Header for 7. Déclaration de Mme Paulette Lenert, Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire, sur la politique de coopération au développement et de l’action humanitaire, suivie d’un débat

7. Déclaration de Mme Paulette Lenert, Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire, sur la politique de coopération au développement et de l’action humanitaire, suivie d’un débat

Dës Ried hunn ech den 14/05/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7. Déclaration de Mme Paulette Lenert, Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire, sur la politique de coopération au développement et de l’action humanitaire, suivie d’un débat” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kéint mech elo ganz beléift heibanne maachen, andeem ech géif soen: „Dat hei war et vu menger Ried.“ Et deet mer leed, ech sinn dee Leschten, deen tëschent Iech an Ärem wuelver- déngte Feierowend steet.

(Hilarité et interruption)

Ah, d’Madamm Ministesch däerf nach eng Kéier schwätzen! Et deet mer leed, Madamm Lenert. Elo hat ech Iech bal vergiess. Dat ass, wann een esou ganz eleng op der Bänk do sëtzt.

M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance.- Kommt zum Punkt!

M. Sven Clement (Piraten).- Här Pre- sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Wuert „Kooperatiounspolitik“ seet et ewell: Mir sollen hei eng Politik maachen, fir mat anere Länner ze kooperéieren, fir zesummen eng besser Zu- kunft fir d’Mënschen op dësem Planéit ze schafen. Dëst dierf net zu neien Ofhängegkeete féieren. An et ass wichteg, et grad an aktuellen Zäiten ze betounen, datt mir eis enger „debt- book diplomacy“ vehement entgéintsetzen an als Géigenentworf zu dëser ekonomescher Versklavung op Investitioune setzen, déi realis- tesch kënnen ëmgesat ginn, ouni Mënschen an eng nei Ofhängegkeet ze forcéieren.

Dofir deelen ech der Madamm Ministesch hir gemëschte Gefiller och. Gemëschte Gefiller, well de lëtzebuergesche Bäitrag eng Drëps op de waarme Steen ass. Awer och gemëschte Ge- filler, well eis Vue vu Kooperatioun leider net méi vun alle Partner op der Welt gedeelt gëtt a vill ze heefeg ënnert dem Virwand vun enger Entwécklungs- oder Kooperatiounspolitik knall- haart Wirtschaftspolitik bedriwwe gëtt. Kooperatioun bedeit och, zesummen d’Eraus- fuerderunge vun haut a vu muer unzegoen an aus de Feeler vun der Vergaangenheet ze léie- ren. Dat Ganzt muss an e kohärente Kader ge- stallt ginn. A mir mussen aus de Feeler vun Im- port- oder Exportsubventioune vu fréier léieren, fir lokal Mäert an eise Partnerlänner net futti ze maachen.

Fir d’Mënschen an eise Partnerlänner gutt op- zestellen, gëllen déiselwecht Rezepter wéi och zu Lëtzebuerg. D’Bedierfnisser erfëllen, en Daach iwwert dem Kapp hunn an eng gutt Bil- dung sinn d’Grondlagen, fir uschléissend mat Projeten aus der Mikrofinanz oder Investi- tiounsprogrammer och lokal eng ekonomesch Zukunft kënnen opzebauen.

Mir begréissen dofir déi lëtzebuergesch Initia- tiven an dësem Beräich. An et ass sécherlech eng ganz gutt Ausgangsbasis, fir dës Koopera- tioune mat Schoulen, awer och mat Mikrofi- nanzinstituter ze verbesseren an auszebauen.

D’Kooperatiounspolitik an hir Strategie 2030 mat deene véier Achsen, déi mer kennen, ent-spriechen am grousse Ganzen deem, wat mir Piraten eis vun enger nohalteger Koopera- tiounspolitik géifen erwaarden. Et sinn awer, wéi esou oft, Detailer, wou mer e bësse méi Nodrock vermëssen. Esou verstinn ech, datt d’Mënscherechter als transversal Aktivitéite solle berücksichtegt ginn, mä gläichzäiteg sollt ee bei Kooperatiounen, jo, dem Zesumme- schaffen, ëmmer dorop oppassen, datt eis grondsätzlech Wäerter net zur Diskussioun stinn.

Et ass och ze begréissen, datt d’Regierung d’so- zioekonomesch Abannung vu Frae fërdere wëllt; dëst och direkt als eng vun den Haapt- prioritéiten. Madamm Ministesch, sidd assu- réiert, Dir hutt eise vollste Support, wann et dorëm geet, dës Projeten duerchzesetzen. An ech begréissen et, geneesou wéi d’Kolleegen aus der Oppositioun, datt, wa mer aner Mon- tante géifen aberechnen, mer wahrscheinlech iwwert deem 1 % vum RNB leien; eppes, fir wat mer eis net schumme sollten.

Mir sollen awer oppassen, datt mer dobäi ko- härent bleiwen. A kohärent heescht, sech net nëmmen op eenzel Achsen ze konzentréieren, mä et an alle Politikfelder duerchzedeklinéie- ren. Dës Kohärenz bleift awer grad an der Koo- peratiounsdirektioun am Moment e bëssen op der Streck, well engersäits soe mer iwwerall: „Aarbecht soll belount ginn, Aarbecht soll ge- recht entlount ginn“, fir dann awer am gläi- chen Otemzuch op der Websäit vun der Ko- operatioun eng onbezuelte Stageplaz ausze- schreiwen. Wéi soll eis Kooperatiounspolitik international fir Versteesdemech vu kohärente Politikmodeller suergen, wa gläichzäiteg hei- heem Stagiairen net bezuelt ginn?

(Interruption)

Et ass vläicht eng kleng Inkohärenz, mä et ass eng.

Eng aner grouss Erausfuerderung fir d’Zukunft vun eis all ass de Klimawandel. Ech mengen, do wäert heibanne keen eppes dergéint soen. An et ass sécherlech déi gréissten Erausfuerde-

rung. Well wann d’Klimakrise weltwäit weider ëm sech gräifen a Stierm, Dréchenten an aner Katastrophen d’Liewen an d’Iwwerliewen an eise Partnerlänner ëmmer méi komplizéiert bis hin zu onméiglech maachen, da musse mer reagéieren.

Wann ee weess, datt um afrikanesche Konti- nent haut erneierbar Energien nach ëmmer am eestellege Beräich ze fanne sinn, obwuel d’Die- selverstroumung, déi a ville Géigenden a grad an de ländleche Géigende praktizéiert gëtt, net nëmmen ëmweltschiedlech ass, mä souguer heefeg méi deier wéi Solar-, Wand- oder Waas- serenergie, da weess een och, datt hei Oppor- tunitéiten ze fanne sinn, fir e wierklech wirt- schaftlechen Opschwong an eise Partnerlänner ze stimuléieren, andeem mer en Technologie- transfer erméiglechen, Investitiounen ënner- stëtzen an duerch den Opbau vu Stroumnet- zer, gespeist mat erneierbaren Energien, net nëmmen nei ekonomesch Aktivitéiten er- méiglechen, mä och d’Resilienz vis-à-vis vu Kli- maschwankunge verstäerken.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, déi lëtzebuergesch Entwécklungspolitik wier näischt ouni d’ONGen, déi um Terrain aktiv

sinn. Si liewen d’Kooperatioun um Terrain. Si baue Relatioune partnerschaftlech op engem ganz konkreten a perséinleche Plang op. Jo, op dëser Basis schafe si d’Grondlage fir eng néide- gerweis méi abstrakt Kooperatiounspolitik. Eis ONGe sinn dofir och e wichtege Bestanddeel vun enger aktiver Kooperatioun. Dofir musse mir dës Brique nach weider stäerken an hinnen hëllefen, fir um Niveau vun der Compliance, souwuel vu sech selwer wéi och vun hire lokale Partner, nach besser ze ginn. Hei kéint ganz konkret de Stat respektiv eis Entwécklungsa- gence déi néideg personell Ressourcen zur Ver- fügung stellen, fir d’Käschten ze reduzéieren an d’Vertrauen an Donen an doduerch och an eis ONGen ze stäerken.

Nieft de finanzielle Ressourcen ass et awer och um Niveau vum Personal op der Plaz wichteg, fir d’Sécherheet ze garantéieren. Mir begréis- sen, datt d’Madamm Ministesch dëst och an de Fokus setzt an d’Sécherheet vun alle Mat- aarbechter vun der lëtzebuergescher Koopera- tioun weider op engem héijen Niveau garan- téiere wëllt an do, wou dat an der Vergaangen- heet net de Fall war, schonn ugefaangen huet nozebesseren.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, d’Kooperatiounspolitik ass eent vun deene Poli- tikfelder, wou all Euro, dee mir investéieren, en immensen Impakt kann hunn. Dofir ass et och déi lëtzebuergesch Drëps op de waarme Steen, déi ech virdru genannt hunn, déi esou wichteg ass. Mir dierfen eis Investitiounen an eng Verbesserung vun der Liewenssituatioun vu ville Mënschen net als Käschtepunkt gesinn. Mir sollten et als wierklech Investitioun an d’Mën- schen op der Plaz interpretéieren. Mir sollte vum Kannerheem iwwert d’Schoul, d’Héich- sch ou l bis hin zu eiser Hëllef bei Energiege- wannung oder besserer Gouvernance et esou gesinn, datt mer domadder d’Welt e klengt Stéck besser maachen.

De Baden-Powell, iwwert deen am Kontext vum Doud vun eisem Chefscout an dem hon- nertste Gebuertsdag vun de Lëtzebuerger Gui- den a Scoute vill geschwat gouf, sot verkierzt: „Try and leave this world a little better than you found it.“ Dëst Zitat ass sécherlech net eleng dem Grënner vun der Scoutsbewegung zouzeschreiwen, well vill Mënschen, ob Scout, Politiker oder einfach Mënsch, deen aktiv an der Entwécklungsaarbecht ass, hunn dëst Zitat net nëmme benotzt, mä gelieft.

Eis lëtzebuergesch Entwécklungspolitik steet an eisen Ae genee an dësem Esprit. Mir als klengt Land probéieren, d’Welt zu enger besserer Plaz ze maachen. An dofir brauch et e Konsens, deen och a wirtschaftlech méi schwieregen Zäi- ten net a Fro gestallt gëtt. Dësen hu mir zu Lët- zebuerg gehat, mir hunn en, an dëse gehéiert verdeedegt!

Och an Zukunft solle mir weider mat anere kooperéieren, hinnen hëllefen, déi bescht- méiglech Entwécklung an hire Länner sur place ze erreechen an doduerch d’Welt zu enger bes- serer Plaz ze maachen. Mir sollten onofhängeg dovunner, wéi aner Länner Entwécklungshëllef fir eege geopolitesch oder wirtschaftspolitesch Zwecker mëssbrauchen, weiderhin eis Koope- ratiounspolitik ouni Erwaardung vun engem Quid pro quo exekutéieren.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, villes an eiser Kooperatiounspolitik leeft richteg. Déi meescht Indicateure weisen an déi richteg Richtung a wa mir e Schratt zréck huelen, kënne mer mam Gesamtbild zefridde sinn. Wa mer awer e Schratt no vir maachen, an d’Bild vu ganz no analyséieren, mierke mer awer, datt net alles ganz perfekt a feelerfräi ass. Vill muss nach gemaach ginn, fir mat eisen europäesche Partner zesummen un engem Strang ze zéien an eng gemeinsam Visioun vun der néideger Form vun Entwécklungshëllef ze schafen. Mir mussen nach méi op d’Situatioun vu Mënsche- rechter an eise Partnerlänner agoen an dëst konkret suivéieren.

Och musse mer bereet sinn, eise Partner op Aenhéicht ze begéinen an net interpretéiert ze ginn, wéi wa mer géifen Almose verdeelen. Neen, zesummen un der Zukunft bauen, Brique fir Brique, Projet fir Projet, ganz ouni nei Ofhängegkeete vun Hëllefen oder Scholden ze schafen!

(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

Do dernieft musse mer och d’Situatioun vun de Fraerechter, d’Klimasituatioun op der Plaz an eng Hickecht u weidere Parameteren a Pro- blemer am A behalen.

Fir evidenzbaséiert Entwécklungspolitik ze er- méiglechen, brauche mer gemeinsam Indica- teuren a méi Transparenz bei der Notzung vun dëse Fongen an eben och e Contrôle, ob se dann dës Indicateuren an déi richteg Richtung bewegen.

Et bleift also nach genuch ze di fir eng besser Kooperatioun tëschent der EU, Lëtzebuerg an eise Partnerlänner, fir esou net nëmmen de ge- nannte Fluchtursaachen entgéintzewierken, mä tout court d’Liewenssituatioun vun de Mën- schen an eise Partnerlänner ze verbesseren. Do- fir wëll ech och hei e Punkt a menger Inter- ventioun maachen an ech wënschen der Ma- damm Ministesch eng glécklech Hand an hi- rem Ressort. Mir wäerten d’Entwécklungspolitik op alle Fall konstruktiv begleeden. A ganz ën- nert dem Motto vun engem Kolleeg, dee selwer an der Kooperatioun ënnerwee ass, deen ëmmer den Hashtag benotzt: „#Nix Bla- bla!“, wënschen mer Iech eng gutt Hand. Loosst eis et upaken!

An ech soen Iech villmools Merci fir d’No- lauschteren. An alles Gutts!