Header for 6. Dépôt d’une proposition de loi par M. Sven Clement

6. Dépôt d’une proposition de loi par M. Sven Clement

Dës Ried hunn ech den 18/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Dépôt d’une proposition de loi par M. Sven Clement” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech ver spriechen, ech maachen et kuerz, well d’Proposi tion de loi geet u sech ëm ganzer aacht Zifferen. Et geet also wierklech net ëm ganz vill an et ass u sech eppes, wat mer um Häerz läit.

Une voix. Aacht Zifferen?

M. Sven Clement (Piraten). Jo, aacht Zifferen, dat ka ganz séier ganz vill sinn.

An deem heite Fall ass et esou an ech do hat och rezent an enger Question parlementaire nogefrot , datt am Moment jo eng Rëtsch Residentë vun anere Länner ausser vun der EU net kënnen op Lëtze buerg reesen. An et ass esou, datt mer e Gesetz hunn iwwert de Recouvrement vun der lëtzebuerge scher Nationalitéit, wou d’Delaien elo schonn eng Kéier verlängert goufe wéinst der Covidkris a wou d’Regierung sech elo bereet erkläert huet, se nach eng Kéier ze verlängeren, zumindest wat den Dos sier hei zu Lëtzebuerg soll ugoen.

Mir Piraten sinn der Meenung, datt een déi Dier nach e bësse méi wäit sollt opmaachen, e bësse méi laang sollt oploossen, och en vue dovunner, datt et awer elo iwwer e Joer ass, datt d’Reesres triktioune sinn. An duerfir, Här President, hunn ech hei eng Proposition de loi matbruecht, déi u sech déi Delaie géif upassen, soudatt an Zukunft nach fir eng Zäitche Leit, déi lëtzebuergesch Anen hunn, och kéinten de Recouvrement vun der lëtzebuerge scher Nationalitéit maachen, dat en vue, datt se kann aviséiert ginn den nämmlechte Moment wéi de Projet de loi, deen d’Regierung an där Question parlementaire versprach huet.