Header for 6. Depot d’une proposition de loi par M. Sven clement

6. Depot d’une proposition de loi par M. Sven clement

Dës Ried hunn ech den 01/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Depot d’une proposition de loi par M. Sven clement” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir sinn haut elo gläich nach eng Kéier mat Covidgesetzer befaasst.

An déi komme jo och reegelméisseg erëm an de le gislative Prozess ass dach allkéiers erëm ganz acce leréiert. Ganz séier musse mer en Text aviséieren, amendéieren an dann eeben och hei stëmmen, sou datt et heefeg fir parlamentaresch Amendementer dach immens knapps an der Zäit gëtt.

Fir dat also e bëssen, jo, ze vereinfachen, hunn ech dann dës Kéier de Wee net vun engem Amende ment parlementaire gewielt, mee vun enger Propo sition de loi, déi bei där nächster Iteratioun vum Covidgesetz da jo kéint mattraitéiert ginn. Et geet mer nämlech ëm dat, wouriwwer och d’Motioune ginn, iwwert déi mer haut nach schwätze wäerten: ëm déi grav Situatioun an den Alters a Fleegehee mer an an dem betreite Wunnen.

Et geet drëm, datt et do bis elo keng gesetzlech Basis gëtt, datt et keen obligatorescht sanitäert Konzept gëtt, datt et do keng, net esou wéi bei de Grandesurfacen … Et muss ee sech virstellen: D’Akafstempelen hu méi streng rechtlech Krittäre wéi e CIPA!

Deementspriechend hu mer eis geduecht, mir géi fen amplaz en Amendement parlementaire dës Kéier eng Proposition de loi deposéieren, déi eebe genau dat fuerdert, dat och mat enger konkreeter Textpropos an d’Gesetz aschreift, wéi een eebe gradesou ee Concept sanitaire mat dann eeben och engem mënschewierdege Cohortage an den Alters a Fleegeheemer, am betreite Wunnen kéint etabléie ren, mat engem Contrôle duerch d’Santé, ob dat Konzept dann och d’Spuer hält, an eeben och mat Alternativen, wann d’Gebailechkeeten dat net zou loossen. Well, ech mengen, dat alles si Saachen, déi mer elo an deene leschten Deeg schonn an de Kommissioune gezielt kruten, wat hei mat contri buéiert huet.

En attendant vun enger kompletter Enquête, déi onbedéngt muss kommen, geet et mer hei awer drëm, fir elo do, wou et wierklech brennt, eng kleng Ofhëllef ze schafen! Dofir deposéieren ech, Här President, hei eng Proposition de loi, déi dann d’Zil hätt, d’Gesetz, also d’Loi modifiée vum 17. Juli 2020, also dat sougenannt Covidgesetz, ofzeänneren.

An ech hoffen, datt déi haute Corporatioun vum Staatsrot dann dat heiten och kéint mataviséieren, wa se déi nächste Kéier de RegierungsProjetde loi, fir dat Gesetz ze änneren, mataviséiert. Et geet ëmmerhin ëm deen nämmlechten Text. An esou evitéiere mer onnéideg parlamentaresch Diskus siounen iwwert d’Vitess vun Amendementer.

Ech soen Iech Merci.