Header for 6. Motion de Mme Martine Hansen relative l’interdiction de la consommation de boissons alcoolisées sur la voie publique jusu’au 15 janvier 221 inclus

6. Motion de Mme Martine Hansen relative l’interdiction de la consommation de boissons alcoolisées sur la voie publique jusu’au 15 janvier 221 inclus

Dës Ried hunn ech den 19/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Motion de Mme Martine Hansen relative l’interdiction de la consommation de boissons alcoolisées sur la voie publique jusu’au 15 janvier 221 inclus” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. D’Motioun ass op den éischte Bléck immens sym pathesch an et gëtt iwwert d’Consommatioun vun Alkohol geschwat. Ech denken, de Gilles Baum huet et elo grad richteg gesot, mir missten éischter den Ausschank vun Alkohol verbidden, wéi datt mer d’Consommatioun vun Alkohol verbidden. Dat vläicht als Ureegung, well ech stelle mer awer e puer ganz konkreet Froen, wéi dat soll fonctionéieren.

Wéi kontrolléiert e Polizist dann, ob do een Alkohol drénkt oder e Glas mat eppes Netalkoholeschem? Richt en drun? Schmaacht en et? Ech kann Iech et éierlech gesot net soen, wéi dat dote soll um Ter rain enforcéiert ginn. D’Intentioun vun der CSV hei ass, fir et méi einfach ze maache fir d’Police, d’Gesetz duerchzesetzen. Ech erënneren drun: Am Gesetz, dat mer en Dënschdeg gestëmmt hunn also Dir hutt et gestëmmt, well mir hunn dergéint gestëmmt, steet dran: « à partir de quatre person nes jusqu’à dix personnes » bei de Rassemblemen ter, Artikel 4 (4), muss een eng Mask an zwee Meter Distanz hunn. Dat ass Kontroll: Wa véier Leit zesummen am ëffentleche Raum stinn, kann d’Police déi direkt verbaliséieren, wa se net zwee Meter anhalen an eng Mask unhunn!

Vu datt ee kee Glüwäin drénke kann, wann een eng Mask unhuet, ass dat heiten de facto scho verbali sabel. Dat heescht, amplaz datt mer hei e Waasser kapp dropsetzen, wou d’Police elo nach muss kon trolléieren, ob et Alkohol ass, wat do dran ass, oder ob et en net alkoholesche Glüwäin ass, hätte mer vläicht besser, mir géifen den Ausschank vun Alko hol verbidden. Dat kënne mer vill méi konkreet ree gelen. Dat kann ee vill méi konkreet dann och de Commerçantë verbidden. An da sollte mer dat Ge setz enforcéieren.

Et ass jo schéin a gutt, datt mir hei eng Motioun elo wëlle stëmmen, datt Alkoholkonsum am ëffentle che Raum soll verbuede ginn, mee et wär vill méi einfach, wann all déi Leit, déi do um Knuedler … a mir hu se alleguerte gesinn, ech ginn Iech absolutt Recht , wann d’Police déi anstatt fortzejoen, wéi mer rapportéiert gouf, se géif verbaliséieren, well dat ass de grousse Problem. Mir verbidden elo vläicht hei eppes Neies an da seet d’Police herno: „Ma et ass vläicht awer ze vill Aarbecht, fir dat doten ze enforcéieren. Mir gi just op d’Plaz, mir suergen duerfir, datt d’Leit sech erëm e bësse verstreeën.“ A 15 Minutten drop stinn d’Leit erëm genau d’nämmlecht do, well se net verbaliséiert goufen.

Mir hunn am Gesetz …, Dir hutt am Gesetz gestëmmt, datt et en Avertissement taxé vun 145 Euro gëtt, wann een zu méi wéi dräi Leit ouni Mask an zwee Meter Ofstand am ëffentleche Raum zesummesteet, ma dann enforcéiert dat Gesetz, suergt duerfir, datt d’Police d’Moyene kritt, fir et ze enforcéieren, a maacht hei keng Symbolpolitik!

Fir eis wär et méi sënnvoll, de Contrôle an den Enforcement mat den Avertissementtaxéen ze ren forcéieren, dat, andeem mer et eventuell opmaachen, fir déi och duerch Bannhidder, Agentmunicipallen a Gott weess, wien nach hei am Staat capabel wär, fir Protokoller ze verdeelen, … Dat hätt en direkten Im pakt.

Fir mech: Just Alkoholkonsum ze verbidden an d’Vente weiderlafen ze loossen, wär e bëssen ze kuerz geduecht. Deementspriechend wäerte mir eis bei där Motioun hei enthalen.