Header for 6. Dépôt d’une résolution par M. Sven Clement

6. Dépôt d’une résolution par M. Sven Clement

Dës Ried hunn ech den 13/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Dépôt d’une résolution par M. Sven Clement” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass esou, datt, mengen ech, déi lescht Wochen a Méint e gewëssenen Duuscht an der Zivill gesellschaft entstanen ass, fir méi aktiv age bonnen ze ginn an de Plan de sortie, net nëmmen an de Plan de sortie vum Decon finement, mee och an de Plan de sortie aus enger Kris, déi sech der Kris vum Covid19 uschléisst.

Net méi spéit wéi haut hunn eng Rëtsch Ge werkschaften da Satisfaktioun kritt, andeem se muer vun der Regierung empfaange ginn, sou datt kee ka soen, d’Regierung géif net op se lauschteren.

Ech stelle mer awer d’Fro, ob et net och un dë sem héijen Haus wär, fir d’Zivillgesellschaft méi ze implizéieren, wann et drëm geet, fir hei iwwert déi kommend Kris an iwwert déi nach aktuell Kris ze diskutéieren.

Deementspriechend deposéieren ech elo eng Resolutioun, déi virgesäit, e Rapport spécial ze etabléiere mat de Pläng, net nëmme vun der Zivillgesellschaft, mee vun allen an der Cham ber vertruedene Parteien, an dat op Basis vun der Abannung vun de Commissionparlemen tairen, déi sollen explizitt kënnen Audition publicke maachen, esou wéi et an eisem Re glement virgesinn ass, fir esou och als Chamber d’Zivillgesellschaft anzebannen an déi Prozedur vun engem Plan de sortie vun enger Kris, fir esou ze weisen, datt mer net nëmmen ënner eis, am Elfenbeintuerm diskutéieren, mee datt mer d’Ängschten, d’Suergen an och d’Mee nunge vun de Biergerinnen a Bierger ganz eescht huelen, op se lauschteren, mat hinne schwätzen an esou dann och e kohärenten a komplette Rapport kënne maachen, iwwer wéi mer plangen, dës Kris ze meeschteren.

Et gëtt gesot: „D’Krise sinn d’Zäit vun der Exe kutiv.“ Jo, wärend der Kris! No der Kris muss d’Legislativ hir Aarbecht awer erëm ophuelen. An dat heiten ass a mengen Aen eng Brique, fir dës Aarbecht op e gesond Fundament ze stellen.

Ech soen Iech Merci.

Résolution

M. Fernand Etgen, Président. Merci vill mools, Här Clement. Wann ech richteg versta nen hunn, soll déi heite Resolutioun an eng Kommissioun verwise ginn.

M. Sven Clement (Piraten). An d’Confé rence des Présidents.