Header for 7414A - Proposition de révision de l’article 95ter de la Constitution

7414A – Proposition de révision de l’article 95ter de la Constitution

Dës Ried hunn ech den 10/07/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7414A – Proposition de révision de l’article 95ter de la Constitution” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass eng kleng Ännerung, déi absolutt néideg ass, fir de Fonctionnement vun der Cour oprechtzëerhalen. Ech mengen, et goufen ewell Interessekonflikter, et goufen ewell Problemer, fir nach eng Kummer zesummenzekréien Deementspriechend sollte mer dat heiten haut mat breeder Majoritéit stëmmen am Interêt vum Fonctionnement vum Geriicht.

Ech wëll awer, äänlech wéi de Kolleeg Fernand Kartheiser, eppes umierken zum Rôle vum Verfassungsgeriicht insgesamt. Mir hunn do eng aner Opfaassung wéi d’ADR.

Mir sinn der Meenung, datt net den Ex-ante-Contrôle vu Gesetzer misst néideg sinn. Duerfir

hu mer nach ëmmer de Statsrot an der aktueller Kompositioun. Mir wären awer ganz frou,

wa mer an deem Debat och eng Kéier géifen iwwert d’Direkturuffbarkeet no däitschem Modell vun engem Verfassungsgeriicht duerch Bierger, fir en Ex-post-Contrôle vun der Verfassungsméissegkeet vu Gesetzer diskutéieren.

Zum Thema Verfassungsreform insgesamt, mengen ech, gëtt an deenen nächste Wochen,

Méint a wahrscheinlech och nach méi wéi engem Joer vill geschwat. Duerfir wäert ech

mech elo drop beschränken, hei zum Verfassungsgeriicht ze schwätzen. An ech ka soen,

datt d’Piraten hiren Aval ginn.