Header for 6. Motion de M. Yves Cruchten relative à la défense des valeurs fondamentales de l’Union européenne et au suivi de la situation en Hongrie

6. Motion de M. Yves Cruchten relative à la défense des valeurs fondamentales de l’Union européenne et au suivi de la situation en Hongrie

Dës Ried hunn ech den 18/04/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Motion de M. Yves Cruchten relative à la défense des valeurs fondamentales de l’Union européenne et au suivi de la situation en Hongrie” gehalen.

a.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Ech verspriechen och, datt ech probéieren, mech un déi zwou Minutten an 30 Sekonnen, déi ech hunn, bei dësem komplexen Theema ze halen. Et ass esou, datt ech, mengen ech, net eleng heibanne sinn, wann ech soen: E Parlament muss sech Suergen ëm d’Demokratie maachen, ob doheem oder am Ausland! Mir kënnen dach net nokucken, wärend d’Demokratie, d’Matbestëmmung mam Argument vun der Kris einfach ofge­ schaaft gëtt!

Et gouf gesot, mir hunn der Regierung hei méi Pouvoire ginn, mee zäitlech begrenzt, well eis Verfassung dat virgesäit. A wien den Debat suivéiert huet, wéi mer dat Gesetz gestëmmt hunn, deen erënnert sech, datt schonn dee­ mools, wéi déi Verfassungsännerung iwwerhaapt komm ass, datt d’Chamber gefrot misst gi fir den État de crise, driwwer gestridde ginn ass, fir wéi laang et dann ubruecht wär, der Regierung esou Pouvoiren ze ginn.

Ech mengen, datt et wichteg ass an enger Demokratie, datt ee Luucht um Enn vum Tunnel gesäit, wann een enger Regierung vollst Ver­ trauen ausschwätzt, an datt een net einfach däerf soen: „Dat wäert scho riichtgoen.“

Den David Wagner huet et gesot: Den Här Orbán gehéiert warscheinlech op eng Plaz, wou Leit sëtzen, déi Geld klauen, Geld verontreien oder soss Schanddote beginn.

Wat mech am meeschte gepräägt huet bei deem Debat hei ass: Den Här Orbán ass an déi lescht Walen an Ungarn eragaang mam Slogan „Stoppt Bréissel!“. En huet dat gesot! Dohanne sëtzt nach ee mat deem nämmlechte Gedanke­ gutt.

„Stoppt Bréissel!“, mee wann ech Geld kréien, fir meng eegen Täsche voll ze maachen, dann huelen ech et, an egal ob Italie leit oder net, Ungarn kënnt als Éischt! „Ungarn first, the rest later!“ Ech mengen, et gëtt nach e groussen, oder besser gesot e bësse méi voluminéise Staatsmann, deen dat och fir säi Land géif behaapten.

(Interruption)

Mir sollten als Chamber kloer Positioun huelen, wann et Abus de pouvoir gëtt.

A fir nach ee Wuert ze soen, well ech nach zéng Sekonnen hunn: Här Kartheiser, wannechgelift, wann Der hei mat Fakenews hantéiert, mir hätte gëschter eng Motioun gestëmmt, datt een däerft Tracking maachen, dat ass éischtens falsch. Wien den Text liest, kann dat séier novollzéien. An zweetens, grad fir den Här Orbán ze verdeedegen, dee wierklech de Meeschter vu Fakenews an Europa ass, mat Fakenews ze hantéieren, dat weist, wes Geistes Kind Sie sind!

b.

M. Sven Clement (Piraten).- Keng obligatoresch Trackingapp, stoung kloer dran, Här Kartheiser!

M. Sven Clement (Piraten).- Ech schléisse mech deem un, Här Mars Di Bartolomeo.

c.

M. Sven Clement (Piraten).- Pardon, ech profitéieren och vum Fait personnel, well als Auteur vun där Motioun gouf ech jo direkt hei mat an d’Schosslinn nach eng Kéier bruecht. An ech stinn dozou, datt den Här Kartheiser déi Motioun komplett falsch erëmginn huet, well den éischten Invite vun der Motioun … An, se steet um Portail, Här Kartheiser. E bësse Recherche! Dir sidd soss en intellektuellen an in­ telligente Mënsch, dann hätt ech Iech zougetraut, dat ze maachen an déi zwee Sätz, déi an der Motioun stinn, nozeliesen.

„Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung,

1. keng obligatoresch Tracing­Applikatioun, säitens der Regierung, zu Lëtzebuerg zouzeloossen.“

Wie behaapt, datt hei eppes ogestëmmt gi wier, mat deem krank Leit forcéiert géife ginn, getraced ze ginn, dee litt! Anescht kann ech et net soen! An ech mengen, jiddwereen dobaus sen, jiddwereen heibanne kann ee Saz Lëtzebuergesch liesen a verstoen an dann och verstoen, wat domadder gemengt gëtt, oder, wéi den Här Engel seet, vläicht och net.

Den zweete Saz iwwregens, fir komplett ze sinn, net datt herno ee seet, ech wär onkomplett: „2. och bei volontairen Applikatiounen“, dat heescht, wann eng Persoun dat wëllt, „säitens der Regierung, keng zentral Späicherung vun Donnéeën zouzeloossen.“

Domadder ass déi Iwwerwaachung definitiv ausgeschloss.

Mir wäerten an der Kommissioun dozou sécherlech eng konsensuell Majoritéit fannen. An ech si mer sécher, datt dës Chamber hei net d’Grondrechter vun de Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger mat Féiss trëppelt, esou wéi Äre gudde Kolleeg, den Här Viktor Orbán, dat am Moment an Ungarn mécht.