Header for 6.  Heure de uestions au GouvernementQuestion n° 189 du 9 février 2021 de M. Sven Clement relative aux vaccinations dans les maisons de retraite et de soins, adressée à Mme la Ministre de la Santé

6.  Heure de uestions au GouvernementQuestion n° 189 du 9 février 2021 de M. Sven Clement relative aux vaccinations dans les maisons de retraite et de soins, adressée à Mme la Ministre de la Santé

Dës Ried hunn ech den 09/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6.  Heure de uestions au GouvernementQuestion n° 189 du 9 février 2021 de M. Sven Clement relative aux vaccinations dans les maisons de retraite et de soins, adressée à Mme la Ministre de la Santé” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci och un de Marc Spautz, dee virdru schonn als éischt Fro an dëser Ronn eng änlech Fro gestallt huet. Ech mengen, ech muss net méi op d’Fakten agoen, datt mer an den Alters a Fleegeheemer heiansdo Clus tere kënnen hunn. Dat ass grad bei vulnerabele Po pulatiounen nun emol net vun der Hand ze weisen, mee ausser d’Leit ze impfen oder se anzespären, mengen ech, gëtt et net villes, wat een dogéint maache kann.

Vu datt ech d’Leit net wëll aspären, denken ech, datt Impfen do dann dee richtege Wee wär. An en Dokter, den Dokter Claude Muller, huet an engem rezenten Artikel ënner anerem och op d’Konzept vun de sougenannte „Ringimpfungen“ higewisen. Ringimpfungen, wat ass dat? Ma wann ech bis positiv Fäll hunn, a grad a vulnerabele Popula tiounen, impfen ech all d’Leit an engem Rénk ron derëm dës infizéiert Persounen, fir esou en Aus breede vun der Infektioun ze verhënneren. Dat huet an der Vergaangenheet bei anere Krankheeten bei Ebola a bei de Pouken tatsächlech relativ vill Suc cès gehat. Et muss ee soen: Do sinn d’Impfstoffer méi séier wierksam.

Dofir ass d’Fro, déi ech hunn, ob d’Regierung envisagéiert, Ringimpfungen ze maachen, wa mer esou Clusteren hunn, grad bei vulnerabele Popula tiounen, an ob se wëssenschaftlech Erkenntnisser huet iwwert d’Effikassitéit vun deem am Kader vu Covid19.

An dann, well et awer e vulnerabele Secteur ass … An d’Madamm Cahen huet och virdru schonn e puer Äntwerte ginn, se huet awer versprach, déi ganz Äntwert géif haut nach kommen. Dat heescht, mir si gespaant, a wéi villen Alters a Fleegeheemer d’Residenten da scho geimpft goufen, wéi vill Per soune profitéiert hunn an och wéi vill Prozent sech net impfe gelooss hunn.

Ech mengen, op déi lescht Fro hunn ech d’Äntwert virdru schonn erausgerechent: Dat missten 13,3 % sinn. Esou kann d’Madamm Ministesch sech vläicht dann op déi aner Froe konzentréieren.

Merci.