Header for 6. Déclaration de M. Franz Fayot, Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire, sur la politique de coopération au développement et de l’action humanitaire, suivie d’un débat

6. Déclaration de M. Franz Fayot, Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire, sur la politique de coopération au développement et de l’action humanitaire, suivie d’un débat

Dës Ried hunn ech den 20/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Déclaration de M. Franz Fayot, Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire, sur la politique de coopération au développement et de l’action humanitaire, suivie d’un débat” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Pre sident. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, da kucke mer emol, ob d’technesch Problemer mat engem Pirat um Mikro sech opléisen oder ob se weider bestinn.

Wéi Der Iech vläicht nach erënnere kënnt, hu mer hei an dësem Sall viru Kuerzem ewell iwwert d’Mo tioun vun deene Lénken, vum Marc Baum, geschwat, wou et jo drëm goung, fir ze hëllefen, de Budget vun der Kooperatioun net ënnert den Niveau vun 2019 falen ze loossen. Dës Motioun gouf vun de Regierungsparteien an der ADR ofge leent, wat mir Piraten bedaueren.

Den Här Minister huet eis virdrun nach eng Kéier en Iwwerbléck iwwert d’Zuele ginn, iwwert déi abso lutt Zuelen. An et gëtt sech e bësse verstoppt han nert deenen absolutten Zuelen, déi an d’Luucht ginn, also vum nächste Joer par rapport zu dësem Joer, well wa mer genau kucken an och déi abso lutt Zuele kucken, wäert d’nächst Joer nach ëmmer ausgi gi fir Entwécklungshëllef wéi d’lescht Joer.

Elo kann een doriwwer streiden, wéi déi genau ze kontabiliséiere sinn a wéi vill dovunner, ob dat elo 30, 40 Millioune sinn. Um Enn vum Dag de Kolleeg David Wagner huet et gesot spillt et u sech keng grouss Roll, wa mer de Gesamtstaatsbudget kucken, ob et der elo 30 oder 40 sinn, virun allem wann ee bedenkt, datt déi nämmlecht Regierungs majoritéit, déi hei d’Motioun vum Kolleeg Baum rejetéiert huet, plangt, fir eng Augmentatioun, eng Rallonge vun engem Projet vun engem Militärsatel litt ze froen, déi e Multipel vun där Diminutioun vun der Entwécklungshëllef ass.

Duerfir, Här President, iwwerreechen ech Iech eng Motioun, fir eng Iddi opzegräifen, déi de Kolleeg Paul Galles virdrun opgeworf huet, nämlech déi, fir e Seuil minimal ze fixéiere vun der Moyenne vun deene leschten dräi Joer an der Entwécklungshël lef.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, den Zuele vun der Unesco no kann et sinn, datt d’nächst Joer eleng wéinst Covid 24 Millioune Schüler a Schülerinnen net méi zréck an d’Schoul kënne goen! Dës Kanner verléieren hir Chance op Bildung wéinst enger sanitärer Kris. Déi meescht vun hinne wäerten de Wee an d’Schoul ni méi kënnen untrieden. Hir Chance op Bildung kënnt net méi erëm.

Virun allem d’Meedercher wäerte vun dëser Kris betraff sinn. Wa si nämlech net méi an d’Schoul kënnen, mussen d’Elteren eng aner Léisung fir se fannen. Vill ze heefeg besteet dës Léisung aus Ma riage forcé a verfréitene Schwangerschaften. A ville Länner ginn also ganz Joergäng vu potenziell gutt ausgebilte Matbiergerinnen a Matbierger ver luer, an domat och d’Chance, fir mat deenen hirer Hëllef selwer eng Wirtschaft op d’Been ze stellen, déi krisefest ass an déi e gewëssene Liewensstan dard fir Land a Leit kéint garantéieren.

Der Unicef no kéint Corona derfir suergen, datt déi éischte Kéier zanter 20 Joer d’Zuel vun de Kanner, déi a Kanneraarbecht gezwonge ginn, erëm klëmmt. Wann d’Elteren d’Kanner net méi kënnen an d’Schoul schécken, wou se versuergt ginn an eppes z’iesse kréien, si se forcéiert, d’Kanner schaffen ze schécken.

Scho virun dëser Kris hunn äermere Länner Milliar den an hirem Bildungssystem gefeelt. An duerch déi Kris brauchen och dës Länner méi Suen, fir hire Schoulsystem um Lafen ze halen, Sue fir Desinfek tiounsmëttel, Masken an deemno wéi Material fir OnlineCoursen ze halen. De Global Education Monitoring Report vun der Unesco schätzt, datt do nach eemol 50 Milliarden u Käschte kéinten ufalen. Wann d’Länner dës Zomm net kënnen opbréngen, verléieren d’Kanner d’Chance op e Bildungs ofschloss a Mannerjäreger mat Handicap wäerten am schlëmmste betraff sinn. Fir dëse Mënschen also weiderhin eng Chance ze ginn, brauchen dës Länner déi néideg finanziell Mëttel, mee oft sinn dat Suen, déi d’Länner selwer einfach net hunn.

Vill gouf hei vu Kolleege scho vu perséinlechen Experienze geschwat. An erlaabt mer och eng kleng Anekdot ze erzielen, well ech an enger ONG aktiv sinn, déi a Bolivien aktiv ass, a Bolivien, eebe grad am Bildungssecteur. An och déi betreien haapt sächlech vulnerabel Kanner. Kanner, déi schonn en immens wäite Wee fir an d’Schoul hunn an duerfir drop ugewise sinn, fir méi no bei der Schoul an engem Internat ze logéieren. Duerch d’Covidkris gouf natierlech als Éischt, an dat mécht och sanitär Sënn, d’Internat zougemaach an et gouf drop ver wisen, datt elo och a Bolivie kéint Homeschooling, Onlineschoul stattfannen, Schoul doheem.

Mee dat, wat hei zu Lëtzebuerg „Schoul doheem“ heescht, wou een dach eng gutt flächendeckend Internetverbindung huet a wou déi meescht et, mat Opwand zwar, mee déi meescht et hikritt hunn, fir sech ze ekipéieren, fir eebe genau déi Schoul do heem kënnen ze iwwerliewen, do muss een drop hiweisen, datt eebe grad a Bolivien, wann een e bësse méi wäit ewech wunnt, esou wäit ewech, datt een da muss am Internat wunnen, „Schoul doheem“ net dat nämmlecht ass wéi bei eis. Well, éischtens, Internetverbindung ass e bësse méi schwiereg do an, zweetens, d’technesch Ekipemen ter derfir sinn nach vill méi schwéier ze kréien a géife Famillje fir Generatioune quasi an de Ruin stierzen, wann déi Äermste vun deenen Äermsten och nach mussen an IT investéieren. An da kënnt derbäi, datt dat Land, an deem déi Leit gebuer sinn, d’Suen net hunn, fir jiddwerengem déi Chancen ze ginn, déi déi Kanner verdéngt hunn.

Hei ass also Entwécklungshëllef gefuerdert. Hei si mir gefuerdert, fir ze weisen, datt eis d’Schicksal vun deene vulnerabele Kanner net egal ass! Hei mussen déi méi räich Länner och mat der Zivillge sellschaft zesummeschaffen, fir ze hëllefen, esou zum Beispill duerch d’Kooperatioune wéi dem Glo bal Partnership for Education, eng international Plattform, déi weltwäit mat nationalen an interna tionalen Acteuren zesummeschafft, fir d’Bildung an Entwécklungslänner no vir ze bréngen.

Lëtzebuerg ass hei schonn engagéiert. Dës Platt form eleng huet net méi spéit wéi dës Woch e wei deren Hëllefsprogramm lancéiert, dee fënnef Mil liarden Dollar u 87 Länner verdeele wäert, fir esou d’Bildung fir bis zu 1 Milliard Kanner ze garantéie ren. 5 Milliarden, fir 1 Milliard Kanner ze hëllefen, dat si 5 Dollar op de Kapp! Dat muss eis d’Bildung wäert sinn!

Dës Sue kéinte spéider, wann een dat dann alles duerchrechent, ganzen 18 Millioune Mënschen direkt hëllefen, fir der Aarmut ze entkommen! D’Or ganisatioun schätzt, datt dës Suen och indirekt wäerten d’Zwangshochzäite vun engen 2 Millioune Meedercher kënne verhënneren.

Ech fannen, fir Mënschen en dignet Liewen ze er méiglechen, däerft een u sech kee Präis dropset zen!

Lëtzebuerg muss also och weiderhi seng finanziell Engagementer héichhalen, well Suen, déi haut fee len, fir e Bildungssystem ze finanzéieren, déi feele muer an der Wirtschaft vun deene Länner, déi be traff sinn.

D’Unesco schätzt, datt fir all Dollar, deen een an de Bildungssystem fléisse léisst, herno 10 bis 15Dollar méi am PIB sinn. All Euro, dee mer also haut an Entwécklungshëllef stiechen amplaz a Mili tärkooperatioun, huet an e puer Joer en entschee denden Impakt op d’wirtschaftlech Situatioun an eise Partnerlänner. Et ass fir elo ze hëllefen, fir haut esou vill wéi méiglech Kanner eng Chance op e bessert Liewen ze erméiglechen, wa mer wëllen, datt dës Länner eng besser Zukunft hunn.

Duerfir musse mer dëse Länner mat Rot an Dot a finanzielle Mëttelen zur Säit stoen, fir datt se hire Wee fannen, ee Wee, wou se net méi mussen iergendwellech Backroomdeals mat Länner wéi China agoen a kënne selwer decidéieren, wat se mat hirem Territoire an hire Ressourcë maachen. Bis dohi musse mer eise Partnerlänner wéi dem Burkina Faso oder dem Laos och weiderhin ënnert d’Äerm gräifen.

Eis Kooperatiounspolitik muss duerfir op Nohalteg keet opgebaut sinn. Och wann d’Theema vum Klimawandel fir e kuerze Moment op d’zweet Plaz gerutscht ass, esou dierfe mer net vergiessen, datt all Joer, wat mer net notzen, fir dëse Länner ze hël lefen, hir Klimaziler ze erreechen, e verschwentent Joer ass.

De Klimawandel trëfft fir d’éischt déi äermsten an déi vulnerabelst Länner op der Welt. Elo scho leide vill vun hinnen ënner Dréchenten an Iwwerschwem mungen. Millioune vu Mënsche kënnen net méi an hirem Land bleiwen a mussen op d’Hëllefsberee t schaft vun anere Länner hoffen.

Duerfir muss Lëtzebuerg och weiderhi mat Länner wéi dem CapVert zesummen un engem Plang fir nohalteg Kooperatioun schaffen, dëst net nëmmen duerch d’Ënnerstëtze vun nationale Bildungssyste mer, mee och vu klenge lokale Firmen, déi sech op erneierbar Energië konzentréieren. Duerch d’Vergi vu Mikrokreditter huet Lëtzebuerg d’Chance, fir Entreprisen ze ënnerstëtzen, déi net nëmmen Aar bechter am Secteur vun erneierbaren Energien astellen, mee och ausbilden. Duerch esou Projete kënne mer de Leit hëllefen, ouni se an eng nei Ofhängegkeet ze stierzen.

Duerfir soll d’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef och net op e Quid pro quo ausgeluecht sinn. Dës Länner solle kënne vun eisem Knowhow an eisen Hëllefe profitéieren, ouni datt se doduerch gezwonge sinn, iergendwellech Dealer mat eisem Land oder eiser Fi nanzplaz auszehandelen. Eis Entwécklungshëllef soll en Investissement an dës Länner, hir Bevëlke rung awer och hir Zukunft sinn an net eng staatlech Obligatioun, wou mer all Joer Dividende froen an dann och nach zielen.

D’Piraten fuerderen duerfir, datt d’Kooperatiouns politik vun eisem Land onofhängeg vun de wirt schaftlechen Interesse bleift.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Lëtze buerger ONGen an och aner auslännesch Hëllefsor ganisatioune maachen hiert Bescht, fir dës Projeten op d’Been ze stellen, a mir mussen hinnen duerch méi einfach Bürokratie a méi koordinéiert Efforten hëllefen, fir dat Bescht aus deene Moyenen ze maa chen, déi se hunn.

Et gouf haut schonn ugeschwat: Heiansdo geet een eng Schoul kucken, déi vun engem Land finan zéiert gouf, de Pëtz vun engem aneren an d’Spill plaz vun engem drëtten, ouni datt déi dräi Länner matenee geschwat hunn. D’EU huet do Moyenen, fir besser koordinéierend Mechanismen amplaz ze setzen, an et gëtt dréngend Zäit, datt dës Mecha nismen och tatsächlech um Terrain ze gesi sinn!

D’Hëllef vu Lëtzebuerg an aneren europäesche Länner ass e wichtege Schrëtt, fir d’Zuel vun de Leit ze verréngeren, déi sech mussen op de Wee maachen, fir aus hirem Land ze flüchten, well se keng Liewensmëttel oder Energiesécherheet hunn. Wa mer also och am Interêt vun der sozialer Kohä sioun vun Europa handele wëllen, fir dëse Leit en dignet Liewen do ze erméiglechen, wou se gebuer sinn, da musse mer och am Subsahara weider in vestéieren.

Och op anere Plazen op der Welt gëtt fräiwëlleg a finanziell Ënnerstëtzung dréngend gebraucht, esou zum Beispill am Burkina Faso, wou Lëtzebuerg sech bis elo ëmmer als Partner agesat huet. Am leschte Joer koum et do zu der Krisesituatioun, iwwert déi mer scho geschwat hunn. An duerch dee Konflikt steigt d’Onsécherheet, eng Onsé cherheet, déi derzou féiert, datt d’Ernärungssé cherheet net méi garantéiert ass.

Vill Fräiwëlleger bleiwen doheem. Déi, déi och vläicht wéilten am Land hëllefen, komme guer net méi dohinner, well d’Grenze scho virdrun zou waren an duerch d’Pandemie och nach länger Zäit wäer ten zou bleiwen. Esou kënnt et zu Situatiounen, wou am Burkina Faso d’Elteren hir Kanner net méi an d’Schoul schécken, well se ëm hir Sécherheet besuergt sinn. An deene Géigenden, wou et nach e bësse méi sécher ass an d’Kanner kéinten an d’Schoul goen, feelt et dann awer deelweis u Per sonal, fir hinnen eppes bäizebréngen.

Fir den nächste Mount sinn elo Presidentschafts walen am Burkina Faso ugekënnegt. Mee wann et esou geet wéi 2015, wäerten dës zu nach méi In stabilitéit am Land féieren.

Lëtzebuerg huet sech als Partner verflicht, de Leit an deem Land ze hëllefen, fir sech e bessert Liewen opzebauen. Wa mer keng Leit méi dohinner reese loossen an d’Finanzéierungsméiglechkeete fir Projete kierzen, dann hu mer guer näischt méi gemaach! Also loosst eis wéinstens net d’Finan zéierungsméiglechkeete fir Projeten um Terrain kierzen, fir datt eis Partnerschaft méi ass wéi nëm men en Engagement um Pabeier! Et muss en Enga gement bleiwen, wat op der Plaz ukënnt, och an Zäiten, wou een eebe grad net méi selwer op d’Plaz kënnt.

An och am Niger, en anert Partnerland vu Lëtze buerg, ass nom Choleraausbroch d’lescht Joer d’Land nach ëmmer an enger kritescher Konditioun. Jo, net nëmmen an den USA ginn d’Leit op d’Strooss, fir géint d’Policebrutalitéit ze demons tréieren, och am Niger, engem vun eise Partnerlän ner, ass dëst e Problem, vläicht souguer nach méi e grave Problem, well se ginn op d’Strooss, well eng Spezialunitéit vun der Police verdächtegt gëtt, Mën schen ëmzebréngen, ze mësshandelen an d’Bierge rinnen an d’Bierger ze beklauen, déi se eigentlech schütze sollen.

D’Land ass an enger Kris. An och wann déi aktuell Regierung versprach huet, géint déi Unitéit virze goen, esou ass et awer nach e laange Wee dohin ner. All dës Facteure féieren also zu Onsécherhee ten. Onsécherheeten, déi d’Liewensqualitéit op der Plaz verschlechteren a wou mir als Partnerland hëllefe kënnen, sollen a mussen, fir datt d’sanitär, d’politesch, mee och d’humanitär Kris ophale kann. Well nach eng Kéier: Wann et net sécher ass, fir Kanner an d’Schoul ze schécken, wa keng finanziell Mëttel do sinn, fir kleng lokal Firme kënnen ze ënnerstëtzen, dann hu mer als Partner eis Aarbecht net gemaach.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Europa a Lëtzebuerg hu sech an deene leschte Méint op hir Infektiounszuelen, hir Masken an hir Coronastrategië konzentréiert. Vill Länner sinn nach ëmmer der Meenung, datt eng zoue Grenz e Virus kéint ophalen. An obwuel de Fokus ganz kloer op der Gesondheet vun eiser Bevëlkerung muss leien, gëtt et awer héich Zäit, fir erëm iwwer eisen eegenen Tellerrand erauszekucken an eis erëm deene Verflichtunge bewosst ze sinn, déi mir als Lëtzebuerg géintiwwer vun deene Länner hunn, déi scho virun der Kris deelweis de Kapp kaum iwwert dem Waasser hale konnten, eis Engage menter ze honoréieren, op déi dës Länner zielen. Et gi Leit, déi soen, d’Lëtzebuerger Bäiträg zur Entwécklungspolitik wäre just eng Drëps op de gliddege Steen. Mee wann et engem un allem feelt, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dann zielt eeben och all Drëps an dann ass all Drëps e wichtegt Zeechen un eis Partnerlänner, datt mir se an dëse schwéie ren Zäiten net vergiess hunn. A genau duerfir sollte mer eis Hëllef net nëmmen a relativen Zuelen, mee och an absolutten Zuelen héichhalen, fir datt et eebe grad net zu Kierzunge muss kommen.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Zur éischter Motioun wollt ech just soen, datt mer eis wäerten enthalen, net well mer dergéint sinn, datt mer Entwécklungshëllef maachen, mee well mer der Meenung sinn, datt et eebe grad, esou wéi et hei formuléiert ass, och zu Diminutioune ka kom men. An Diminutioune vun der Entwécklungshëllef wëlle mir net matdroen. An deementspriechend wäerte mir eis hei enthalen.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech hu virdrun drop verzicht, fir Parole après mi nistre ze maachen, well ech zum Theema vun der Motioun wollt schwätzen.

De Kooperatiounsminister wär e schlechte Finanz minister an e wär virun allem och e méi schlechte Mathésproff gi wéi vläicht Kooperatiounsminister, well e wërft zwar gäre mat Zuele ronderëm sech, wat en haut vill gemaach huet, mee déi Zuele suer gen net onbedéngt fir méi Kloerheet, mee éischter fir méi Verwirrung: nämlech verwiesselt en e Plaf fong mat engem Buedem. Dës Motioun fuerdert e Buedem, e Minimum, net e Maximum. Se fuerdert also net e Plaffong.

(Brouhaha et interruption)

D’Kooperatiounshëllef däerf also an d’Luucht goen. An ech denken, datt et scho wichteg ass, datt een den Inhalt vun enger Motioun richteg duerstellt an net behaapt, datt duerch déi heite Motioun d’Entwéck lungshëllef kéint erofgoen. Well dat ass et net, dat heite setzt e Minimum fest an dat heite géif dozou féieren, datt een och kéint driwwer erausgoen. E Minimum ass net e Maximum, Här Minister.