Header for 8. Débat de consultation au sujet du service public dans les médias

8. Débat de consultation au sujet du service public dans les médias

Dës Ried hunn ech den 14/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “8. Débat de consultation au sujet du service public dans les médias” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, scho virun e bësse méi wéi zwee Joer hunn d’Experte vun der European Broadcasting Union an enger externer Evaluatioun d’Situatioun an d’Piste fir de Radio 100,7 evaluéiert. An dësem Peer to PeerReview gouf eng Analys op Basis vun den universale Valeure vum Service public ge maach, dat heescht op Basis vun der Universa litéit, der Exzellenz, der Onofhängegkeet, der Diversitéit, der Resilienz an der Innovatioun. D’Zil vum Rapport war et, dem Lëtzebuerger Service public eng kohärent Visioun a Strategie ze ginn, fir sech fir d’Zukunft opzestellen, iwwert déi mer haut hei schwätzen.

Här President, ech mengen, d’Covid19Kris weist, wéi grouss de Besoin no qualitativer In formatioun och am digitalen Zäitalter nach ëmmer ass. D’Mediegesetz vun 1991 liwwert leider keng belaaschtbar Definitioun vum Ser vice public. D’Grondbegrëffer, déi de Service public ausmaachen, hunn deemools keng Plaz am Gesetz fonnt. Fir also dem Service public an Zukunft eng zolidd a kohärent Basis ze ginn, déi d’Objektiver vun engem Service public dann och festhält, brauch de Radio 100,7 haut en eegent Gesetz, mat enger klorer Definitioun vu sengem Rôle als Service public. A mir hunn och an der Kommissioun gemierkt, datt dat, wat Service public ass, dach ënnerschiddlech interpretéiert gëtt.

Den Europarot hält an der Annex vu senger Re commandatioun vum 15. Februar 2012 d’Prin cipes directeurs fir d’Gouvernance vun engem Média de service public fest. Am Dokument heescht et ënner anerem: « L’indépendance est une condition sine qua non pour toute organi sation de médias de service public ». De Con seil de l’Europe hält fest, datt de Service public ouni déi néideg Independance riskéiert, seng Kredibilitéit géintiwwer de Biergerinne a Bier ger ze verléieren an domat och hire Réckhalt, deen esou wichteg ass.

De Règlement grandducal vun 1992, deen d’Gouvernance vum Radio 100,7 gereegelt huet a reegelt, gesäit vir, datt all eenzelne vun den néng Verwaltungsrotmembere vun der Re gierung ernannt gëtt. Der deemoleger gréng rouder Fuerderung, d’Trennung tëscht Exekutiv a Gouvernance vum Service public méi strikt ze reegelen, gouf am finalen Text net Rechnung gedroen. Mir Piraten wëllen dat änneren. Mir appelléieren un d’Regierung, genau hei méi wäit ze denke wéi hir Virgänger. Et hëlleft vläicht, datt zwou Parteien, déi deemools dat scho gefuerdert hunn, elo mat an der Koali tioun sëtzen.

Am PeertopeerReview vun der EBU gëtt dann och Follgendes zréckbehalen: „The current system of governance underlies a risk of politiciza tion, which could be a thread to (the public service’s) independence.“ Déi selwecht Etüd schléit also och vir, zesumme mat der kompe tenter parlamentarescher Kommissioun an dem Verwaltungsrot vum Radio no alternative Solu tiounen ze sichen, fir eng nei Nominatioun sprozedur ze schafen, déi de Risk vun der Poli tiséierung op e Minimum reduzéiert. Mir Pira ten kënnen eis där Positioun uschléissen.

Wie Service public seet, dee seet och Onofhän gegkeet, dee seet: „E Service public muss auto nom sinn, fir kënne seng Aufgab auszeüben.“ Den 100,7 fiert aktuell ënnert der Form vun en gem Établissement public an e soll aller Viraussi icht no och dee Statut behalen. Et ass awer elo esou, datt mir Piraten grouss Wichtegkeet op d’Autonomie vun engem Établissement public, deen e Service public da soll maachen, leeën. An do gëtt et en aneren Établissement public, dee schonn eng gewësse Virgeschicht huet an deen esou autonom ass, datt en net nëmmen Établissement public genannt gëtt, mee Établis sement public „autonome“. Dat ass eis éiere wäert Spuerkeess, déi eebe genau dësen Établis sementpublicautonomesStatut krut, dat aus verschiddenste Grënn.

Mir als Piraten sinn op alle Fall der Meenung, datt dann den Établissement public 100,7 zu mindest, a wann et och just sollt Symbolpolitik sinn, deen Zousaz vum Établissement public „autonome“ kritt. Falls et keng Symbolpolitik ass, wär et ëmsou besser!

Här President, den 100,7 huet haut keng grouss Audience. De Programm erreecht 7,8 % vun de Lëtzebuerger a 5,4 % vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen. Dat ass net vill. Dat läit awer nëmmen deels um Programm. Et läit sécherlech och an der Geschicht vum Radio, déi deelweis eng ganz schwéierfälleg Evolu tioun geholl huet. D’Missioun vum Radio ass, wéi gesot, ni wierklech richteg definéiert ginn. Uganks war en nach als Sproochrouer vun As sociatioune geduecht, an dunn huet sech awer den 100,7 emanzipéiert an haut zu engem professionaliséierte Medienhaus mat engem breetgefächerte Programm weiderentwéckelt. Mir duerfen net riskéieren, datt de Service pu blic weiderhin an engem Flou ass. An duerfir begréisse mer d’Initiativ, fir hei eng breetgefä chert Concertatioun ze maachen, fir eeben dee Flou aus der Vergaangenheet opzehiewen. De Service public muss fir eng onofhängeg, neut ral a qualitativ héichwäerteg journalistesch Aar becht stoen, déi dem Pluralismus an der sozia ler Kohäsioun, mee och der kultureller Diver sitéit innerhalb vu Lëtzebuerg an der Groussre gioun verschriwwen ass. Dëst ass eng usprochsvoll Aufgab, déi muss gestäerkt ginn.

Den EBURapport hält awer och fest, datt, wann den 100,7 wëllt méi Nolauschterer hunn, e säi Programm muss op Kohärenz a Qualitéit hi préiwen an, an dat ass, mengen ech, ganz wichteg, der Méisproochegkeet muss méi Rechnung droen. Mir Piraten froen eis, wéi et méiglech soll sinn, souwuel Informatioun, Mu sek, Bildung a Kultur ënner enger eenzeger Fre quenz ze vereenen. D’Ënnerscheeder tëscht den Auditeuren, déi sech fir e spezifesche Genre vu Contenu interesséieren, wéi zum Bei spill klassesch Musek op där enger Säit oder Noriichten op där anerer Säit, sinn einfach ze grouss.

Mir Piraten sinn der Meenung, datt een eng zousätzlech Frequenz, en zweete Kanal, kéint schafen, änlech wéi dat och an anere Länner de Fall ass: eng Frequenz fir kulturell Sujeten, mam Beispill Literatur, Theater, Kino oder klas sesch Musek, esou wéi a Frankräich dat zum Beispill France Culture iwwerhëlt, an eng aner Frequenz, déi sech méi op Aktualitéit an Diver tissementer bezitt, esou wéi dat dann am fran séische Fall franceinfo wär.

Lëtzebuerg, an dat weisen unerkannt euro päesch Studien, huet haut schonns en héije Ri siko vun der Mediekonzentratioun. D’Schafe vun engem weidere Media, enger weiderer Fre quenz fir de Service public, kéint och dëser Realitéit Rechnung droen an e bëssen eppes géint dës Konzentratioun maachen. Gläichzäi teg wär dat natierlech och eng Pist, fir d’Méi sproochegkeet weider an de Fokus ze setzen. Doriwwer eraus plädéiere mir Piraten awer och derfir, déi finanziell Dotatioun fir den 100,7, esou wéi den 100,7 dat selwer a sengem Posi tiounspabeier virgesinn huet, an zwee ze split ten, engersäits fir d’Frais d’opération, anerersä its awer och, fir em eng Marge de manœuvre ze ginn, fir Investitiounen ze maachen. Well et ass schéin a gutt, datt mer hei schwätze vun: Soll en audiovisuell Contenue produzéieren? Soll et niewent RTL, déi haut den eenzege visu elle Service public offréieren, eng zweet Méig lechkeet ginn, fir Biller ze generéieren? Da stellt sech d’Fro, mat wéi engen Investitiounen dat soll a ka gemaach ginn. Da stellt sech d’Fro: Wéi sollen déi nei Plattformen, vläicht net am linearen, mee och am asynchrone Mediekon sum geschafe ginn?

Eng nei Websäit aleng geet net duer. E puer Podcasten, déi u sech einfach nëmme Radios emissioune sinn, erëmzeverwäerten, dat ass Re cyclage, mee dat ass net nei Contenue schafen an neie Formen, fir nei Auditeuren oder och Zuschauer ze gewannen. Nee, wat de Radio 100,7 brauch, wa mer op d’Pist wëlle goe vun engem Service public, deen och, nieft dem Ser vice public vun RTL, beweegt Biller soll ofbil den, ass d’Méiglechkeet ze investéieren, nei Konzepter auszeschaffen an déi Konzepter dann och mat Liewen ze fëllen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, als véierte Pouvoir ass d’Press de Kontrollpouvoir vun de Biergerinnen a Bierger iwwert dat ins titutionellt Geschéien. De Service public hëlt doran eng besonnesch Positioun an. Hien ass kengem kommerziellen Interessi verflicht a ka sech eenzeg an aleng op seng Aufgab als quali tatiivt Referenzmedium, wat dem Service um Bierger verschriwwen ass, konzentréieren. Duerfir brauch eise Service public optimaler weis eng méiglechst kloer an onofhängeg Gou vernance an eng universell Approche, déi keen aus der Gesellschaft vergësst. Op deem Punkt wier et och wichteg, datt de Média de service public och op lokalem Niveau agéiert a bei spillsweis och méi Gemengepolitik an Theeme mat Bezuch op d’Groussregioun couvréiert. Doduerch, an awer och duerch Initiative wéi d’Assemblée consultative, kënnt de Service pu blic méi no bei d’Leit.

D’Kooperatioun mat der Groussregioun muss am neie Gesetz eng zentral Plaz anhuelen. D’Heterogenitéit vun der Populatioun aus Lëtzebuerg an der ganzer Regioun fuerdert doriwwer eraus eng méisproocheg an inklusiv Approche. Zwou Frequenze géifen dem Service public déi néideg Flexibilitéit a Reaktivitéit ginn, déi em mat engem eenzege Sender feelt, an dat ouni datt déi eng oder aner Spart ze ku erz géif kommen. All Beräich, sief et Kultur, No riichten oder Divertissement, kéint esou seng Plaz op der Antenn fannen.

Ech soen Iech Merci.