Header for 5. Interpellation de M. Marc Spautz au sujet de l’évolution du secteur de la santé et du secteur socioéducatif en termes de personnel

5. Interpellation de M. Marc Spautz au sujet de l’évolution du secteur de la santé et du secteur socioéducatif en termes de personnel

Dës Ried hunn ech den 07/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Interpellation de M. Marc Spautz au sujet de l’évolution du secteur de la santé et du secteur socioéducatif en termes de personnel” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech soen och als Éischt eng Kéier dem Kolleeg Marc Spautz hei e grousse Merci dofir, datt en dat Theema op den Ordre du jour gesat huet. Wéi en am Januar, esou wéi en dat och virdru gezielt huet, deen heite Punkt op den Ordre du jour geholl huet, du war d’Welt eng aner. Mir ware virun enger Kris, mee et war eis net bewosst, datt zwee Méint drop déi Interpellatioun ganz vill un Aktualitéit géif gewannen, eng Aktualitéit, déi mer eis net gewënscht hätten. An ech mengen, mir wären alleguerte ganz frou gewiescht, wa mer zum ursprénglech geplangten Datum am Mäerz hätte kënnen iwwert dat heiten Theema schwät zen an eis net hätte misse mat engem État de crise beschäftege respektiv missen deen État de crise geréieren.

Et ass kruzial, hunn ech gesot, an et ass kruzial aus deem ganz einfache Grond, well mer hei wierklech vu systeemrelevante Beruffer schwät zen. Mir schwätzen hei net vu Beruffer, déi een einfach esou ersetze kann, a mir schwätzen och net vu Beruffer, déi een einfach esou léiere kann. Et gëtt e Grond, firwat grad am sozioeducative Beräich et Zougangshürde ginn, et gi Krittären an et gi ganz kloer Formatiounspläng.

Wat meng Virriedner scho gesot hunn, ass: Eise Gesondheetssystem ass haut immens ofhängeg vu Leit, déi am Ausland liewen. Firwat? Bon, dat eent, dat si sécherlech d’Salairen, déi e Facteur hei spillen. Dat Zweet ass awer sécherlech och, datt mer et net fäerdegbréngen, genuch Leit hei zu Lëtzebuerg auszebilden. An do muss ee sech da jo awer d’Fro stellen: Wourunner läit dat, datt mer et net fäerdegbréngen, an engem esou räiche Land wéi Lëtzebuerg esou systeemrele vant Beruffer adequat auszebilden? Läit et dorunner, datt de Programm ze schwéier ass, ze kondenséiert ass?, wat een aus dem Secteur ree gelméisseg héiert, datt d’Schülerinnen an d’Schüler sech beschwéieren, datt de Programm dach awer ganz kondenséiert ass an datt hinnen einfach d’Zäit feelt, fir besser ze ginn, fir dat Ganzt ze packen. Ass et, well d’Offer u Forma tioun net duergeet?

Bref, ech mengen, datt mer eis hei wierklech mussen d’Fro stellen: Wéi kënne mer an Zukunft d’Unzuel vun den Absolventen hei zu Lëtze buerg an d’Luucht setzen, an dat net nëmmen am Interêt vu Lëtzebuerg, mee am Interêt vun der Groussregioun? Well et däerf een net vergiessen, all eenzelnen Employé, deen aus der Groussregioun op Lëtzebuerg schaffe kënnt, dee feelt natierlech a sengem respektiven Duerf a senger respektiver Stad.

De Marc Baum huet virdru gesot: „Wann d’Gre nzen zougaange wären, dann hätte mer ganz domm hei aus der Wäsch gekuckt.“ A fir eebe grad dat ze verhënneren, sollte mer hei weider Efforte maachen.

Dann, ech hunn et ugeschwat, d’Ausland. D’Ausland, dat ass heefeg an deem heite Beräich d’Groussregioun. Mee d’Ausland geet awer och vill méi wäit, an do geet et dann ëm d’Koordina tioun, wat d’Unerkennung vun den Diplomer ugeet.

Ech mengen, et gi ganz vill Leit, déi eeben net hei zu Lëtzebuerg e Gesondheetsberuff léieren, mee dat an deene verschiddensten Héichschou len oder weiderféierende Schoulen am Ausland maachen, ob dat an der Belsch, Däitschland oder Frankräich ass. Verschiddener komme sou guer vun nach méi wäit hier. An do, mengen ech, misste mer nach weider Efforte maachen, fir d’Unerkennung vun den Diplomer ze verein fachen, awer och dat Ganzt vill méi einfach un zegläichen.

Här President, et ass sécherlech esou, datt d’Ge sondheetswiese virun Erausfuerderunge steet, virun Erausfuerderunge stoung déi lescht Wochen a Méint. A wann ech iwwert d’Bildung an iwwert d’Konditioune vun der Bildung am Gesondheetswiese schwätzen, da kommen ech net ëmhin, awer den Elefant am Raum och nach eng Kéier unzeschwätzen, an dat ass den Nei bau vum LTPS. Elo wësse mer, datt deen Neibau amgaang ass, datt d’Baggere rullen an datt et an déi richteg Richtung geet. Ech mengen, datt et do vläicht an der Vergaangenheet e bësse lues gaangen ass, datt ech hoffen, datt mer déi Lenteur administrative, déi do deelweis dra war, an Zukunft net méi hunn an datt de Projet wierklech fristgerecht fäerdeg gëtt. Well dat ass, mengen ech …

(Interruption)

Jo, hoffentlech kënnt net nach eng Kris dozwëscht! Hoffentlech geet et esou weider, wéi dat geplangt ass!

An da schwätzen ech awer iwwert den zweete Volet, deen de Marc Spautz hei ugeschwat huet. Dat war jo net nëmmen de Gesondheets secteur. Dat ass och de Beräich vum Sozioedu cativen. Den Interêt fir e Beruff am sozialen an am educative Beräich ass grouss. Mee eppes, wat direkt an d’A fält, wann een eng Kéier d’Ofschlossklasse kucke geet, dann ass dat d’Genderbalance, oder besser gesot an deem heite Fall d’Genderimbalance, well mir schwät zen hei dach vun enger Verdeelung vun … An de Minister huet sécherlech méi genau Zuele wéi ech, mee ech hunn dat elo Pi mol Daum gekuckt op de Fotoe vun de Klassen. Do hat ech esou d’Gefill, et wären ee Véierel Männer an dräi Véierel weiblech Schülerinnen. Hei ass also e Beräich, an deem gesellschaftlech Ste reotyppen dach nach relativ present sinn.

An do misst ee sech d’Fro stellen: Wéi kënne mer de Beruff vum Educateur méi attraktiv maachen och fir männlech Schüler?

(Interruption)

Jo, ech weess, weiblech Schülerinnen, dat kënnt op dat nämmlecht eraus.

De Beruff vum Educateur weist, datt mer e Besoin hunn. Mir sinn och frou, datt mer déi Educateuren hunn, well grad elo och erëm an der Kris si mer frou, datt se d’Kanner konnten accompagnéieren. A grad eeler Leit, mee och jonk Leit. Also ech mengen, den Educateursbe ruff ass e Beruff, wou een un deenen zwee Enner vum Liewen am jonken Alter vill mat hinnen ze dinn huet an deelweis am soziale Beräich da mat änleche Beruffsbiller méi spéit am Liewen nach eng Kéier ze di kritt. Dat heescht, et ass gutt a mir sollten als Lëtzebuerg och houfreg sinn, datt mer esou eng Offer kënne liwweren.

Ech wollt awer just nach ganz kuerz vläicht och eppes soen, wat d’sozial an d’educativ Beruffer ugeet. An do geet et ëm de Jugendchômage. An do stellen ech mer d’Fro, ob, wa mer déi Beruffer géife méi valoriséieren … Mir mierke jo, datt eng Demande do ass. Déi Demande ass do, well et kommen all Dag esou vill, Honner ten, voire Dausende Grenzgänger aus der Groussregioun op Lëtzebuerg, fir an deene Beruffer ze schaffen. Wa mer déi Beruffer also valoriséiere kéinten, wa mer déi Ausbildung kéinten esou maachen, datt méi Leit et packen, da kéint ee sécherlech och hei eppes maache géint de Jugendchômage, wou Lëtzebuerg haut dach leider déi drëtt Plaz vun där falscher Richtung aus anhëlt a kuerz hannert Spuenien a Griichenland dach bal 25 % vun de Jugendle chen am Chômage sinn.

Ech sinn der fester Iwwerzeegung, datt een hei zwou Mécke mat enger Baatsch kéint schloen, andeem een eng Ausbildung méi interessant géif maachen, e Beruffsbild oder Beruffsbiller méi valoriséiere géif an doduerjer dann och kéint eppes maache fir Leit, déi hei zu Lëtze buerg no enger Aarbecht siche respektiv se en amont opzefänken, datt se guer net eréischt an d’Situatioun kommen, eng Aarbecht mussen ze sichen, well se an e Beräich erakommen, wou immens Leit gesicht ginn.

Ech soen also nach eng Kéier dem Marc Spautz Merci fir d’Initiativ an ech hoffen, datt mer haut net fir d’lescht iwwert dat Theema schwätzen, mee datt dat heiten den Ufank ass vun engem Prozess, deen déi Beruffer valoriséi ert an hir Ausbildung wierklech an de Mëttel punkt stellt.

Ech soen Iech Merci.