Header for 5. Ordre du jour

5. Ordre du jour

Dës Ried hunn ech den 19/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Ordre du jour” gehalen.

a.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass wouer, wat d’Kolleege viru mer gesot hunn. Et gëtt interpretéiert, et gi Saache strikt ausge luecht, déi ech tel quel net am Reglement fannen, wann et ëm d’Questionparlementairë geet.

Am Reglement, Artikel 82 (2) steet, datt eng Question parlementaire « avec concision et sans commentaires » soll gestallt ginn. Do steet näischt dovunner, datt een eng ëffentlech Firma, déi op den Aktiemäert cotéiert ass, net däerft erwänen. Ech krut nach all Question parlemen taire, säit ech gewielt gouf, wou en Numm vun enger Firma dran opgetaucht ass, wou deelweis de Staat Aktionär dran ass, rejetéiert! Ech misst den Numm vun der Firma eraushuelen, ech misst schreiwen: « une grande société d’inté rêts » oder « une grande société active dans le domaine de … ».

Ganz éierlech: Wat ass dat fir e Brach?! Mir sinn dach hei net kleng Kanner, déi mussen den Numm vun enger Firma ëmschreiwen, déi op den Aktiemäert ass. Mir mussen net driwwer dis kutéieren oder eis Lektiounen erdeele loossen, wéi eng Froen der Regierung geneem sinn oder wéi eng se a wéi engem Delai ka beäntwerten!

Am Reglement steet, Artikel 82 (1): „All De putéierten huet d’Recht, Froen un d’Regierung ze stellen.“ Dat muss priméieren! Et geet net drëm, ze jugéieren, ob déi Fro ze komplex ass, fir an engem Delai ze äntwerten. D’Fro vun der Urgence ass nämlech net: Wéi komplex ass d’Fro? D’Fro vun der Urgence ass: Wéi urgent ass d’Fro?!

A wann ech kucken, mat wéi enger Vitess déi Covid19Kris hei jo awer komm ass, mat wéi enger Vitess mer hu missen handelen, da sinn ech frou, datt méi Froen als urgent unerkannt goufen, mee ech stelle mer d’Fro, ob net nach vill ze heefeg Froen net als urgent ugesi goufen. Well d’Delaien, an deene mir reagéiere kënnen, sinn ultra kuerz.

An dat Zweet an elo hu mer iwwer Delaie geschwat : Ech hu mech déi lescht Sëtzungen heibanne wierklech zesummegerappt, a mir waren eis alleguerte parteiiwwergräifend eens, datt mer et mat den Delaie vun de Questionpar lementairen, déi virun der Kris gestallt goufen, net géifen esou enk gesinn. Mee et schockéiert dach awer, datt nach ëmmer Questionparlemen tairen opstinn, déi net d’Urgence haten, wou keen d’Urgence gefrot huet, mee déi och nom Delai vun engem Mount net beäntwert goufen! A spéitstens do muss ee sech dann awer d’Fro stellen: Wéi seriö hëlt d’Regierung dëst héicht Haus, wa se op déi Froen, déi legitimm vum Reglement virgesi sinn, déi akzeptéiert goufen, déi ëmgeschriwwe goufen, fir datt se akzep téiert goufen, no engem Mount keng Äntwert gëtt? An dat ouni en Délai supplémentaire unzefroen!

Well ech erënneren nach eng Kéier un d’Regle ment: Mir ginn der Regierung d’Méiglechkeet, fir e Bréif ze schreiwen an en Délai supplémen taire unzefroen, deen da kann accordéiert ginn oder net kann accordéiert ginn; iwwregens ass et och de President, deen dat jugéiert. Nee, se froen net emol d’Prolongation du délai un! Do muss ee sech iergendwann eng Kéier d’Fro stellen, ob mer net alleguerten heibanne mussen d’Responsabilitéit huelen an all Kéiers den Dag, nodeem den Delai vun engem Mount ofgelaf ass, eis Froen hei mëndlech ze stellen, esou wéi et am Reglement virgesinn ass.

An, Här President, ech kann Iech ukënnegen, wa mer an där Fro hei net allze séier Satisfaktioun kréien, datt ech vun deem Recht, wat am Reglement steet, wäert Gebrauch maachen. Ech soen Iech Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten). Awer net bei enger staatlecher Firma, Här President! (Exclamations)

M. Marc Goergen (Piraten). Also wann echgelift!

(Interruptions)

M. Sven Clement (Piraten). D’Luxair! Wat ass …

(Brouhaha)

M. Fernand Etgen, Président. Ech wëll domadder soen, Här Clement, datt et net nëm men déi Artikele sinn, déi Dir hei invoquéiert hutt …

M. Sven Clement (Piraten). Mee den Artikel, deen Dir invoquéiert, gëtt et net.

M. Fernand Etgen, Président. Den Artikel ass iwwert d’Froen, deen am Fong geholl véier verschidde Reien huet, wat d’Konditioune sinn, déi dat konditionéiere vun deenen Elementer, déi mir mussen a Consideratioun zéien.

Här Roth, Dir wollt och nach Äre Pefferkär bäileeën.

Plusieurs voix. O!

M. Sven Clement (Piraten). Här President!

(Exclamations)

Mme Nancy Arendt épouse Kemp (CSV). Dat kann dach net sinn, dat doten!

M. Sven Clement (Piraten). Also …