Header for 6. Heure d’actualité du groupe politique déi gréng au sujet du risque de pauvreté des jeunes au Luxembourg

6. Heure d’actualité du groupe politique déi gréng au sujet du risque de pauvreté des jeunes au Luxembourg

Dës Ried hunn ech den 31/01/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Heure d’actualité du groupe politique déi gréng au sujet du risque de pauvreté des jeunes au Luxembourg” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, vill gouf ewell iwwert d’Statistiken, hir Methodologie an iwwert d’Zuelen, déi do drastinn, gesot. Ech wëll mech duerfir net nach eng Kéier mat deenen Zuelen ophalen, och wa se definitiv méi eng déif gräifend Analys géife brauche wéi nëmmen eng Stonn an der Heure d’actualité. Dofir schléissen ech mech dem Wonsch vum Kolleeg Baum un, datt mer definitiv do och nach an de Kommissiounen eng Kéier am Detail drop aginn.

Wann een näämlech ze vill vun Zuele schwätzt, da vergësst een eppes: näämlech datt hannert dësen Zuele Mënsche stiechen. Mir dierfe bei dësen Zuelen zur Aarmut, souwuel bei deene Jonke wéi bei deene manner Jonken, d’Mënschen net vergiessen. Jonk Mënschen zum Beispill, déi keen Accès zu Sozialleeschtungen hunn, well se kee Kannergeld méi kréien, mä och nach net al genuch sinn, fir de REVIS ze kréien. Dat ass e puermol gesot ginn. Dat Ganzt weist, datt eist soziaalt Netz zu Lëtzebuerg net enk genuch ass an nach ëmmer Lächer huet.

Dofir fuerdere mir Piraten, wéi och am Wahlprogramm, de Mindestalter beim REVIS ofzeschafen an de REVIS generell nach eng Kéier unzepassen, fir Aarmut an allen Alterstranchen aktiv ze bekämpfen.

Mir dierfen och net vergiessen, wat et bedeit, wann ee vun zéng Leit zu Lëtzebuerg méi wéi 40 % vun hirem Nettoakommes muss ausginn, fir een Daach iwwert dem Kapp ze hunn. Mir dierfen och net déi Jonk vergiessen, déi een ze niddrege Salaire hunn, fir op eege Féiss ze kommen. Déi eben an deem sougenannten „Hotel Mamma“ musse bleiwen, well se et trotz engem Vollzäitjob net packen, op eegene Féiss ze stoen.

Wien de Mindestloun verdéngt, huet no Steieren a Sozialleeschtungen, a souguer wa mer all Allocatiounen derbäirechnen, manner wéi de Budget de référence, dee vum Statec errechent gëtt. Dat heescht, et geet net duer, fir digne ze liewen. Weder mat engem Daach iwwert dem Kapp, nach kann een um sozialen a kulturelle Liewen deelhuelen.

A schlussendlech dierfe mer all déi Jonk net vergiessen, déi an ënnerbezuelte Stagen hänken an domadder net vum Fleck kommen.

Mir brauchen dat neit Stagëgesetz, wat jo an der Kommissioun unhängeg ass. An do musse mir als Chamber elo och eis Verantwortung iwwerhuelen an derfir suergen, datt deen Dossier séier weiderkënnt, fir datt mer wéinstens do och eng Drëps op de waarme Stee kënne liwweren.

Et geet awer net duer. Mir mussen Aarmut, Jugendaarmut, mä och Aarmut bei all deenen aneren Alterstranchen, vill méi aktiv bekämpfen. A mir sollten eis net domadder ophalen, Statistiken ze hannerfroen, hir Methodik ze hannerfroen, mä mir sollten de Problem bei der Wuerzel gräifen an net driwwer diskutéieren, ob mer de Problem iwwerhaapt hunn.

Ech mengen, gitt eng Kéier duerch d’Stad, da gesitt Der: Et gëtt aarm Leit. Et gëtt Leit, déi net genuch hunn, fir en Daach iwwert dem Kapp ze bezuelen. Et gëtt Mënschen, déi all Dag mussen derfir kämpfen, fir eppes Waarmes ze iessen ze kréien.

Dat musse mer bekämpfen! Do musse mir als Chamber eis Responsabilitéit huelen, d’Regierung ze interpelléieren. An d’Regierung muss hir Responsabilitéit huelen, fir déi passend Gesetzesprojeten ze deposéieren.

Villmools Merci.