Header for 7. Interpellation de M. Marc Baum au sujet des politiques d’investissement du FDC et du FSIL

7. Interpellation de M. Marc Baum au sujet des politiques d’investissement du FDC et du FSIL

Dës Ried hunn ech den 03/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7. Interpellation de M. Marc Baum au sujet des politiques d’investissement du FDC et du FSIL” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hat geduecht, d’Saunae wären zou, mee hei zwëschent deenen zwou Säiten ze stoen, ass heiansdo dann awer … Et gëtt engem e bësse méi waarm.

Soe mer emol esou: Ech soen als Éischt dem Marc Baum wierklech e grousse Merci, fir dat Theema hei mat enger Interpellatioun nach eng Kéier op den Ordre du jour ze setzen. Et ass en Theema, dat mer och schonn a Motiounen, dat mer schonn an Dis kussiounen heibannen ugeschwat hunn, an et ass en Theema, dat net nëmmen all d’Residenten, mee an dat ass richteg, wéi de Marc Baum dat sot all d’Cotisantë vun eisem Sozialsystem direkt betrëfft an dat deementspriechend net eppes ass, wat een esou à la vavite sollt ewechwëschen. Dofir och nach eng Kéier merci, datt mer eis déi Zäit geholl hunn, fir op dat wichtegt Theema anzegoen.

Leider ass ville Leit dobaussen nach ëmmer net bewosst, datt d’Suen, déi se an d’Pensiounskeess abezuelen, net schéi brav op e Spuerkont leie kom men. Dat ass nämlech en Theema, dat mer do bausse besser mussen erklären. Mir mussen als Éischt emol ufänken ze erklären, wat mat de Coti satioune vun de Leit geschitt, datt dat net iergend wou bei der Spuerkeess oder bei enger anerer Bank am Keller am Tresor lant, mee datt dat éischtens Geld ass, dat am Ëmlageverfaren direkt erëm deelweis als Cotisatioun, als Pensiounen ausbe zuelt gëtt, an zweetens, datt dat, wat do als Ex cedent iwwreg bleift, investéiert gëtt. Dat ass also net Geld, dat iergendwou am Keller läit. Dat ass Geld, dat op de Finanzmäert, jo, investéiert gëtt ech wëll net soen, zum Schaffe bruecht gëtt, well ech hunn nach keen Euro gesinn, deen esou ge schafft huet wéi déi Leit, déi déi Euroen erwirt schaft hunn.

Well nëmme wann d’Leit dobausse verstinn, wat mat deene Suen am Moment geschitt a wat een alles kéint mat deene Sue maachen, kënne mer als Gesellschaft eng richteg Diskussioun driwwer féie ren, wat mat dëse Suen och geschéie soll!

De Pensiounsfong an de Fonds souverain intergé nérationnel si wichteg Instrumenter, mat deene Lët zebuerg Firmen a Projeten op der ganzer Welt kéint ënnerstëtzen, déi sech fir d’Wuel vun eisem Planéit asetzen. Mir kéinten als Keefer Verkeefer op dëser Welt motivéieren, fir sech u méi nohalteg Investis sements an Entwécklungskrittären ze halen. Virun allem beim Pensiounsfong ass do einfach nach No huelbedarf.

Op der Liste d’exclusion, op där rezentster, déi elo nach net emol e Mount al ass, stinn nëmmen 119 Firmen drop. Neierdéngs dann, an dat ass quasi re volutionär, huet et och eng Bank op déi Lëscht ge packt. Wann ech Iech elo den Numm soen, da won nert et Iech net, datt se dropsteet, et ass nämlech d’Wirecard AG vun Aschheim, déi an deene lesch ten Deeg dach nawell e bëssen an der Press war, well se e puer Milliarde Suen anscheinend erfonnt huet. Déi steet dann einfach mam Zousaz drop, se wär op der Exklusiounslëscht wéinst „business ethics“. Dat loossen ech emol esou do stoen. Wa mer dat als Krittär unhuelen, denken ech, datt do nach eng ganz Rëtsch méi Betriber missten op där Exklusiounslëscht stoen, wéi dat haut de Fall ass.

Ech ginn nämlech e weidert Beispill. Mir hunn haut schonn iwwert den Travail forcé geschwat. 2016 huet Amnesty International e Rapport publizéiert, an deem se op d’Ausbeutung an d’Versklavung vu Kanner op Palmuelegplantagen an Indonesien op mierksam gemaach hunn. Si schreiwen, Zitat: “The abuses discovered […] are not isolated incidents but are systemic and a predictable result of the way Wilmar does business.” Wilmar ass de Proprietär vun dëse Plantagen a Wilmar ass ee vun deene gréisste Palmuelegproduzenten op der Welt, deen net op der schwaarzer Lëscht vum Fong steet ganz am Contraire! De Fong huet 225.000 Aktie vu Wilmar a profitéiert domadder direkt dovunner, datt Kanner an Indonesien op Palmuelegplantagen aus gebeut ginn! Déi lescht Aktualiséierung vun der Lëscht, vun der Exklusiounslëscht, war den 20. No vember dëst Joer. 2016 huet Amnesty op dës Ver feelungen higewisen. Véier Joer méi spéit: näischt geschitt!

Dat ass inkohärent! Et ass schéin, sech ze soen: „Mir hunn eng Exklusiounslëscht.“ Et ass super ze soen: „Mir halen eis un déi Exklusiounslëscht.“ Mee wannechgelift, dann däerf déi Exklusiounslëscht net iergendwou einfach nëmmen e Blat Pabeier sinn, dat da bei ganz grousse Bankeskandaler rea géiert, mee da muss et e Blat Pabeier sinn, dat bei all Verfeelung direkt aktualiséiert gëtt! An dëst ass nëmmen eent vu ville Beispiller, déi een hei kéint nennen!

Zur onkompletter an deelweis och inkohärenter Lëscht vum FDC kënnt dann och nach, datt de Pen siounsfong sech net selwer seng Anlagen eraus sicht, mee sech un den Indicen, déi vun Investment banken a Ratingagencen erstallt ginn, orientéiert.

Dës passiv Astellung, den internationale Finanzins tituter ze gleewen, datt si wëssen, wat am beschte fir de Lëtzebuerger Pensiounsfong, fir de Cotisant hei ass, ass falsch. De Fong kéint hei zum Beispill mat der CSSF zesummeschaffen a méi streng Guidelines ausschaffen, déi den Engagementer vum Lëtzebuerger Staat a puncto Nohaltegkeet, Mënscherechter an Eethik entspriechen.

Ma net nëmmen, datt et eethesch net richteg ass, a Firmen ze investéieren, déi weeder d’Mënschen nach d’Ëmwelt respektéieren, et ass och wirtschaft lech gesinn ze kuerz gegraff.

2019 goufe laut Greenpeace 256 Milliounen Euro a Kuelefirmen op der ganzer Welt investéiert, net vun iergendwellechen Investmentbanken an hire milliardeschwéiere Clienten, mee vun eis all, vun alle Biergerinnen a Bierger, vun alle Cotisanten an eisem Sozialsystem. Enger AXAEtüd no wäerten d’Rendemente vun de Kuelenhiersteller bis 2030 ëm 60 % falen. D’Aktie vun de Pëtrolsfirme wäerte bis 2030 40 % manner Rendement bréngen.

De Jeremy Rifkin, vun deem ëmmer esou gäre ge schwat gëtt, wann et ëm aner Dossiere geet, huet a sengem Buch „The Green New Deal“ geschriwwen, datt grad d’Pensiounskeesen hei Jalone kéinte set zen, fir an Zukunft net op „stranded assets“ wéi en et nennt, sëtzenzebleiwen. „Stranded assets“ sinn nämlech dee Moment Aktien, Obligatiounen, Pabeiere vu Firmen, déi net méi dat wäert sinn, wat se eng Kéier wäert waren, wéi mer dran investéiert hunn. An dat sinn haaptsächlech Hiersteller vu Pëtrol a vu Kuel. Hien argumentéiert, datt et d’Pen siounskeese weltwäit sinn, déi weltwäit eng im mens Muecht hunn, eng immens Finanzmuecht, fir progressiv d’Jalone fir d’Zukunft ze setzen.

Här President, net nëmme beim Pensiounsfong, och beim Zukunftsfong ass net alles esou, wéi et soll sinn. Den Zukunftsfong hält sech, an dat huet de Finanzminister eis och de leschte Freiden er kläert, nach net zu 100 % u seng eege Krittären an et sinn nach ëmmer 0,6 % vun de Pabeieren, déi net esou ugeluecht sinn, wéi se sollten. Ma wa mer dat wëssen, firwat maache mer dann näischt dergéint? Mir hunn eis Reegele ginn, da sollte mer eis och un déi Reegelen halen. Wat muss sech also änneren?

Fir d’alleréischt brauche mer méi Transparenz an deem ganze System, virun allem Transparenz um Niveau vun de Firmen, déi d’Fongen an d’Indicen ze summestellen, déi mer herno kafen, Transparenz awer och géintiwwer den Treibhausgasemissiou nen, déi duerch d’Firmen, déi an dësen Indicen op gelëscht sinn, verursaacht ginn. Anerersäits mus sen de Fong an den Zukunftsfong, zesumme mat anere staatlechen Acteuren, wéi gesot genau Guidelines ausschaffen, un déi se sech dann herno hale kënnen.

Fir all Versuch vu Greenwashing ze verhënneren, sollt dann och all Investitioun vum Pensiounsfong de Recommandatioune vun der G20 Task Force on Climaterelated Financial Disclosures entspriechen, eng Taskforce, déi elo scho „risk assessments“ fir Privatfirmen opstellt.

Schlussendlech muss ëmmer e Suivi gemaach ginn. Et soll iwwerpréift ginn, datt Firmen, déi eemol vum Pensiounsfong als nohalteg agestuuft goufen, dëst och spéider nach sinn, dëst erëm an Hisiicht drop, d’Gefor vum Greenwashing ze evitéieren.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, net nëmmen dës Fonge sinn a puncto Nohaltegkeet ee wichtegt Instrument. Mir Piraten hunn eréischt viru Kuerzem eng Motioun virgeluecht, déi op der Iddi baséiert, datt dës Sue vun de Cotisantë richteg ge notzt solle ginn. Eis Fuerderung vum Wunne fir zéng Euro de Meterkaree baséiert op dëser Iddi. An ech begréissen duerfir och déi zwou Motiounen, déi zu deem Theema „Logement finanzéieren“ depo séiert goufen, well amplaz haut ewell 710 Millioune vun de Pensiounsreserven a Bureauen a Lagerhalen am Ausland ze investéieren, kéint een déi Suen och an abordabele Logement zu Lëtzebuerg investéie ren an domadder den Zougang zum Wun nengsmarché e bësse méi einfach maachen. Well déi Leit, déi haut op de Wunnengsmarché drängen, ma dat sinn d’Cotisantë vun haut a vu muer an et sinn d’Beneficiairë vum Pensiounsfong vun iwwer muer.

Wéi schonn am Ufank vu menger Ried gesot, muss de Staat hei Verantwortung iwwerhuelen an d’Bier gerinnen an d’Bierger iwwert dës Investitiounen an hirem Numm opklären. Mir mussen op ee Punkt kommen, wou mer als Gesellschaft eng richteg Dis kussioun doriwwer kënne féieren, wat mat dëse Sue geschéie soll. Verschidde Biergerinnen a Bier ger si schonn opgekläert a fuerderen haart, datt eise Pensiounsfong méi propper gëtt.

Loost eis hinnen net weider Märercher erzielen a se esou weider enttäuschen! Loosst eis elo fir kloer Reegele suergen, vun deenen net nëmmen d’Mën schen an d’Ëmwelt hei am Land, mee op der ganzer Welt profitéieren!

An dann, Här President, erlaabt mer nach eng kuerz Remark zu deem Zwigespréich vu virdrun. De Fernand Kartheiser huet hei op der Tribün gesot, si wären eng Partei vun der Realitéit, an en huet du gesot, datt Solar an aner erneierbar Energien ouni Subside méi deier wäre wéi fossill Energien. Do muss ech den Här Kartheiser dann awer vläicht nach eng Kéier froen, wou en un déi Zuele géif kom men, well déi rezentsten Zuele vun 2019 weisen, datt zwëschent 2009 an 2019 d’Solarenergie hors subvention ëm 89 % méi bëlleg ginn ass an haut bei engem Drëttel vum Präis vu Kuelenenergie läit. D’Wandenergie ass an där nämmlechter Period ëm 70 % méi bëlleg ginn an ass och haut ronn um Präis vun engem Drëttel pro Kilowattstonn par rapport zur Kuelenenergie.

Nuklearenergie ass souguer méi deier ginn an där nämmlechter Period an d’Kuel ass plus/minus gläich bliwwen. Pëtrol jiddwereen, deen en Auto huet an deen an deene leschten zéng Joer tanke war, weess, datt de Pëtrol déi lescht zéng Joer och net méi bëlleg ginn ass.

Deementspriechend géif ech ganz gäre wëssen, wéi ee ka behaapten, datt renouvelabel Energië méi deier wären an nëmmen duerch Subventioune méi bëlleg wäre wéi Karbonenergien, well d’Fakten, d’Realitéiten dobaussen um Marché schwätzen eng aner Sprooch.

Ech soen Iech Merci.