Header for 7. Dépot d’une proposition de loi par M. Sven Clement

7. Dépot d’une proposition de loi par M. Sven Clement

Dës Ried hunn ech den 12/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7. Dépot d’une proposition de loi par M. Sven Clement” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech verspriechen Iech, ech maachen et kuerz. Et ass och eng ganz kuerz Proposition de loi. Et geet drëm, datt mer 2023 nieft de Chamberwalen, wat eis alleguerten heibanne jo bewosst ass, och Gemengewale wäer ten hunn, wat och deene meeschten heibanne bewosst ass, well se och selwer wäerte Kandidat oder Kandidatin sinn.

Wat awer natierlech mat sech bréngt, datt et do och drëm geet, wien da wielen däerf a wéi einfach mer deene Leit et maachen, fir wielen ze kënnen.

Et ass esou, datt no den Zuele vum Statec am Moment 248.000 EUBierger zu Lëtzebuerg liewen a vun deene bis elo just 23 % sech op eng Wallëscht (veuillez lire: op eng Wielerlëscht) ageschriwwen hunn, vun deenen, déi eligibel sinn. Et ass nämlech esou, datt ronn 33 % vun deenen Électeurs potentiels am Moment nach exkludéiert gi vun de Walen, well se nach keng fënnef Joer zu Lëtzebuerg liewen.

Elo ass et esou, datt grad op Gemengenniveau, do, wou d’Politik wierklech am nooste fillbar ass, et jiddwerengem sollt méiglech sinn, fir un deene Walen ze participéieren. An dofir, Här President, deposéieren ech haut eng Proposition de loi, déi virgesäit, d’Residenzklausel fir EUBierger op Gemengenniveau ze kierzen an et obligatoresch ze maache fir de Gemengebeamten, bei der Umeldung deen neie Resident ze froen, ob e sech da wëllt op d’Wielerlëscht aschreiwen oder net.

Mir hunn eis bewosst géint eng Obligatioun vun der Aschreiwung entscheet, well dat eng ganz Rëtsch aner Consideratiounen nach géif mat sech bréngen, soudatt dat heiten u sech eng kleng Ännerung ass, mee eng Ännerung, déi et awer enger ganzer Rëtsch Leit, déi vläicht 86 Deeg virun de Walen nach net onbedéngt sech mam Walkampf beschäf tegt hunn, géif erlaben, eventuell un hire Gemen gewalen deelzehuelen.

Här President, wannechgelift!