Header for 7. Validation des élections européennes du 26 mai 2019

7. Validation des élections européennes du 26 mai 2019

Dës Ried hunn ech den 20/06/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7. Validation des élections européennes du 26 mai 2019” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de President huet elo grad gutt erkläert, op wat fir enger Basis déi nei Commission de vérification des pouvoirs zesummekoum. Dat ass eng Pre- mière an deem Sënn, datt mer eréischt am Mee déi nei Prozedur och fir d’Europawahlen an d’Chambersreglement geschriwwen hunn. Virdru war dat vill manner kloer geregelt. An ech mengen, mir sollten eis alleguerten och fe- licitéieren, datt mer hei e grousse Schrëtt no vir gemaach hunn, fir d’Prozedur méi transparent, méi oppen a virun allem och méi geregelt ze maachen, wéi dann elo en Europadeputéierten zu senge Pouvoire kënnt.

Do derniewent kann ech vläicht kuerz uschwät- zen, datt d’Kommissioun sech net nëmmen haut de Moie gesinn huet. D’Kommissioun huet sech och schonn eng Kéier am Virfeld ge- sinn, fir verschidde Wahlënnerlage selwer ze kucken, soudatt mer d’Chance haten ze ge- sinn, wéi sech tatsächlech den Etat vun de Wahlziedelen a vun den Enveloppen, an deene se agepaakt sinn, presentéiert.

Dës ganz Aarbecht hält awer haut net mat deem Rapport op, deen d’Djuna Bernard eis herno wäert virstellen. Mir hunn haut de Moien an der Kommissioun och decidéiert, datt mer opgrond vun deene Constaten, déi mer haut gemaach hunn, eis nach eng Kéier wäerten am Hierscht gesinn, fir verschidde Recommanda- tiounen auszeschaffen, déi mer da géifen ze- summe mam Statsministère als responsabele Ministère fir d’Duerchféierung vu Wahlen insgesamt beschwätzen.

Dat Ganzt, wéi ech et gesot hunn, ass eng nei Prozedur. Déi Prozedur gouf et virdrun net an deementspriechend si mer hei e bëssen am- gaangen, Neiland ze betrieden. A mir probéie- ren do, d’beschtméiglecht Resultat fir d’Zu- kunft bei Wahlen erauszeschloen.

Eng lescht Umierkung vläicht nach, éier ech Iech Merci soen an dann och dem President d’Wuert zréckginn, ass d’Saach vun der Kom- positioun vun der Kommissioun. Mir haten zwee honorabel Membere vun der Kommis- sioun, déi selwer bei den Europawahlen en lice waren – dat waren d’Madamm Simone Beissel an den Här Marc Angel -, déi deementsprie- chend net konnten iwwert dat Resultat hei sta- tuéieren. Si hu sech an de Kommis- siounssëtzungen uerdnungsgeméiss vertriede gelooss, soudatt et do och keng Conflit-d’inté- rête gouf.

Ech soen Iech Merci.