M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, sozial Ong läichheete goufen et och ewell virun der Coro nakris. Ech mengen, de Kolleeg Paul Galles hat viru Kuerzem nach eng Interpellatioun zum Su jet Aarmut hei an der Chamber. A mir wëssen et alleguer, och zu Lëtzebuerg ginn et aarm Mënschen, an där leider ëmmer méi.
Mee datt sozial Ongläichheete wéinst der Covid19Kris nach zousätzlech wuessen, ass leider och net nëmmen eng Theorie, mee et ass Fakt. Weltwäit ass et esou, datt d’Schéier tëscht Aarm a Räich ëmmer méi auserneegeet. Der ONG Oxfam no besëtzen 2.153 Milliar dären esou vill wéi 60 % vun der Weltbevëlke rung. Déi 22 räichst Männer, a jo, et sinn nëmme Männer, …
(Interruption)
… op der Welt besëtzen esou vill wéi alleguer ten d’Fraen an Afrika zesummen. An och zu Lëtzebuerg bleiwe mer vun der inegalitärer Verdeelung vum Räichtum net verschount.
Här President, de Logement ass a bleift zu Lët zebuerg dee gréisste Facteur d’exclusion so ciale. Ech fannen et scho bemierkenswäert, wéi heefeg mer hei an der Chamber iwwer Inegali téiten, Pauvretéit a Logement diskutéieren. Mee et geschitt näischt. Eis sozial Transferte ginn ëmmer weider an d’Luucht, mee mir bréngen et emol net fäerdeg, um Niveau vun de Gemengen en eenheetleche System vun den Aiden duerch d’Offices sociaux ze etabléie ren.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, gëschter hunn ech an engem OECDRapport mam Titel „Examens territoriaux“ aus dem Joer 2007 sou wäit sinn ech zréck wulle gaangen Follgendes gelies, Zitat: « Le problème du loge ment se pose avec une acuité croissante […] et a conduit le Gouvernement », deemools nach ën nert dem JeanClaude Juncker, « à annoncer au début de 2006 un projet de loi pour “promou voir l’habitat”, créant un “pacte logement” avec les communes ».
Här President, dat kënnt eis dach all iergendwéi bekannt vir. An ech froen Iech: Wéi laang sollen d’Leit eis dat nach gleewen? Wéi laang loosse mer d’Leit nach drop waarden, dass se vläicht iergendeng Kéier eng Wunneng zu engem ab ordabele Präis hei zu Lëtzebuerg fannen, ouni mussen op sozial Hëllefen zréckzegräifen?
Et si Leit, déi mëttlerweil moies a Kostüm a Krawatt an d’Badeanstalt dusche ginn, fir do heem Käschten ze spueren. Et si Leit, an dat huet de Marc Baum ganz gutt illustréiert, déi anescht de Confinement erlieft hu wéi déi meescht vun eis heibannen, déi eeben net d’Haus mam Gaart haten, wou et sech an der Koppel, vläicht mat engem oder zwee Kanner der Duerchschnëttsfamill laut de Statistiker er droe léisst.
Déi eng liewen nämlech an engem groussen Haus mat Gaart an déi wäerten am Confine ment zwar gelidden hunn, mee d’Haaptfro, déi sech um Enn gestallt huet, war: Wéini geet de Coiffeur erëm op? Wann ech awer zu siwen an engem Appartement zesummewunnen ënner miserabele Konditiounen, da war d’Fro: Wéi geet et weider?
Et muss ee sech d’Fro stellen, ob mer net vill ze vill Leit hunn, déi an dëse wuessenden Inégali tés sociales net adequat liewe kënnen. Dëst si Situatiounen, an deenen d’Aarmut nach eng Kéier zousätzlech a Prekaritéit ëmschléit. Eis Pro position de loi, fir de Loyer auszesetzen, gouf vun der Chamber gekonnt ignoréiert. Gutt, datt d’Leit dobaussen dat net wëssen, well, Här Presi dent, dat versteet kee méi, ausser vläicht d’Union des propriétaires, déi dat ganz sympathesch fënnt, wann Ännerungen u Loyere vergiess ginn.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wat ass eigentlech eise Contrat social? Op där enger Säit wëlle mer d’Biergerinnen an d’Bier ger motivéieren, fir sech selbstänneg ze maa chen, op där anerer Säit gesi mer an dëser Kris, wéi schnell dës kleng Betriber hänke gelooss ginn. „Et soll keen am Ree stoe gelooss ginn“, gouf heefeg gesot, gouf heefeg zitéiert. A ge nausou heefeg krute Betriber Refusen, Refuse fir déi elementaarst Aiden, well bei der Umeldung dee falsche Code NACE beim Statec gemellt gouf, well iergenden anere Problem am Betrib war, well se Retarde beim CCSS oder bei der TVA haten. Jo, Prekaritéit betrëfft net nëmmen d’Persounen, mee betrëfft och d’Betriber, well hanner all Betrib sti Leit, sti Mënschen, déi, an dat däerfe mer net vergiessen, d’Réckgrat vun der Croissance a vun der Ekonomie zu Lëtzebu erg sinn. Well ouni Leit, déi Aarbecht schafen, hu mer och keng Leit, déi kënnen op eng Aarbecht schaffe goen.
Deementspriechend musse mer grad an den Temps de crise eis dat zu Häerz huelen. Mir musse Leit encouragéieren, sech ze engagéie ren, weiderhin Aarbechtsplazen ze schafen, well soss si keng Aarbechtsplaze méi do. A wouzou dat féiert, hu mer an der Heure d’ac tualité iwwert de Chômage, mengen ech, ganz bildlech duergestallt.
Ech soen Iech Merci.