Header for 6. Heure de questions au Gouvernement Question n° 228 du 7 juin 2021 de M. Sven Clement relative aux auxiliaires de vie, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

6. Heure de questions au Gouvernement Question n° 228 du 7 juin 2021 de M. Sven Clement relative aux auxiliaires de vie, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Dës Ried hunn ech den 08/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Heure de questions au Gouvernement Question n° 228 du 7 juin 2021 de M. Sven Clement relative aux auxiliaires de vie, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Wann ech den Ordre du jour richteg gelies hunn, ass et dann déi drëtt awer och déi leschte Fro haut un de Minister Meisch.

(Hilarité)

Da kann en duerno e bëssen entspanen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, virun e puer Deeg hunn d’Membere vum Kommitee vun der

Associatioun vun den Auxiliaires de vie bekannt ginn, datt se alleguerten zesummen zrécktriede wäerten, well se, ech zitéieren hir eege Wierder: „mëttlerweil einfach midd si vun engem Kampf géint d’Wandmillen.“ Trotz laanger Ausbildung fannen d’Auxiliaires de vie sech ganz oft an där selwechter Karriär erëm wéi d’Aides sociofamiliales, déi awer vill manner For matioune gemaach hunn an dofir da konsequente rweis och manner verdéngen. An dat just, well ursprénglech, an de Minister, deen dat schonn eng Kéier geäntwert huet, Romain Schneider, sëtzt och hei, dee geschriwwen hat, datt vergiess gouf, se an d’Reglement vum 13. Dezember 2017 opzehuelen.

Dat geet aus enger Äntwert op eng Question parle mentaire scho vun 2019 zréck. An do war d’Konklu sioun, mee et kéim zu kenger Ännerung, well d’Commission consultative dat net zréckbehale wollt. Esou stellt sech also elo d’Fro net: Kënne mer se an d’Reglement ophuelen? Mee éischter, wéi mer jonk Mënsche solle motivéieren, eng Ausbildung zum Auxiliaire de vie ze maachen, wa se trotz der Ausbildung duerno um Terrain, nämlech wat d’Tâ chen an de Salaire ugeet, majoritär mat den Aides sociofamiliales gläichgestallt wären.

Dofir wéilt ech dem Minister follgend Froe stellen.

Éischtens: Ass eng Reform vun der Ausbildung vum Auxiliaire de vie geplangt? Falls jo: Wat fir Änne runge si virgesinn? Falls nee: Ass virgesinn, d’Aus bildung an hirer aktueller Form bäizebehalen oder soll d’Formatioun ganz ofgeschaaft ginn? A wéi géif en dee Choix da rechtfertegen?

Ech soen Iech Merci.