Header for 7. Motion de M. Laurent Mosar relative au respect et à la défense du principe des « Spitzenkandidaten » lors de la désignation du prochain président de la Commission européenne

7. Motion de M. Laurent Mosar relative au respect et à la défense du principe des « Spitzenkandidaten » lors de la désignation du prochain président de la Commission européenne

Dës Ried hunn ech den 15/05/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7. Motion de M. Laurent Mosar relative au respect et à la défense du principe des « Spitzenkandidaten » lors de la désignation du prochain président de la Commission européenne” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech probéieren elo net nach eng Kéier, op dee Civi- quescours anzegoen. Mir wëssen, wéi d’Rolle- verdeelung an den Traitéë geregelt ass. An trotzdeem, wa mer wëllen Demokratie liewen, wa mer wëllen e Parlament a senger Roll stäer- ken, wa mer wëllen d’Vertraue vun de Bierge- rinnen a Bierger an d’Prozeduren, déi vu Bréissel oder Stroossbuerg kommen, stäerken, da musse mer esou Nominatiounen aus dem Hannerzëmmer (veuillez lire : esou Nomina- tiounen aus dem Hannerzëmmer vermeiden). An ech bezeechnen de Conseil zu engem Deel do als Hannerzëmmer, deen awer méi ontrans- parent fonctionnéiert wéi e Parlament, well um Enn vum Dag daagt d’Parlament, wéi och hei üüblech, ëffentlech, wärend de Conseil hanner zouenen Dieren zesummekënnt.

Ech mengen, duerfir wär et wichteg, wa mer géifen deen Debat iwwert den nächste Kom- missiounspresident ëffentlech féieren, net nëm- men am Conseil, mä tatsächlech am Parla- ment. An duerfir, mengen ech, ass déi Motioun hei och ganz passend.

Wa mer awer och eis eng aner Fro stellen, déi mat de Spëtzekandidaten zesummenhänkt, dann ass et d’Fro, datt et haut guer net kloer ass, a wéi enge Parteifamilljen, a wéi engen Al- lianzen dann déi jeeweileg Parteien no den Eu- ropawahlen iwwerhaapt nach wëllen zesum- meschaffen. Ech mengen, bei verschiddenen ass et ganz kloer, bei aneren ass et vill manner kloer. Dat heescht, …

M. Alex Bodry (LSAP).- De Piraten.

M. Sven Clement (Piraten).- … déi Leit, déi haut e Spëtzekandidat genannt hunn, hu gläichzäiteg awer vläicht de Problem, datt se sech no de Wahlen an enger anerer Fraktioun erëmfannen. Dat ass eppes, wat vläicht e méi fundamentale Problem um europäesche Plang ass, dee mer nieft engem méi transparenten Nominatiounsprozess vun de Spëtzekandidaten (veuillez lire: vum Conseilspresident), vum Kommissiounspresident, mä och vun deenen aneren Topposten an der EU missten ugoen. Mir Piraten plädéiere fir transnational Lëschten. Mir wäre frou, wann de President vun der Kommissioun direkt kéint gewielt ginn. Jo, dat ass e bësse méi revolutionär, mä et géif op alle Fall déi heiten Diskussioun onnëtz maachen.

Nichtsdestotrotz wäerte mer déi Motioun hei matdroen, well mir mengen, et sollt ëffentlech iwwert de Kommissiounspresident debattéiert ginn an net nëmmen am Conseil ronderëm den Dësch hanner zouenen Dieren.

Villmools Merci.