Header for 6. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet des perspectives de la situation socioéconomique du pays, sur la base des nouvelles données issues du « Panorama social 2021 » de la Chambre des Salariés

6. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet des perspectives de la situation socioéconomique du pays, sur la base des nouvelles données issues du « Panorama social 2021 » de la Chambre des Salariés

Dës Ried hunn ech den 12/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet des perspectives de la situation socioéconomique du pays, sur la base des nouvelles données issues du « Panorama social 2021 » de la Chambre des Salariés” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Lëtzebuerg ass e räicht Land. Sou räich, datt mer op 250 Millioune Steiere kënne verzichten an dofir souguer bereet sinn, op d’Geriicht ze goen. Laut FMI zielt Lëtze buerg souguer zu deenen dräi räichste Länner op dëser Welt, wann een de PIB pro Kapp géif kucken!

An awer kënnt dëse Räichtum nach laang net bei jiddwerengem un. „Trickledown economics“ schéngt also, zumindest zu Lëtzebuerg, net ze fonctionéieren.

Déi räichst 10 % vun eise Residenten hunn en Akommes, wat 9,3mol esou héich ass wéi dat vun deenen äermsten 10 %. Dës äermst 10 % mussen am räiche Lëtzebuerg dann och schonn ee Véierel vun hirem Revenu eleng fir Loyer an Heiz a Waas serkäschten hierginn. An ech schwätze bewosst vu „Loyer“, well déi äermst 10 % kënne sech op eisem Logementsmaart näischt kafen. 14,6 % vun den Aarbechter musse sech mam Mindestloun duerchkämpfen. Een Nettomindestloun, mat deem een als Eenzelpersoun, déi Vollzäit schafft, ënnert de Seuil de pauvreté fält! Wann een als elengerzéienden Elterendeel och nach fir seng Kanner muss suergen, huet dës Famill, statistesch gesinn, eng Chance vun eent zu dräi, fir an d’Aarmut ze falen.

Eng lescht erschreckend Zuel: 50 % 50 %! vun de Leit am Chômage hu bei gesondheetleche Pro blemer drop verzicht, bei en Dokter ze goen oder de Rendezvous op d’mannst no hanne verréckelt, well se d’Suen net virstrecke konnten. Dës Zuele sollen erschrecken! Si sollen een Opruff zur Aktioun sinn.

An awer gesäit een, datt sech an deene leschte Joren net wierklech eppes gedoen huet, fir d’sozial Ongerechtegkeeten an dësem Land ze reduzéieren.

Am Géigendeel!

Mëttlerweil riskéieren iwwer 100.000 Mënschen zu Lëtzebuerg an d’Aarmut ze falen. Dat sinn Dausen den Elteren, déi musse kämpfen, fir et bis zum Enn vum Mount ze packen. Elteren, déi sech zweemol iwwerleeën, ob se sech sollen ee Rendezvous beim Dokter froen, well se d’Sue grad net hunn, fir aacht Woche laang op de Remboursement vun der CNS ze waarden, an déi awer schaffe ginn an dofir och net d’Zäit hunn, fir sech een Dag laang an d’Schlaang ze stelle beim Guichet.

Ech hunn esou Situatioune selwer materlieft. Meng Mamm huet no der Scheedung misse bei meng Grousseltere goen, fir no Suen ze froen, well d’Sue fir esou banal Saache wéi Iessen, Kleedung a guer net ze schwätzen de Brennes fir d’Heizung net do waren. Meng Mamm huet selwer fir sech d’Zänn dokteschrendezvousen ausfale gelooss, fir datt hir dräi Kanner konnte bei den Dokter goen. An un den neie Brëll war guer net eréischt ze denken.

Et ka fir vill Leit immens penibel sinn, fir sech mussen un anerer fir Hëllef ze wenden. Et schummt ee sech, wann ee muss d’Famill fir Sue froen, wann een de Kolleege muss erzielen, datt een am Chô mage ass, wann een al Bekannter aus Schoulzäite virum CaritasButtek begéint. Well Aarmut ass zu Lëtzebuerg nach vill ze heefeg een Tabutheema!

An dobäi kënnen d’Chamber an dës Regierung eppes u genau dëser Situatioun änneren! Dës Re gierung kann ee System vum Tiers payant aféieren.

E soll kommen, mee e muss méi séier kommen! Mir kënnen dach net weider nokucken, wéi Elteren net bei den Dokter ginn, fir datt hir Kanner zumindest eppes z’iessen hunn. Mir kënnen de Mindestloun an de REVIS an d’Luucht setzen. D’Piraten fuerdere säit Längerem e Mindestloun, dee mindestens 20 % iwwert dem Seuil de pauvreté läit a vun deem een net nach Steieren ofgezu kritt.

Mir kënnen zesummen derfir suergen, datt d’Super marchéen hei am Land, wéi et a Frankräich zum Beispill schonn de Fall ass, hir Wuere mussen u Sozialbutteker a projete spenden, falls dës nach ze genéisse sinn. D’Piraten hate scho virun zwee Joer gefrot, datt d’Supermarchéë Produiten, déi nach verwäertbar sinn, solle kënne steierfräi u Veräiner an Associatioune spenden.

Dës Regierung soll endlech hir Steierreform presen téieren an d’Steierklassen ofschafen. Mir brauchen endlech e Steiersystem, deen all Aart vu Revenu d’selwecht besteiert, egal ob et sech ëm de Loun, de Loyer vu Locatairen oder de Rendement vun Ak tien handelt. A virun allem musse mer déi Steieren akasséieren, déi eis zoustinn!

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kéint nach éiweg esou weiderfueren. Et kann een et awer och an engem Saz zesummefaassen: Dës Regierung an dës Chamber hunn et an der Hand. Et gëtt Zäit, datt mer d’Méiglechkeeten, déi eis als Po litiker zur Verfügung stinn, notzen an de Betraffe nen dobausse laangfristeg Hëllef zousécheren.

Amplaz also op engem Mëttwochmëtte Sonndesrie den ze halen, ass Aktioun gefuerdert!

Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir eis ass et ganz kloer, datt déi Motioun hei eng Iwwergangsléisung ass, eng Plooschter, an zwar och zäitlech limitéiert, an datt se eeben en amont vun enger gréisserer Reform kënnt, déi hoffentlech iergendwann eng Kéier kënnt. Mir héieren ëmmer erëm vun deene Re formen, Reformen, Reformen. Et ass schéin, datt mer mëttlerweil an der Kommissioun dru schaffen. Dat lueft d’Chamber och insgesamt, datt mer eis déi Zäit huelen. Mee wann ee weess, datt eppes net klappt, da soll een och kuerzfristeg Léisunge fannen. Dat heiten ass eng Propos fir eng kuerz fristeg Léisung an déi fënnt de Soutien vun de Pira ten.