech Diskussiounen zu Bréissel solle gefilmt a live iwwerdroe ginn an duerno als Video opgeruff kënne ginn. Esou soll all Bierger d’Chance kréien, d’Zukunft vun Eu ropa matzegestalten. Sollt dat geléngen, wär et e Grondstee fir participativ Demokratie an Eu ropa.

Fir datt dëse Projet gelénge kann, ass et awer wichteg, dass all d’Memberlänner aus der Uni oun matmaachen an hire Bierger mat konkree ten nationale Projeten op europäeschem Ni veau eng Stëmm ginn. Niewent de Projeten, déi vun der EU koordinéiert ginn, huet Lët zebuerg d’Chance, eegen Initiativen opzeset zen an esou zu méi politescher Participatioun bäizedroen.

Dofir soen ech dem Claude Wiseler Merci, dass hien dës Interpellatioun ugefrot huet a mer esou en Austausch zu dësem wichtegen Theema kënnen hunn.

Här President, bei aller Euphorie, déi een dë sem Projet géintiwwer kann hunn, däerf een awer och net vergiessen, wéi eng Ëmstänn iw werhaapt dozou gefouert hunn, datt d’Europä esch Kommissioun decidéiert huet, eng partici pativ Konferenz an d’Liewen ze ruffen. De Kol leeg Marc Baum huet virdru gesot, de Jean Claude Juncker hätt seng Kommissioun schonn zur „Kommissioun vun der leschter Chance“ deklaréiert. Ma da muss ee sech d’Fro stellen: Vun der wivillter Chance ass déi heiten dann? Den Ëmgang mat der Finanz a Wirtschaftskris, der Flüchtlingskris an domat verbonnen déi eu ropäesch Onfäegkeet, koordinéiert a gëeent ze reagéieren, hunn den Europäer hiert Vertrauen an d’Europäesch Unioun erausgefuerdert.

Et ass net nëmmen a Groussbritannien, wou d’Biergerinnen an d’Bierger lues a lues d’Ver trauen an den europäesche Projet verluer hunn, en erodéiert ëmmer méi. Wann esou héich Prozentzuelen, wéi virdrun zitéiert, vu Biergerinnen a Bierger soen, datt se dach wëlle méi matschwätzen, méi wëlle gehéiert ginn, da sollt dat net en Unzeeche vu Freed bei eis sinn, da sollt eis dat éischter Angscht maachen. Well dat heescht, datt se sech net gehéiert fillen, datt d’Biergerinnen an d’Bierger, déi 83 %, déi soen, si wéilte méi Gehéier fannen, sech haut net genuch gehéiert fillen.

Dofir hu warscheinlech bei der leschter Europa wal mat enger Walbedeelegung, déi säit 20 Joer net méi esou héich war, d’Biergerinnen a Bierger gewisen, datt hinnen eppes um Projet läit, mee datt se awer wëlle matdiskutéieren. Ech mengen, ech maachen elo hei keng Wala nalys iwwer, wat d’Wielerinnen a Wieler wëllen, dat ass nämlech esou eppes relativ Opaques an ëmmer schwéier erauszefannen. Wat een awer ka feststellen, ass, datt d’Biergerinnen a Bierger interesséiert sinn, datt se wëllen hir Zukunft matgestalten.

Mee amplaz de Wielerwëllen oder zumindest den Ausdrock vu Participatiounswëllen eescht ze huelen an de Spëtzekandidateprinzip, dee jo grouss ugekënnegt gouf, och unzewennen, hunn d’EUInstitutiounen d’Vertraue vun de Bierger eng weider Kéier erausgefuerdert an dës Kéier souguer wierklech ënnergruewen. Et muss ee kee Frënd vun dësem Prinzip sinn, mee wann ee virun de Walen eppes seet, sollt een et no de Walen halen.

Eng Kandidatin, déi virun der Wal a kengster Weis thematiséiert gouf, krut um Enn de Poste vun der Kommissiounspresidentin. Datt dës Presidentin, déi an hirem Amt also net op eng demokratesch Legitimatioun zréckgräife konnt, elo d’Demokratie stäerke wëllt, ass also méi eng Noutwendegkeet wéi puren Idealismus. Et kann ee bal soen: „Mir sinn um Buedem ukomm.“ Wann d’EU d’Bierger nach weider vi run de Kapp stéisst, dann ass och dee leschte Fonke Vertraue verluer an dann ass et net méi ofzegesinn, wat aus dem Projet vun der EU wäert ginn.

Dat heescht, dës Zukunftskonferenz ass vläicht eis allerlescht Chance, aus de Feeler aus der Vergaangenheet ze léieren an den Engagement fir den europäesche Projet erëm opliewen ze loossen.

An dat heescht och, datt et wichteg ass, dëse Projet net zu enger purer Scheinparticipatioun verkommen ze loossen. Bierger politesch parti cipéieren ze loossen heescht net, einfach nëm men all hir Iddien a Kriticken ze sammelen, fir duerno awer genee dat ze maachen, wat ee vun Ufank u maache wollt, just mat der Legiti matioun, datt ee jo elo awer wierklech de Bier ger gefrot hat. Biergerparticipatioun muss sech souwuel op en den Agendasetting wéi och op d’Entscheedungsprozesser erstrecken.

D’Konzept vum Bierger setzt Souveränitéit an domat d’Muecht, Entscheedungen treffen ze kënnen, viraus an dat däerf an dësem Projet fir d’Zukunft vun Europa net vergiess ginn. Poli tesch Participatioun virzespillen, wou a Wierk lechkeet just al Muechtstrukturen am Hanner grond oprechterhale ginn, steigert d’Frustrati oun vun de Biergerinnen a Bierger a verletzt hiert Vertrauen an eis Demokratie nach weider.

Dofir ass et wichteg, datt Europa, mee och Lët zebuerg sech gutt op déi kommend Confé rence sur l’avenir de l’Europe virbereede fir ze verhënneren, datt zwee Joer laang d’Biergerin nen a Bierger probéieren, sech politesch anze bréngen, just fir duerno ze erkennen, datt se sech am Kär awer fir näischt engagéiert hunn, well sech näischt geännert huet. Ech denken, esou eng Entwécklung wär mat engem Ver trauensverloscht verbonnen, dee fir laang Joren irreversibel wär.

Zu wéi enge Konsequenzen d’Zukunftskonfe renz an zwee Joer och komme wäert, et ass also onerlässlech, datt d’Resultat an enger offi zieller Wal muss bestätegt ginn, fir d’Souveräni téit vun de Bierger ze garantéieren.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir hunn also eng Aufgab virun eis, déi net einfach ass. Dofir freeën ech mech, wéi gesot, awer ëmsou méi, datt mer haut zesummekommen, fir dëse wich tege Sujet ze debattéieren, an hoffen, um Enn vun der Regierung schonns éischt Piste presen téiert ze kréien, fir gewuer ze ginn, wéi Lët zebuerg säin Deel zu dësem europäesche Projet bäidroe wäert.

Ech mengen, de Premier huet en éischte Jet vu méi abstrakte Pisten opgeworf. Et ass elo de Moment fir déi méi konkreet Pisten. D’Méig lechkeete vum digitalen Zäitalter bidden hei natierlech eng ganz Rei Opportunitéiten. Déi sollte mer net op der Säit loossen. Als Ergän zung zu traditionelle Konferenzen, un deene Bierger physesch deelhuelen kënnen, erméigle che Liveiwwerdrounge mat Onlinechats et de Mënschen, vun doheem aus politesch aktiv ze ginn.

Iwwerdeems kéint een op Websäiten iwwer länger Zäitraim Ëmfroe maachen. Et kéint ee souguer Ëmfroe widderhuelt bei deenen nämmlechte Leit maachen, fir ze gesinn, wéi iwwert déi zwee Joer hir Meenung zu verschid dene Punkten evoluéiert. Dat Ganzt, ouni datt mer an enger „Zäitelitt“ gefaange sinn. Et ass wichteg, datt jiddweree sech un dëser Konfe renz bedeelege kann, an net nëmmen déi, déi Zäit hunn, fir sech ze deplacéieren, déi Zäit hunn, fir sech Saachen an engem Livestream unzekucken, mee et muss méiglech sinn, dat Ganzt och asynchron esou ze consomméieren an esou dann och ze participéieren, wéi déi eenzel Leit Zäit hunn.

Ech mengen, et ass vill ze dinn. Kommt, mir paken et un! Ech mengen, datt d’Resolutioun, déi de Claude Wiseler deposéiert huet, e puer Pisten dofir opweist, wéi och d’Chamber dat méi aktiv kéint begleeden. Ech sinn nach net mat alle Punkten dorauser zu honnert Prozent averstanen, mee ech mengen, et ass eng gutt Ausgangsbasis, fir en Debat ze hunn, wéi dës Chamber hir Responsabilitéit an esou engem grousse Projet dach selwer ka wouerhuelen.

Ech soen Iech Merci.