Header for 6. Heure d’actualité de la sensibilité politique Piraten au sujet de la violation des droits de l’homme dans le Proche et MoyenOrient

6. Heure d’actualité de la sensibilité politique Piraten au sujet de la violation des droits de l’homme dans le Proche et MoyenOrient

Dës Ried hunn ech den 12/02/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Heure d’actualité de la sensibilité politique Piraten au sujet de la violation des droits de l’homme dans le Proche et MoyenOrient” gehalen.

a.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Mënscherechtsverletzunge gëtt et schonns geneesou laang, wéi et d’Mënsche rechter selwer gëtt, vläicht souguer méi laang. Obwuel d’Konzept vun de Mënscherechter op der Iddi baséiert, dass et Rechter gëtt, déi jid derengem eleng opgrond vu senger Existenz als Mënsch zoukommen, huet d’Realitéit ëm mer erëm gewisen, dass mam Mënschsinn eleng leider nach laang keng Garantie vun de Mënscherechter ginn ass. Villméi hänkt et um Wëlle vun deenen, déi d’politesch Muecht hunn, ob si sech derfir asetzen, dass d’Mënscherechter an hirem Staat respektéiert ginn, oder net.

Wien an engem Staat lieft, deen d’Mënsche rechter respektéiert, hält et vill ze oft fir selbst verständlech, dass jiddereen an de Genoss vu senge Rechter kënnt. Wien awer ënnert de Mënscherechtsverletzunge vu sengem Regimm ze leiden huet, muss heefeg um eegene Kierper spieren, wéi ofhängeg seng Rechter als Mënsch vun deene Rechter sinn, déi de Staat, an deem hie lieft, him accordéiert.

Ëmsou méi wichteg ass et, dass et Persoune gëtt, déi de Courage hunn, sech fir hir Rechter wéi déi vun hire Matmënschen anzesetzen. Do fir wëll ech un dëser Stell explizitt och all dee nen e grousse Merci soen, déi sech weltwäit fir d’Verteidegung vun de Mënscherechter aset zen. Si gi mat hirem perséinlechen Engage ment heefeg héich perséinlech Risiken an, well si duerch hiren Aktivismus net seele selwer zur Zilscheif vu Repressioune ginn.

Grad wann et ëm politesch Meenungs a Ver sammlungsfräiheet geet, gi politesch Aktivisten an Demonstranten oft ënnert dem Virwand vun der Terrorismusbekämpfung an der Staats sécherheet vun hire Rechter ausgeschloss. Aus dem Irak an dem Iran hunn eis an de vergaan gene Méint a Wochen ëmmer erëm Meldun gen erreecht vun Demonstratiounen, déi vu staatlecher Säit aus mat Gewalt zerschloe goufen an eng grouss Zuel u Blesséierten an Dou degen zur Konsequenz haten an och zu enger héijer Unzuel u Verhaftunge gefouert hunn.

Dat selwecht gëllt fir vill aner Länner am Noen a Mëttleren Osten. D’Berichter vun ënner ane rem Amnesty International a Human Rights Watch si vill ze laang.

A Saudiarabien gi regimmkritesch Journaliste festgeholl an am Oman Zeitungen zouge maach. An Ägypte gëtt haart géint Oppositio neller virgaangen an am Bahrain sëtze vill Per sounen opgrond vun hire politeschen Iwwer zeegungen a Prisongen, an deene si Mësshand lungen ausgesat sinn a keng oder nëmmen eng onzouräichend medezinnesch Versuergung er halen, wärend si op hir Verhandlung viru Ge riicht waarden.

E faire Prozess erwaart se dobäi nëmmen an deene seelenste Fäll. D’Recht op eng fair Procé dure judiciaire an op Rechtsbäistand gëtt duerch Masseverhandlungen ënnergruewen an och mënscherechtswiddreg Strofe wéi d’Dou desstrof an den Entzuch vun der Staatsbierger schaft ginn ëmmer nach verhaangen.

Virun e puer Wochen eréischt huet eisen Ausse minister an enger Äntwert op eng Question parlementaire vu mir bestätegt, dass den 8. Ja nuar schonn erëm zwou Persounen, de Moha med Ramadhan an den Hussain Ali Moosa, am Bahrain zum Doud verurteelt goufen.

Et ass wichteg, dass mir bei esou Urteeler net roueg bleiwen. Et ass wichteg, dass mir eis ëm mer erëm a kloer géint Strofe wéi d’Doudes strof oder Denaturaliséierungen ausschwätzen. Mir hunn dat an der Vergaangenheet gemaach a mir sollten dat och an der Zukunft maachen.

Duerch Denaturalisatioune gi Mënsche staate los a verschwanne mam Verloscht vun hirer Ci toyennetéit aus dem ëffentlechen a gesell schaftleche Liewen. Si kënne keng Aarbechts kontrakter méi agoen, sech legal keng Haiser kafen oder lounen, sech net bestueden an hir Kanner oft net an d’Schoul schécken. Well Staa te losegkeet souguer verierft ka ginn, hee scht dat, dass mer se hei generatiounelaang vun hire Mënscherechter ewechhalen.

All déi kleng Momenter, an deene mir ouni grouss driwwer nozedenken eis Carte d’identité oder eise Pass presentéieren, stelle fir staatelos Persounen indepassabel Barriären duer.

Wéi mer an der Kommissioun iwwer Immigra tioun an Asyl geschwat hunn, war dat nëmmen e klengt Theema. Et ass zu Lëtzebuerg kee grousse Problem, an dach gëtt et ëmmer erëm Leit, bei deene keng Nationalitéit méi virläit. Weltwäit sollen no Schätzunge vun der UN ronn véier Millioune Mënsche staatelos sinn. Vill vun dëse Persoune waren awer net, wéi am genannte Beispill, Affer vun enger mënsche rechtswiddreger Denaturalisatioun, mee goufe schonn als staatelos Persoun gebuer oder sinn duerch aner äusserlech Ëmstänn staatelos ginn. Et ass also wichteg, hei eng Differenzéierung ze maachen. Mee och d’Virenthale vun enger Staatsugehéieregkeet ass eng Mënscherechts verletzung.

Dëse Problem weist sech zum Beispill am Fall vun de „Bidun“, déi keen offizielle Status als Bierger vum Kuwait hunn an heefeg keng Iden titéitspabeiere besëtzen an esou vun de Bier gerrechter ausgeschloss ginn. Esou ass am Land eng Zwouklassepolitik entstanen, déi Mënscherechtsverletzunge vun enger Klass to leréiert, wärend déi aner begënschtegt gëtt. En änlechen, wann awer fir déi Regioun och ganz spezifesche Problem gëtt et an Israel. Och hei ass de Problem vun der Staatelosegkeet net onbekannt an d’Recht op eng Citoyennetéit, d’Verbuet vun Diskriminéierung an d’Recht op e Liewen a Fräiheet gi villfälteg ageschränkt, wärend eng Zweestaateléisung ëmmer méi ex treem onwarscheinlech schéngt.

Här President, ech sinn an e puer Minutte grad op sechs verschidde Länner agaangen, deenen eigentlech jeeweils eng eegen Aktualitéitsstonn oder eng Interpellatioun kéint gewidmet ginn. An et wäerten nach eng Rei Beispiller aus wei dere Länner kommen.

Wann ech hei an zéng Minutten en Tour duerch de Mëttleren an Noen Oste maachen, da geet et mer net drëm, en Urteel doriwwer ze fällen, wou et déi schlëmmste Mënsch e rechtsverletzunge gëtt; da geet et mer net drëm, d’Mënscherechtsverletzunge vun engem Staat duerch d’Duerstellung vun anere Verstéiss an engem anere Staat ze relativéieren oder souguer ze excuséieren.

All Mënsch, dee wéinst senger politescher Iwwerzeegung am Prisong sëtzt, dee wéinst senger sexueller Orientéierung gefoltert gëtt, dee keen Eegentum a keng Bildung kritt oder dee sech net fräi beweege kann, well en deen Territoire, an deem e lieft, net verloossen däerf, ass een ze vill. Hannert all Beispill vu Mënsche rechtsverstéiss stiechen individuell Schicksaler a keen Eenzelfall relativéiert een aneren.

Wann ech haut esou vill Beispiller uféieren, da maachen ech dat an der Hoffnung, dass eist Bewosstsi fir d’Situatioun am Noen a Mëttleren Osten doduerch méi konkreet gëtt. Wann een an de Medie vu Gewalt géint Fraen an Afgha nistan héiert an ee liest, dass am leschte Rap port vun Amnesty International steet, dass 3.500 Meedercher am Joer 2017 a vun Taliban besate Gebidder net méi an d’Schoul konnte goen, da verschwënnt hannert der Abs traktheet vun den Zuelen an der Mass vun de Fäll vill ze oft dat perséinlecht Leed vun all een zelne Mënsch.

Et feelt eis haut net un Informatiounskanäl, fir eppes iwwer Mënscherechtsverletzunge gewuer ze ginn! Wat eis feelt, ass e Bewosstsinn derfir, wat mir do iwwerhaapt héieren a gesinn. Wann an de Medie Berichter sinn iwwer Bom bardementer a Syrien oder a Libyen, iwwer eng Millioun syresch Flüchtlingen am Libanon oder iwwert d’humanitär Kris an d’Presenz vu Kan nerzaldoten am Jemen, dann huele mir dës Informatiounen oft just nach niewebäi wouer. Da riicht eise Bléck sech net op déi Mënschen, da gesi mir just eng Iwwerschrëft méi an der Zeitung, déi ausgesäit wéi der schonns esou vill virdrun.

Jo, d’Mënscherechter an d’Zuel vun hire Mëss uechtunge sinn abstrakt. Déi ganz konkreet an aktuell Mënscherechtsverletzunge sinn et awer net. Duerfir däerfe mer net ewechkucken! All Eenzelnen heibannen an och all Eenzelnen do baussen huet d’Méiglechkeet, duerch seng Stëmm a säi Bléck an dem Noen a Mëttleren Osten en Ënnerscheed ze maachen. De Fait, dass Exekutiounen an aner am Westen ëmstrid den Urteeler am Bahrain oder a Saudiarabie beispillsweis oft op Deeg geluecht ginn, an deenen d’westlech Opmierksamkeet tenden ziell geréng ass, weist, dass et dëse Länner net egal ass, wéi anerer iwwer si denken.

Dass eist Land kleng ass an eis Stëmm eleng net vill Gewiicht huet, entbënnt eis net vun ei ser Flicht, eise Bäitrag ze leeschten. Duerfir hunn ech dës Aktualitéitsstonn haut ugemellt, well et méi wéi jee aktuell ass, dass d’Mënsche rechter am Noen an am Mëttleren Oste mat Féiss getrëppelt ginn. Demonstranten, déi fir hir Demokratie oder fir hir demokratesch Rech ter op d’Strooss ginn, gi vu Militärpolizisten niddergeknëppelt, ginn agespaart, a Massever urteelunge verurteelt an duerno erschoss, gekäppt, gestengegt. Bref, de Mënsch ass in novativ, wann et drëm geet, anere Leit Leed oder den Doud zouzefügen.

Schlussendlech géif ech mech awer nach freeën, wann de Minister a senger Äntwert um Schluss vun dëser Aktualitéitsstonn nach e bës sen Zäit géif fannen, fir op e puer méi konkreet Froen ze äntwerten:

Ginn et oder kéinten et an Zukunft vu lëtze buergescher Säit aus Offere ginn, fir Mënsche rechtsverdeedeger, déi opgrond vun hirem Engagement Repressiounen ausgesat sinn, hu manitär Visaen auszestellen?

Wär et an deem Kontext souguer denkbar, Mënscherechtsverdeedeger déi lëtzebuergesch Nationalitéit unzebidden, falls si denaturali séiert goufen?

Wéi gëtt mat staatelose Persounen ëmgaan gen, déi zu Lëtzebuerg ukommen? Wéi gëtt gekläert, ob dës Persoune wierklech keng Ci toyennetéit méi hu respektiv wéi se dës kéinte recouvréieren?

Wéi kënnen déi eenzel Biergerinnen a Bierger, déi de Mënscherechtsverdeedeger an Affer vu Repressiounen am Noen a Mëttleren Oste gä ren hir Ënnerstëtzung wëllen zoukomme loos sen, dat dem Minister senger Aschätzung no am beschte maachen?

Dat sinn e puer konkreet Froen. Ech hunn awer och nach e puer konkreet Opfuerderungen un d’Regierung, wann et ëm d’Mënscherechter geet, nämlech de Kontakt ze siche mat deene Länner, bei deene Länner derfir ze intervenéie ren, dass se mat mënscherechtswiddrege Prak tiken ophalen, den Drock oprechtzeerhalen a gläichzäiteg da reegelméisseg der Chamber Rapport doriwwer ze ginn. Duerfir deposéieren ech dann nach eng Motioun, Här President.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). An dann, villmools merci!

b.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Merci och dem Här Cruchten. Ech mengen, Dir hutt e bëssen den Nol op de Kapp getraff, wann Der sot, datt déi Motioun par la force des choses relativ kuerz gräift. Mir kënnen net d’Mënscherechter mat enger Motioun hei an der Chamber muer retten. Si ass geduecht als en Denkustouss. Deementspriechend kann ech ganz gutt domadder liewen, datt mer eis an enger Kommissioun mat deem Theema eng Kéier méi laang auserneesetzen.

Ech wëll awer och ganz kuerz profitéieren, fir nach eng Kéier drop anzegoen, wat virdrun am Debat e puermol gesot gouf: datt keng Zäit ge wiescht wär, fir sech ze preparéieren. Léif Kol leeginnen a Kolleegen, de 16. Januar kruten Är Fraktiounen eng EMail, wou drastoung, datt et ëm Iran, Irak, d’Denaturaliséierungen an d’Kon sequenze vum politeschen Engagement géif goen.

Vu datt kee vun de Fraktiounssekretären telefo néiert huet oder eng EMail zréckgeschéckt huet, géif ech dann awer gäre mol eng Kéier an Äre Fraktiounen nohaken, wou dat hänke bliwwen ass, well Dir krut se vu Chambermail op Chambermail. Och wann d’Auer hei hei ansdo net geet, denken ech, datt dat awer nach klappe misst. Soss hu mer vläicht aner Problemer.

M. Claude Wiseler (CSV). Dir kënnt se vläicht awer och an Är Fro selwer schreiwen.

M. Sven Clement (Piraten). Ech wollt et iwwregens och ofkierzen. Ech wollt och iwwre gens bewosst eng Heure d’actualité wielen, well se an enger zäitlecher Proximitéit zu der Deklaratioun zur Aussepolitik ass, déi jo an noer Zukunft och vum Här Ausseminister wäert hei gehale ginn, an deementspriechend net mat enger längerer Interpellatioun do scho virgräi fen.

Ech mengen, ech sinn domadder averstanen, d’Motioun zréckzezéien, ënnert där Konditi oun, datt mer an der Kommissioun doriwwer schwätzen.

(La motion 1 de M. Sven Clement est reti rée.)