Header for 5. Question urgente n° 2390 de M. Sven Clement relative au test de dépistage de la Covid19 à l’Aéroport de Luxembourg

5. Question urgente n° 2390 de M. Sven Clement relative au test de dépistage de la Covid19 à l’Aéroport de Luxembourg

Dës Ried hunn ech den 16/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Question urgente n° 2390 de M. Sven Clement relative au test de dépistage de la Covid19 à l’Aéroport de Luxembourg” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, säit dem 29. Mee ass um Findel erëm Betrib. No bal zwee Méint Paus sinn déi éischt Fligeren da mat deenen ënnerschiddlechsten Destina tioune fortgeflunn an och erëm zréckkomm. Hoffentlech, an dat ass, mengen ech, d’Hoff nung, déi mer alleguerten hunn, ouni d’Krank heet erëm mat op Lëtzebuerg ze bréngen!

D’Airlines hu sech selwer engagéiert, fir ver schidde Sécherheetsmesuren u Bord respektiv och um Airport ze huelen. Gläichzäiteg huet den 30. Mee de Mobilitéitsminister zesumme mat der Direction de la santé annoncéiert, datt jiddwereen, deen um Findel ukënnt, sech ka gratis teste loossen. Et kann een also och schonn op der Plaz um Findel en Test maachen an domadder relativ séier wëssen, ob een da krank ass oder net. Fir datt dat funktionéiert, kritt jiddwereen e Bong, mat deem e sech da kann teste loossen, entweeder um Findel oder an engem vun den agreéierte Laboratoiren. Zanterdeem déi Tester ugebuede ginn, gëtt et awer nach eng zweet Moossnam, déi d’Airlines op Basis vun enger Recommandatioun vun der International Civil Aviation Organization, der ICAO, geholl hunn. An entschëllegt, wann ech elo nach e puer englesch Wierder benotzen: U Bord vun all Fliger muss am Moment op Uwei sung vun den Airlines e sougenannte „Public Health Passenger Locator Form“ ausgefëllt ginn. Wat no vill kléngt, ass essentiellement en DIN A4Blat, wou ee perséinlech Donnéeë muss uginn: Donnéeën, wien een ass, wou ee souz am Fliger, mat wiem ee reest, wouhinner ee reest, wou een déi nächst 30 Deeg ze erree chen ass a wien am Zweifel een déi nächst 30 Deeg erreeche kann. Dat heescht, hei ginn och Donnéeë vun Drëtten, déi net forcement am Fliger sëtzen, matrepertoriéiert.

Dës Donnéeë gi legal erhuewen, dorunner be steet wéineg Zweifel. Mee no eise Kenntnisser si leider schonn um Findel oder bei Passagéier, déi iwwert de Findel transitéiert sinn, positiv Covid19Tester duerchgefouert ginn, dat heescht, déi éischt positiv Tester um Findel hu stattfonnt. An en conclusioun dovunner huet, erëm eisen Informatiounen no, d’Direction de la santé bei der betraffener Airline nogefrot, fir d’Donnéeë vun deene sougenannte „Public Health Passenger Locator Forms“ ze kréien. Elo ass et esou, datt mer am Kader vun der Covid19Gesetzgeebung, iwwert déi mer jo e Méindeg sollen ofstëmmen, iwwer en Amende ment parlementaire eebe grad eng Base légale geschafen hunn, datt déi Donnéeë kënne verschafft an accedéiert ginn.

Et stellt sech also fir mech d’Fro, Madamm Ministesch: Kënnt Dir confirméieren, datt d’Di rection de la santé oder eng aner Administra tioun d’Passagéierdonnéeën, déi op dëse For mulairë gespäichert sinn, ugefrot hunn? A falls jo, op Basis vu wat fir enger Base légale ass dat geschitt?

An dann déi zweet Fro: Kënnt Dir confirméie ren, datt Passagéier um Findel zanter dem 29. Mee positiv op de Covid19 getest goufen? Falls jo, wivill Fäll sinn dat? An huet d’Santé hir Kontakter retracéiert? A wa jo, goufen déi aner Passagéier u Bord doriwwer informéiert? A falls jo, mat wat fir enger Datebasis?

Ech soen Iech Merci.

(Brouhaha)