Header for 7.  Heure de questions au GouvernementQuestion n° 202 du 9 mars 2021 de M. Sven Clement relative au surendettement,  adressée  à  Mme  la  Ministre  de  la  Famille et de l’Intégration

7.  Heure de questions au GouvernementQuestion n° 202 du 9 mars 2021 de M. Sven Clement relative au surendettement,  adressée  à  Mme  la  Ministre  de  la  Famille et de l’Intégration

Dës Ried hunn ech den 09/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7.  Heure de questions au GouvernementQuestion n° 202 du 9 mars 2021 de M. Sven Clement relative au surendettement,  adressée  à  Mme  la  Ministre  de  la  Famille et de l’Intégration” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Problem vum Sur endettement ass keen neien. En huet duerch d’Covidkris awer sécherlech net ofgeholl an e ge wënnt u sech och un traureger Aktualitéit.

Mir hunn e ganz staarke Sozialstaat zu Lëtzebuerg an duerch de Chômage partiel hu mer déi schlëmmsten Auswéchs u sech kënnen offiederen. Mee nichtsdestotrotz ass et e Batz Geld, deen um Enn vum Mount an der Keess feelt, wann een am Chômage partiel ass, eventuell nach aus engem Be ruff kënnt, wou een op d’Drénkgelder ugewisen ass, fir d’Enner um Enn vum Mount zesummenzekréien. Da feele ganz séier méi wéi 20 %. A mir wëssen, datt grad an de prekäre Beschäftegungsverhältnis ser et awer esou ass, datt och d’Scholdelaascht méi héich ka sinn an datt een do tatsächlech ganz séier un e Surendettement erukënnt.

Et ass esou, datt de Familljeministère jo e Service huet, dee sech ëm Surendettement këmmert. Dofir hunn ech dann och haut e puer Froen, déi sech an dem Kader vun deem Service stellen.

Dat Éischt ass: Erkennt d’Madamm Ministesch eng Tendenz bei der Unzuel u Persounen, déi sech Hël lef sichen? Geet déi an d’Luucht? Respektiv, wann net, kënnt Der eis da vläicht e bëssen d’Tendenz er klären?

Dann och: Erkennt d’Madamm Ministesch eng stei gend Tendenz bei deenen, déi direkt virun d’Kom missioun, also d’Commission de médiation en ma tière de surendettement, kommen?

An dann: Wat huet de Ministère fir Famill an Inte gratioun am Kader vun der Covidkris gemaach, fir eebe grad déi Persounen, déi mat Iwwerschëldung kämpfen, zousätzlech ze ënnerstëtzen? Gouf dee Service verstäerkt? Gouf eng Kommunikatiouns campagne gemaach? Ginn déi Leit méi cibléiert nach ugeschwat?

Ech mengen, hei ass e grousse Problem, vläicht eng Nisch vu Problemer, mee et ass awer e Pro blem, deen eis alleguerte sollt Suerge maachen.

Well mir hu virdru vu grousse Stolproduzente mat Problemer mat hire Banke geschwat hei geet et ëm déi kleng Leit, déi wierklech Problemer kënne kréie mat hire Banken, mee déi dann och kënne bei predateure Bailleure landen. A wat dat mat hinne mécht, dat wësse mer alleguerten. Dofir merci fir d’Äntwerten op déi Froen.