Header for 7. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la mise en place des différentes étapes pour la sortie des mesures de restriction

7. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la mise en place des différentes étapes pour la sortie des mesures de restriction

Dës Ried hunn ech den 18/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la mise en place des différentes étapes pour la sortie des mesures de restriction” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un d’CSV, un d’Martine Hansen, datt se dëse wichtege Punkt vun enger Existstrategie op den Ordre du jour setze gelooss huet. Et war jo u sech méi Riedezäit geplangt, et huet ee sech schlussend lech just zu enger Heure d’actualité duerchrénge gelooss vusäite vun der Majoritéit. Dat fannen ech schued, well et hätt ee vill méi laang heiriwwer kënne schwätzen.

(Brouhaha)

A wann ech d’Majoritéitsdeputéierten hei héieren, déi sech beschwéieren, si hätten net genuch Zäit: Ma et louch an hirer Hand!

Une voix. Très bien!

(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)

M. Sven Clement (Piraten). Zur evidenzbaséier ter Politik, Här Di Bartolomeo, Dir schwätzt vun evi denzbaséierter Politik, de Marc Baum huet et grad ugeschwat: Ma wou ass déi Evidenz? Mir hunn op där enger Säit e Couvrefeu, wou nach ëmmer déi wierklech wëssenschaftlech Evidenz feelt, virun allem an engem Kontext, wou d’Restauranten zou sinn a wou mer liberticide Mesurë bei de Leit do heem am Stot hunn.

Ech hu wierklech e Problem domadder, wann de Staat sech wëllt doheem mat u mäi Kichendësch sëtzen, wärend e fir d’Schoul a fir d’Aarbecht nach ëmmer nëmme Recommandatioune mécht a keng wierklech legal Basis huet. Dat ass alles anescht wéi eng evidenzbaséiert Politik, léif Kolleeginnen a Kolleegen!

Ech sot et elo grad schonns am Kader vum Geset zesprojet iwwert d’Aiden an ech widderhuele mech: D’Kris hält un an déi unhalend finanziell a mental Belaaschtungen, déi domat verbonne sinn, fänken un, hir Spueren ze hannerloossen.

Mir kënnen net esou weidermaache wéi bis elo. Mir kënnen d’Leit no engem Joer net ëmmer nach an der Ongewëssheet loossen, wärend d’Regierung all puer Wochen Entscheedungen trëfft, déi zum Deel weeder novollzéibar nach virauszegesi sinn. Et ass mëttlerweil net nëmmen de wäissen Damp, op deen d’Leit waarden, mee si probéieren och nach, eppes an dee wäissen Damp eranzeinterpretéieren, wat vläicht an dräi Woche kéint kommen.

Mir mussen eis iwwerleeën, wéi mer aus där aktuel ler Ongewëssheet zu engem transparente Stufe plang iwwergoe kënnen, dee Perspektive bitt an och Planungssécherheet. An eppes, wat bei evi denzbaséierter Politik awer gebraucht gëtt, ma dat sinn Zuelen. Ouni Zuele ka jo keen evidenzbaséiert Politik maachen. An da wonnert et mech hei awer, datt mer virun e puer Wochen hei am Haus unanime eng Motioun ugeholl hunn, déi gefuerdert huet, de Schäfferéit an de Gemengen detailléiert Donnéeën iwwert d’Situatioun an hirer Gemeng zur Verfügung ze stellen, a Stand haut déi nämmlecht Schäfferéit déi d’Donnéeën nach ëmmer net kruten.

Ma firwat komme mer dann hei zesummen, léif Kol leeginnen a Kolleegen, wa mer eng Motioun unhue len, d’Donnéeë manifestement do sinn well si gi jo agregéiert no uewe gewisen an dann einfach net weiderginn? Wéi soll dann iergendeen evidenzba séiert Politik maachen, wann d’Donnéeë feelen?

Ech fille mech u sech hei grad zréckversat un haut virun engem Joer.

Haut virun engem Joer hu mer ugefaangen, no Don néeën ze froen. Mir sinn net midd ginn als Opposi tioun, ëmmer méi Donnéeën ze froen. Et ass besser gi mat der Zäit an iergendwann huet et stagnéiert.

Ech hunn d’Gefill, datt et elo erëm um Moment ass, fir no Donnéeën ze froen. Ech hunn d’lescht Woch hei probéiert, fir méi Transparenz bei de Schnell tester ze suergen.

D’Schnelltester gi gemaach an entschëllegt mech, wann ech e bëssen ausser Otem sinn , ech hu mech, well ech am Sport als Arbitter aktiv sinn, och viru Kuerzem teste gelooss, an ech muss soen, dat Resultat taucht herno a kenger Statistik op! Wéi kann et sinn, datt mer als Konditioun fir d’Ouverture vum Sport soen: „Dir musst Tester maachen!“, wéi kann et sinn, datt mer elo an de Schoule Schnelltes ter maachen, an dann déi Zuelen net verëffentle chen? Wéi soll evidenzbaséiert Politik fonctionéie ren, wa mer déi Zuelen net hunn?

Mir brauchen also dréngend, an do ginn ech der CSV Recht, eng Schnellteststrategie, mee net nëm men eng Strategie Wiem gi mer Tester? Wéi gi mer de Leit Tester? Wéini gi se gemaach? , mee mir brauchen och eng Strategie: Wat maache mer mat dem Erkenntnisgewënn, dee mer aus deenen Tester kréien? Well wa mer einfach nëmmen higinn a mir testen a mir maachen näischt domadder, dann hu mer an dëser Pandemie och net wierklech eppes geleescht.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et kéint een natierlech e Stufeplang op Basis vun Zuele maachen. An nee, dat muss net wéi an Däitschland, wéi den Här Baum dat virdru virgestallt huet, op enger Landkaart sinn. Dat kann och méi einfach sinn. Dat kann awer och vill méi kompli zéiert sinn, andeem ee méi Indicateuren eranhëlt. A wa mer vläicht viru sechs Méint ugefaangen hätten, déi éischt Indicateure materanzehuelen, a mir hätte scho viru sechs Méint iwwer konkreet Indicateure geschwat an doriwwer, wéi een déi gewiichte misst oder net, an da géife mer haut net doriwwer schwätzen, datt et jo awer onméiglech wär, Indica teuren ze fannen. Mir hätten et scho kënnen testen!

A mir ginn all dräi Wochen un d’Covidgesetz frécke len, ma dann hätt een och all dräi Woche kënnen déi Indicateure reajustéieren. An a sechs Méint kann ee ganz vill reajustéieren, wéi mer beim Covid gesetz gesinn hunn.

Dat heescht, ech verstinn net, firwat sech dës Re gierung hei esou dergéint wiert, wierklech evidenz baséiert Politik ze maachen, kloer Indicateuren ze benennen, déi an e System afléissen ze loossen, wou verschidden Aktivitéiten op oder zou oder mat Restriktiounen eppes vu béidem kënne sinn. Evi denzbaséiert Politik heescht, datt mer eis op Date baséieren, datt mer eis op dat baséieren, wat mer observéiere kënnen, an net nëmmen op eist Bauch gefill oder op d’Lektür vu wäissem Damp oder vun e puer Téiblieder an enger Taass.

An dann, well mer d’Zäit hei fortleeft, wëll ech just nach ganz kuerz op den Impfpass op dee gréngen Impfcertificat oder wéi och ëmmer en dann elo schlussendlech genannt gëtt agoen: Eng ënner schiddlech Behandlung vu geimpften an net ge impfte Persoune kënnt fir eis net a Fro! De Code pé nal hei zu Lëtzebuerg ass explizitt doranner, datt et keng Diskriminatioun op Basis vun engem medezin neschen Zoustand vun enger Persoun däerf ginn.

An deementspriechend däerf et net dozou kommen, datt hei zu Lëtzebuerg iergend en Impfstatus zu en ger Konditioun fir den Zougang zu eppes gemaach gëtt oder soss eng Diskriminéierung kënnt.

Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Eis ass déi Motioun hei ganz sympathesch. Ech hu jo och a menger Ried doriwwer geschwat. Ech sinn elo e bëssen erstaunt iwwert d’Argument, datt mer se säit Oktober asetzen an nach ëmmer an enger Phase de test sinn. Ma wann ech dat esou duerch deklinéieren a mer nach eng Kéier esou laang an enger Phase de test bleiwen, wéi mer elo scho sinn, ma dann ass hoffentlech d’Pandemie eriwwer, bis déi Phase de test elo ofgeschloss ass.

Ech fannen duerfir, datt dat Wuert „immédiatement“ hei seng Plaz huet. Perséinlech géif ech et schonn emol gutt fannen, wa mer iwwerhaapt déi Daten aus de Schnelltester dann och géifen an eisem Zue lematerial erëmfannen, eppes, wat jo d’Majoritéit och d’leschte Kéier net wollt. Dat gesot, wäerte mir déi Motioun hei matstëmmen.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, vill mools merci. De Kontext, ech hunn et virdrun a menger Ried gesot: Et ass fir eis inakzeptabel, datt et zu Lëtzebuerg zu Diskriminatiounen op Basis vum Impfstatus kënnt. An ech hoffen, datt dat d’Unanimitéit heibanne mécht.

Wat fir mech awer e bësse kokass bei där Motioun hei ass, dat ass, datt engersäits gesot gëtt, datt den EUConseilspresident deklaréiert hätt, datt den EUPass an ass et en EUDokument oder ass et e Pass oder ass et e Certificat?, do streide sech jo och d’Geeschter nëmme wärend der Coronapande mie géif gëllen. An da soll d’Chamber d’Regierung opfuerderen, datt en nees agezu gëtt an net weider däerf benotzt ginn.

Ma, Här Kartheiser, ech hunn e Problem domadder, dat esou matzedroen, net well ech der Meenung sinn, datt deen Outil duerno net soll verschwannen.

Ech si souguer der Meenung, datt mer deen Outil net brauchen, datt mer just en Attest bräichten, datt en Test richteg ass. Dat ass, mengen ech, dee gréisste Problem, dass mer haut mat Fälschunge vu PCRTester oder PCRTestresultater konfron téiert sinn am Reesverkéier. Dat ass e Problem. Dat heiten ass en Outil, dee vläicht dogéint kéint hëlle fen. Mee wann dat wierklech herno just e QRCode ass, deen op engem Blat Pabeier ass, da weess ech net, wéi d’Regierung deen anzéie soll. Well dann huet jiddweree vun eis, deen iergendwann eng Kéier esou en Test gemaach huet, esou een doheem leien oder e puer méi. Deementspriechend hunn ech mat deem Punkt ganz konkreet e Problem.

An da stellen ech nach eng Kéier d’Fro: Ech fuerde ren d’Regierung heibannen net op ze assuréieren, datt kommerziell Transaktiounen oder Déngscht leeschtungen net däerfe vun enger Impfbestäte gung ofhängeg gemaach ginn, well dat ass d’Ge setz. A wann iergendee mat enger Iddi kënnt, fir dat ze änneren, da wäert ech hei och do dergéint schwätzen.

(Interruption par M. Georges Engel)

An ech hoffen … An den Här Engel seet souguer, d’LSAP géif do dergéint schwätzen. Ech verhale mer dat, falls eng Kéier esou e Gesetz géif kom men. An duerfir wäerte mir eis bei dëser Motioun, esou sympathesch wéi eis de Kär ass, enthalen.