Header for 6. Heure d’actualite de la sensibilite politique ADR au sujet des vaccins

6. Heure d’actualite de la sensibilite politique ADR au sujet des vaccins

Dës Ried hunn ech den 08/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Heure d’actualite de la sensibilite politique ADR au sujet des vaccins” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi mer virun e puer Woche fir d’éischte Kéier iwwert de Sujet vun enger Covidimpfung geschwat hunn, do wousste mer nach net mat Sécherheet, wéini mer déi éischt Dosisse géife kréien a wéi eng Persoune bei der Verdeelung vum Impfstoff géife prioriséiert ginn.

D’Impfstrategie vun der Regierung war deemno nëmmen en éischten Entworf, vun deem gewosst war, datt en an de kommende Wochen a Méint nach misst un d’Realitéit ugepasst ginn.

Haut, also emol net ee Mount méi spéit, si mer elo schonn esou wäit, datt déi éischt Persoune geimpft goufen. A mir wëssen, mat wéi enge Precautiounen deen een Impfstoff, dee mer am Moment hunn, ver bonnen ass. Haut sinn et der dann elo zwee, déi zou gelooss sinn. Hoffe mer, datt nach deen een oder aneren dobäikënnt, mee gesprëtzt gëtt bis elo een.

Mir begréissen et duerfir, datt mer dëse wichtege Sujet, dee bei ville Leit mat grousser Hoffnung, mee awer och deelweis mat grousse Suergen an Ängschte verbonnen ass, haut eng weider Kéier kënnen heibannen diskutéieren. Vill Froen, déi am Dezember opgeworf goufen, konnten zu deem Zäit punkt nach net beäntwert ginn, einfach well mer et nach net woussten, well verschidde Saachen nach onkloer waren, ënner anerem och bei der Prioriséie rung, well mer net woussten: Wéini ginn déi eenzel Impfstoffer iwwerhaapt zougelooss?

Mir wëssen, datt et net méiglech ass, jidderengem zum selwechte Moment Zougang zum Impfstoff ze ginn. Verschidde Persoune wäerte visàvis vun anere Persoune Virrang kréien. Mee an enger Situa tioun, an där eng Impfung iwwer Liewen an Doud entscheede kann, ass d’Entscheedung fir eng Priori séierung vu verschiddene Persounegruppen iwwert déi aner mat bedeitenden eethesche Froe verbon nen.

Bis ewell war just kloer, datt d’Personal aus dem Gesondheetsberäich an d’Bewunner an den Alters heemer als Éischt solle geimpft ginn an duerno hé chstwarscheinlech déi Vulnerabelst Prioritéit solle kréien. Wéi innerhalb vun de Persounegruppen ent scheet gëtt, wien als Éischt geimpft gëtt, ass awer nach net kloer. Am Kontext vun den Impfungen an den Altersheemer stoung zum Beispill net fest, wéi entscheet gëtt, wien als Éischt a wie méi spéit geimpft gëtt.

Elo gouf e Mëttwoch an eelef Haiser mam Impfen ugefaangen. Dës Haiser goufen anscheinend no der Vulnerabilitéit vun hire Bewunner an hirer Fäegkeet, d’Gestebarrièren anzehalen, ausgewielt. Wann d’Regierung hei déi Krittäre vun der Vulnera bilitéit applizéiert huet, heescht dat jo och, datt se hu missen definéieren, wien eng vulnerabel Per soun ass a wien net.

D’Fro vun de Krittäre vun der Vulnerabilitéit steet esoumat am Raum an ech hoffen, datt d’Regierung eis haut nach e wéineg méi am Detail erkläre kann, wéi se hei virgaangen ass. Ech erënneren drun, d’Chamber hat deen éischte Jet vun der Impfstrate gie kritt, och mat de Prioriséierungen, deelweis mat ganz detailléierte Lëschten, wien do schonn eligibel wär oder virgesi wär. Ech géif hoffen, datt mer déi an Zukunft reegelméisseg kréien, nämlech dann all kéiers, wa se à jour gesat gëtt. Well nëmmen esou verhënnere mer, datt d’Chamber obligéiert ass, all Mount eng Kéier eng Heure d’actualité zum nämm lechte Sujet ze maachen, fir u sech dat ze froen, wat d’Regierung souwisou schonn op Pabeier bruecht huet.

Genee ze wëssen, no wéi enge Krittären entscheet gëtt, ass essenziel fir den transparente Prozess, an dat ëmsou méi, well sech lues a lues erauszekris talliséiere schéngt, datt eng Rei Fournisseuren hi ren Impfstoff eréischt an e puer Méint op de Maart wäerte brénge kënnen, a mer net genuch Dosisse vu BioNTech/Pfizer respektiv vu Moderna hunn, fir am grousse Stil impfen ze kënnen. Et wäert een also net laanscht eng Selektioun kommen.

Nieft der wichteger Fro vun der eethescher Recht fertegung vun der Selektioun hate mer awer och eng Rei méi praktesch Froen opgeworf, op déi et nach keng Äntwert gouf. Do war d’Fro zum Beispill: Wat geschitt, wann eng Persoun eng Invitatioun fir eng Impfung kritt an net geet? Géif dës Persoun dann eréischt eng nei Invitatioun kréien, wann alle guerten déi aner Leit aus dem Land hir kruten? Oder kéint se sech nach emol aschreiwen? Wäert d’Iddi vun der Invitatioun iwwerhaapt bäibehale ginn oder wäert de System vun den Aschreiwungen op eegen Initiativ, deen elo am Gesondheetswiesen zum Asaz koum, bleiwen?

Eng weider wichteg Fro, déi och e groussen Afloss op d’Impfbereetschaft kann hunn, ass déi: Wat ge schitt, wann eng Persoun sech just mat enger be stëmmter Aart vun Impfstoff wëllt impfe loossen? Bei dräi verschiddenen Typpe vun Impfstoffer a ver schiddenste Produzenten ass et warscheinlech, datt d’Leit engem Produit méi traue wéi engem ane ren. Wäert ee sech den Impfstoff aussiche kënnen, wa bis méi Produiten um Maart sinn? Oder wäerten d’Kafverträg mat de verschiddene Fournisseuren, déi vun der EU gemaach goufen, an d’Verdeelungs strategie vun der Regierung de Choix agrenzen?

Et ass méi wéi verständlech, datt een an enger Situa tioun wéi där aktueller net op d’Wënsch vun all Een zelne kann agoen. Mee grad well de Sujet vun der Impfung mat esou vill Falschmeldungen an Ängschte verbonnen ass, ass et wichteg, hei vu vireran oppen ze kommunizéieren, wat wäert méiglech sinn a wat net.

Insgesamt ass d’Transparenz an dësem Dossier vun zentraler Wichtegkeet. Vill Leit maache sech Suergen, datt déi nei Impfstoffer ze séier op de Maart kommen a finanziell Aspekter gesondheetle cher iwwerweie géifen.

Bon, ech kann do nach eng Kéier dat soen, wat ech schonn eng Kéier gesot hunn op dëser Tribün: Den Impfstoff, deen elo vu BioNTech/Pfizer zougelooss gouf, dee gouf et schonn am Januar. Deen ass elo ee Joer laang getest ginn. Et soll kee mengen, dee wär eréischt virgëschter erfonnt ginn a wär da ganz, ganz séier innerhalb vun zwee Deeg op de Marché komm.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP). Am Januar d’lescht Joer!

M. Sven Clement (Piraten). Am Januar d’lescht Joer. Also wuel gemierkt, net dëse Januar, mee virun iwwer zwielef Méint.

Headlines wéi déi, datt net méi Impfstoffer bei BioNTech/Pfizer bestallt goufen, fir d’finanziell In teresse vun anere Firmen ze schützen, verbesseren awer d’Situatioun och net. An och de Fait, datt eis Regierung einfach seet, näischt dovun ze wëssen, steigert d’Vertrauen an d’Kompetenz vun der Re gierung leider net.

Nëmme wann transparent oppegeluecht gëtt, wien u wat wéi vill verdéngt oder eeben och grad net ver déngt, an oppen iwwert d’Impfstrategie an de Räsonement hannendru geschwat gëtt, kënne mer de Leit onbegrënnten Ängschten huelen a falsch In formatioune konteren.

Duerfir hunn d’Piraten och d’Demarche hei an der Chamber ënnerholl, datt d’Chamber all déi Kontrakter vun der EU mat deene Pharmakonzerner ze gesi kritt, fir datt mer eis selwer als Vertrieder vun de Biergerinnen a Bierger e Bild kënne maachen, wien hei wéini wéi e Kontrakt ausgehandelt huet, fir erauszefannen: Gouf profitéiert oder gouf tatsäch lech hei gutt verhandelt? Dat si Froen, déi mir als Kontrollorgan vun der Exekutiv musse beäntweren.

Dës Heure d’actualité kann nëmmen e klenge Schrëtt sinn, fir dem Theema e Raum ze ginn, mee geet selbstverständlech nach laang net duer. Ech hoffen duerfir, datt de Sujet och weiderhi breet, awer virun allem transparent diskutéiert gëtt. Well nëmmen duerch Transparenz kënne mer Vertrauen an d’Impfstrategie vun der Regierung schafen.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Also fir eis Piraten ass hei bei där Motioun e ganz kloren Nee déi eenzeg richteg Äntwert. Mir wëlle keng App! Mir wëllen net, datt esou kritesch Donnéeën digital gespäichert ginn. Mir sinn der Meenung, datt dat haut scho gutt genuch gereegelt ass, nämlech säit 1969, also schonn eng ganz Zäit laang, gëtt et d’International Health Regulations, wou am Artikel 79 den internationalen Impfpass … dee ganz genau Certificat international de vac cination ou de prophylaxie heescht, oder ëmgangs sproochlech d’giel Kaart. Do kann een eng Impfung androe loossen, wa se da gebraucht gëtt, fir iwwert eng Grenz ze kommen, wat haut nun emol haapt sächlech fir Gielféiwer de Fall ass. Falls dat iergend wann eng Kéier fir Covid sollt de Fall sinn a Länner, déi ausserhalb vun der EU leien well ech denken, datt de Schengeraum net däerf a Gefor bruecht ginn , da sollt déi Kaart duergoen. Déi ass interna tional unerkannt vun alle Länner, déi bei der WHO ënnerschriwwen hunn an och vun deene Länner, déi bei der WHO wéilte Member sinn, dat awer aus poli tesche Grënn refuséiert kréien. Deementspriechend, mengen ech, ass dat den Outil, dee mer sollten aset zen, an net iergendeng App, wou iergendeen Techin dustriellen eis wëllt iwwert d’Ouer zéien an eis Daten dobäi ofschnorchelen.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Pre sident. Et ass, mengen ech, déi éischte Kéier, datt et mer virkënnt, dat Wuert heibannen ze benotzen, fir eng Motioun ze beschreiwen an d’Majoritéitsde putéierte wäerte sech elo freeën, datt ech et och eng Kéier benotzen : Dat heiten ass superfétatoire!

Ech erkläre mech: Mir hunn en Antidiskriminéie rungsgesetz zu Lëtzebuerg, wat all déi Froen, déi hei opgeworf ginn, verbitt. Punkt, aus, fäerdeg! Mir hunn e Gesetz, dat dat dote verbitt! Deementsprie chend musse mer net nach eng Kéier opfuerderen, datt een net op Basis vu medezinneschen Don néeën däerf diskriminéieren. Dat steet glécklecher weis an eisem Antidiskriminéierungsgesetz, wat ech eng wichteg Saach fannen, wat ech eng gutt Saach fannen. A mir sollten domadder net insinu éieren, datt een dat iergendwéi aushielege kéint, well mir hunn déi Dispositioun, an duerfir brauche mer keng Motioun, fir dat ze reaffirméieren!

4.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Pre sident. Ech géif och léiwer virun Zuschauer spille wéi virun zouene Räng. Dat ass am Moment net de Fall. Et ass awer esou, datt et méi wichteg ass, de Sport kënnen ze maachen, wéi Zuschauer ze hunn. A virun allem, wat gehéiert zum Zuschauer dobäi? Dat ass och e bëssen d’Gesellegkeet, dat wär de Patt, dat wär de Wirschtchen dobäi, a vu datt dat am Moment alles net méiglech ass, géif dat d’Veräiner virun eng immens Logistik stellen, fir dat ze kontrol léieren, datt d’Leit sech dann net selwer verfleegen, wat grad op Outdoorterrainen nach méi komplizéiert gëtt. A wien haft dann herno? Da gëtt herno nach de Veräin geklaakt fir eppes, wat iergendeen Zuschauer oder och Netzuschauer gemaach huet.

Duerfir mengen ech, datt dat hei wierklech d’Béchs vun der Pandora géif opmaachen, an duerfir wäerte mir dat heiten net matstëmmen.