Header for 6. Résolution de M. Fernand Kartheiser relative à l’organisation d’une campagne d’information au sujet de la révision de la Constitution

6. Résolution de M. Fernand Kartheiser relative à l’organisation d’une campagne d’information au sujet de la révision de la Constitution

Dës Ried hunn ech den 14/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Résolution de M. Fernand Kartheiser relative à l’organisation d’une campagne d’information au sujet de la révision de la Constitution” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech maache kee Ge heimnis draus: Mir hätten eis och gewënscht, datt mer virun engem Vott an der Chamber eng méi breet Biergerbedeelegung gehat hätten. Mir hätten eis gewënscht, datt een net nëmmen d’Plattform vun der Chamber genotzt hätt, datt ee consultativ Referenden iwwer méi Froe gemaach hätt. A leider huet d’Majoritéit sech no dem Echec vum leschte consultative Referendum dofir entscheet, fir eeben de Biergerinnen a Bierger keng weider Froen ze ën nerbreeden. Dat fannen ech schued.

Mir hätten, mengen ech, iwwer eng ganz Rëtsch Froen an där Verfassung punktuell misse mat de Biergerinnen a Bierger dobaussen diskutéieren, an zwar ganz breet. Dat hätt ouni viragenommen Änt werte kënne geschéien. Dat hätt kënne wierklech an der Iddi vun enger Biergerbedeelegung funktio néieren. Dat ass net geschitt.

Elo hu mer et esou, datt et véier Ännerungsproposi tioune gëtt fir d’Verfassung, déi vun deene véier Rapporteren deposéiert goufen. An ech mengen, datt et ganz schwéier ass fir ze soen, et stëmmt een einfach nëmme mat Jo oder Nee iwwert dee ganze Block.

Ech bedaueren, datt mer elo an där Situatioun sinn.

Mee dat féiert awer elo derzou, datt mer déi véier Bléck esou gutt et geet mussen dobaussen erklä ren an diskutéieren. Dofir ass et och wichteg, datt mer se diskutéieren an net nëmmen eng Propagan dacampagne, wéi hei insinuéiert gouf, maachen, mee datt mer wierklech en Debat sichen. Datt mer verstinn, ob et wierklech Majoritéiten an der Popu latioun gëtt, breet Majoritéite fir dat, wat déi véier Rapporteren hei deposéiert hunn.

Dofir mengen ech, datt d’Resolutioun, déi ech mat ënnerschriwwen hunn, déi bescht Pist ass, well en einfache Jo/Nee op esou eng komplex Fro wéi op déi vun deene véier Dossieren ass vläicht an enger Campagne ze verkierzt. Dofir wäerte mir eis bei der Resolutioun vun der ADR enthalen a fir d’Resolu tioun, déi mer matënnerschriwwen hunn, stëmmen.

Ech soen Iech Merci.