Header for 6. Motion de M. Fred Keup relative au respect du principe que l’État n’a pas à réguler la langue en fonction de principes politiques et/ou idéologiques

6. Motion de M. Fred Keup relative au respect du principe que l’État n’a pas à réguler la langue en fonction de principes politiques et/ou idéologiques

Dës Ried hunn ech den 06/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Motion de M. Fred Keup relative au respect du principe que l’État n’a pas à réguler la langue en fonction de principes politiques et/ou idéologiques” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech ginn duerno der Madamm Hansen meng Kopie vum Leitfaden, well dat war net schwéier, en um Internet ze fannen, och an där Zäit, déi ech gebraucht hunn, fir virdrun no zelauschteren an den Debaten. Ech muss awer hei éierlech de Kolleeg, deen dat heiten, déi Motioun, deposéiert huet, der intellektueller Onéierlechkeet bezichtegen, well dat, wat hei an der Motioun be haapt gëtt, stëmmt bis op een eenzege Punkt ein fach net!

M. Fred Keup (ADR), auteur. Dach!

M. Sven Clement (Piraten). Et steet net esou am Leitfaden.

M. Fred Keup (ADR), auteur. Dach!

M. Sven Clement (Piraten). A bei där Meenung wäert ech bleiwen. Do kann en esou vill „dach“ ruf fen, wéi e wëllt!

(Interruption par M. Georges Engel)

Ganz éierlech … Jo, et kéint een et eng „Ligen“ nen nen, Här Engel, wann Der dat esou mengt. Ech hätt dat Wuert elo net an de Mond geholl, mee dat passt warscheinlech schonn.

Et geet nämlech an deem Leitfaden ëm véier Saa chen, déi ganz kloer opgezielt sinn. Dat eent ass: „weibliche und männliche Form mitbenennen“. Ech mengen, dat ass eppes, wat eis alleguerten hei banne geleefeg ass. Mir soe quasi schonn natier lech déi weiblech an déi männlech Form gläichzäi teg. Dat ass eppes, fir d’Sprooch inklusiv ze maa chen, dat ass, fir datt ee seet, et gëtt se vun all Ge schlecht. An do gëtt et eng Hellewull vu Studien, déi beweisen, wann een dat net mécht, datt dann dat eent Geschlecht, wat net genannt gëtt, ver schwënnt. Et verschwënnt an der Sprooch, et ver schwënnt am Kapp. An deementspriechend huet ee vläicht och net de Reflex, fir dee Beruff auszeüben.

Grad dann, wa mer eng Gesellschaft wëllen, déi in klusiv ass, sollt een eebe grad déi zwee Geschlech ter nennen dat fannen ech eng ganz gutt Ap proche. „Stereotype Zuweisungen vermeiden durch Ausge wogenheit“. Da gëtt gesot: „typisch männliche Be rufe, wie Bäcker, Mechaniker grundsätzlich gen dern“, zum Beispill och „Bäcker/in“ soen oder „Mechaniker/innen“. Ech fannen dat net esou dra matesch, wéi dat hei steet.

An da geet et ëm: „Darstellung des ‚schwachen/ passiven Geschlechts’ vermeiden“. Do geet et drëm, datt een och Fraen a Féierungspositiounen duer stellt. Ma ech fannen, datt dat wichteg ass! Ech fannen, datt mer Fraen a Féierungspositioune min destens esou an d’Vitrinn sollte stellen, wéi mer Männer an der Vergaangenheet an d’Vitrinn gestallt hunn. Ech hu kee Problem domat, wann an engem Schoulbuch eng Fra an engem Kostüm, mat Krawatt oder och an engem Rack steet. Et ass mer ganz éierlech wichteg, datt mer hei eng Ausgewogenheet kréien!

An da kënnt awer deen ee Punkt, wou ech e bëssen e Problem mam Minister sengem Dokument hunn, dat ass nämlech bei: „geschlechtszuweisende (sexualisierte) Darstellungen vermeiden“. Ech si mat quasi allem, wat drasteet, averstanen, just mat eppes net, an dat huet d’ADR awer och hei opge graff, dat ass: „(ein Kind) Stillende“ net ofzebilden.

Ech fannen, datt dat e falscht Signal ass.

(Interruption)

Mir sollte genau dat normaliséieren, mir sollte ge nau dat och weisen, nämlech och Fraen, …

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). … déi d’Broscht ginn, well och dat gehéiert zum Liewen. A grad an enger progressiver Gesellschaft sollt een dat net iergend wou an engem Hannerzëmmer verstoppen.

(Brouhaha)

Dat gesot fannen ech, datt déi Motioun hei eppes beweist: datt den Auteur de Kompetenzsockel vum Leseverständnis vum Leitfaden net erreecht huet.

Mir wäerten dergéint stëmmen.

Merci.

M. Fernand Etgen, Président. Merci villmools, Här Clement. An da ginn ech d’Wuert un den Auteur vun der Motioun, den Här Fred Keup.

M. Fred Keup (ADR), auteur. Merci, Här President. Ganz, ganz dichteg, Här Clement, fir hei d’Leit esou ze beurteelen! Ech mengen, ech hunn dat heite gelies, an ech mengen, ech si jo selwer concernéiert, ech war jo laang genuch Proff. Dat ass dann u mech eigentlech geriicht …

(Interruptions)

… an u meng vill Proffekolleegen. An ech hu ganz villen dat do och ze liese ginn an déi hunn et iwwre gens d’selwecht verstane wéi ech. Dat also beweist, géif ech emol soen, dass mer trotzdeem hei net esou falschleien. A jiddwereen, deen et net gelies huet, d’Madamm Hansen oder all déi aner: Liest et!

Alles, wat mir hei schreiwen, steet genau esou dran. Also, fir de Leit virzewerfen oder hei ze soen: „O, eng Ligen!“, dat ass nun awer mol e bëssen iw werdriwwen, fir net ze soe komplett deplacéiert!

Ech hunn och néierens gesot … Ech mengen, dat ass och eppes, wat Dir ganz gutt kënnt: …

(Interruption par M. Sven Clement)

… de Leit Saachen an de Mond leeën, déi se net ge sot hunn. Ech hunn néierens gesot, dass Fraen net solle positiv duergestallt ginn. Natierlech solle mer Fraen an alle méigleche Beruffer duerstellen! Mir solle se, wéi d’Männer och, an alle Situatiounen duerstellen. Dat ass absolutt net vu mir a vu men ger Partei a Fro gestallt! Hei sinn déi Saachen a Fro gestallt, déi hei stinn. An Dir hutt eppes jo falsch gesot och virdrun, Dir sot: „Mir benotzen hei alle guerte schonn déi zwou Forme gläichzäiteg.“

M. Sven Clement (Piraten). Jo, ausser Ärem Klippchen!