Header for 8. Déclaration de M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État, au sujet de la stratégie de déconfinement progressif, suivie d’un débat

8. Déclaration de M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État, au sujet de la stratégie de déconfinement progressif, suivie d’un débat

Dës Ried hunn ech den 17/04/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “8. Déclaration de M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État, au sujet de la stratégie de déconfinement progressif, suivie d’un débat” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Covid­19 huet eis alleguerte getraff. Mir all hunn an deene leschte Woche vill op eis missen huelen. An an dëser schwéierer Zäit ass et wichteg zesummenzehalen. An do kann ee soen, dass et hei zu Lëtzebuerg net un Zesummenhalt gefeelt huet. D’Solidaritéit huet sech all Dag op en Neits gewisen. Vill Mënschen hunn net gezéckt a sech fräiwëlleg gemellt fir ze hëllefen. Hinne gehéiert e ganz grousse Merci ausgedréckt.

Déi lescht Woche sinn Decisioune getraff ginn, fir d’Sécherheet vun eise Bierger ze sécheren. D’Leit musse sech säit Wochen an hire véier Wänn ophalen an de Kontakt mat Famill a Frënn ënnerbannen. Dëst ass fir eis alleguerten eng Erausfuerderung, déi awer, wéi d’Courbe vun den Neiinfektioune weist, sënnvoll ass.

An anere Länner gëtt am Kader vun der Coronakris och iwwert déi sougenannten „Trackingappen“ diskutéiert. Mir si perséinlech ganz frou, datt dës Diskussioun och hei an der Chamber gefouert gëtt an datt am Moment eng dach ganz ofleenend Haltung zu dësem nach méi grave Verstouss géint d’Grondrechter a virun allem d’Grondrecht op informationell Selbstbestëmmung vun de Biergerinnen a Bierger zustane kënnt.

M. Fernand Kartheiser (ADR). Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Genau an deem Kader ­ Dir wäert Iech elo net wonneren, wann ech et soen ­ hu mir digital, well mir sinn haut paperless ënnerwee, och eng Motioun deposéiert beim Chamberspresident a beim Generalsekretär, déi elo wäert gläich verdeelt ginn, leider net paperless, fir dann esou och kënnen e klengen Deel zu där Diskussioun bäizedroen. Et ass eis wichteg heibäi ze soen, datt et net drëm geet, iergendwéi eppes schlechtzeschwätzen. Et geet hei drëm, d’Grondrechter ze woren.

Eis ass bewosst, datt d’Grondrechter an deene leschte Wochen a Méint hu missen ageschränkt gi fir de gréisseren Interêt vun der Santé. Et däerf awer net esou sinn, datt mer ëmmer wei­ der dorunner gruewe ginn, bis datt mer, wéi de Fräsch an der Geschicht, net mierken, datt d’Waasser op eemol kacht an d’Grondrechter net méi do sinn. Mir sinn also der Meenung, datt dësen Aschnëtt an d’Privatsphär net däerf méi déif goen.

Nieft awer all deenen Diskussiounen ëm d’Privatsphär muss een an däerf een net vergiessen, datt trotz der Kris vill Leit hu missen all Dag weider schaffe goen, an och all deene gëllt e besonnesche Merci! Merci all deene Leit, déi beschtméiglech hir Aarbecht verriicht hunn, mee awer och merci all deenen, déi se dobäi ënnerstëtzt hunn, ob et heiansdo och de Mann war, deen doheembliwwen ass a gemierkt huet, datt säi Beruff vläicht manner systemrelevant war wéi dee vu senger Fra, déi am Gesondheetssecteur ënnerwee ass.

(Interruption)

Fir déi Fraen, déi op eemol gemierkt hunn, datt hiren Job immens wichteg ass, all deene gehéiert net nëmmen eise Respekt, mee e ganz, ganz grousse Merci!

Mir hunn eis an deene leschte Wochen a puncto Aarbechtswelt schnell missen upassen. Dank dem Teletravail kënne vill Leit weider hir Aarbecht maachen, gesond bleiwen an och méi Zäit mat hirer Famill verbréngen. Work­Life­Balance, duerch d’Kris forcéiert!

An Zäite vun der Pandemie mierkt een, dass ee kloer Richtlinne muss ginn, déi fair an novollzéibar sinn. Et wier zum Beispill fir kleng Entrepreneure vu Virdeel gewiescht, kleng Geschäfter kënnen opzeloossen, virun allem wann een d’Konkurrenz op der grénger Wiss a Betruecht zitt. Éischtens ass de Risiko a klenge Geschäfter méi kleng, fir sech unzestiechen, well manner Leit dobanne sinn, an zweetens si se vill méi sensibel op wirtschaftlech Schwankunge wéi déi grouss.

Fir den Deconfinement vum wirtschaftleche Liewe wären zum Beispill also och follgend Mesuren denkbar: d’Festleeë vun enger klorer Zuel, wivill Leit zur gläicher Zäit an engem Geschäft pro Meterkaree däerfe sinn. Do kéint ee sech vläicht drun orientéieren, datt, wann een zwee Meter Distanz muss halen, dat mathematesch iergendwou zwëschent 16 Meterkaree an 20 Meterkaree Fläch pro Persoun misst sinn. Dat wär eng kloer Reegel, déi mathematesch applizéierbar wär an déi kéint „enforcéiert“ ginn. Et géif eis hëllefen, wa mer amplaz vun theoreeteschen oder op d’gutt Nodenken, op de gudde Wëlle gemënzte Reegele géifen op kloer, mathematesch novollzéibar Reegele kommen.

Här President, ondenkbar ass et, datt mer elo an dëser Zäit schonn an den Altersheemer déi aktuell Verhalensreegelen ophiewen. Eis eeler Matbierger sinn am meeschte vun dësem Virus betraff. Et géif engersäits awer d’Famillje berouegen ze wëssen, dass iwwerall an de Fleegestrukturen déi selwecht fundamental Reegele gëllen a puncto Hygiène an Aarbechtssécherheet. Do wär eng verbindlech Nott vum Ministère méi wéi ubruecht, mat klore Richtlinnen, wéi déi eenzel Mataarbechter ekipéiert musse ginn a wéi déi eenzel Mataarbechter sech och solle verhalen.

Mir sollte beim Eropschaltennatierlech ënnert der Konditioun, dass d’Neiinfektiounen erofginnop d’Bedierfnisser vun eise Biergerinnen a Bierger agoen, vläicht op Basis vu psychologesche Modeller, déi mer kennen, wéi zum Beispill der Pyramid vum Maslow. An enger nächster Phas sollt also och de private Beräich innerhalb vun der enker Famill eventuell opgelackert ginn. Ech mengen, datt mer déi éischt Avancen an deem Beräich mat den Hochzäiten a mat de Begriefnisser ewell héieren hunn.

Et däerf och bei all deenen Oplackerungen op kee Fall esou verstane ginn, wéi wann domadder elo déi nächst Grillparty erëm autoriséiert wär. Ech mengen, do musse mer eis laang drop astellen, datt Grillpartyen am gréissere Krees an nächster Zäit, an deenen nächste Wochen a Méint nach éischter onrealistesch sinn.

Nichtsdestotrotz ass d’Bedürfnis no Proximitéit, grad an der Famill an am Frëndeskrees, e Bedürfnis, wat mer net däerfen ënnerschätzen, grad wann et drëm geet, e bëssen e Gefill vun Normalitéit ze kréien an de Lagerkoller, dee mer alleguerten awer iergendwou mat der Zäit kréien, ze ënnerbannen.

Här President, all Krisenzäit bitt d’Méiglechkeet, sech selwer a Fro ze stellen, an optimalerweis léiert een aus enger Kris immens vill. Wéi de Joseph Schumpeter et schonns sot, ass Zerstéierung wichteg, fir dass eng Neiuerdnung ka stattfannen.

(Interruption)

Jo, och an dësen haarden Zäite gesi mer dat. D’Santé, déi nach ni mat esou enger Situatioun ze kämpfen hat, huet sech bannent kierzester Zäit ëmfänglech Organisatiounsstrukture misse ginn. Wéi d’Gesondheetsministesch scho sot, gouf et virun dëser Kris keen nationalen Inventaire vu medezinneschem Material zu Lëtzebuerg. Eppes, wat fir d’Bewältegung vun dëser Kris onbedéngt noutwendeg war. Et ass sécher, dass vill vun den Organisatiounsstrukturen, déi bannent dëser kuerzer Zäit opgebaut goufen, weiderhin erhale bleiwen an zu enger Verbesserung vum Staatsapparat vun eiser Santé kënne bäidroen.

Als klengen Tëscheresümmee kann een also soen, dass och positiv Aspekter aus dëser Kris erauszezéie sinn. Och wann een net soll soen: „Gutt, datt et déi Kris gouf“, weist se eis awer och, wéi Lëtzebuerg zesummestoe kann.

Mir brauchen och no der Kris Investitiounen am Privatsecteur, fir eebe grad de Faillitten entgéintzewierken, fir derfir ze suergen, datt och an der Privatwirtschaft weiderhin Innovatioun ka virherrschen. Do muss een driwwer nodenken, wéi een dat ka maachen. An déi Iwwerleeungen dierfen net ze spéit gefouert ginn, well soss ass et fir eng ganz Rëtsch Betriber ze spéit. Wichteg fir d’Wirtschaft an nach méi wichteg fir d’Santé wär et, dass mer en Deel vun der Supplychain am Beräich vum Medezinneschen erëm op den europäesche Kontinent rapatriéieren. Et geet dorëm, systemrelevant a liewenswichteg Industrien erëm konsequent opze­ bauen an ze ënnerstëtzen. Mir sollte vläicht ophalen, eis iwwer Jugurtsfabricken an Datazentren opzereegen, wann dat, wat an enger Kris wierklech wichteg ass, Masken, Händschen oder Tyvek fir Kostümer sinn.

Et geet natierlech net duer, fir nei Industrien unzesidelen. An eng europäesch Industriepolitik ass nëmme koordinéiert méiglech. A genau dofir musse mer eis och op europäeschem Plang asetzen.

Wat d’Santé ugeet, musse mer d’Beruffer revaloriséieren. Do muss ee sech iwwerleeën, ob mer net den Neibau vum LTPS kënnen accele­ réieren, fir derfir ze suergen, datt déi nächst Generatioun vu Fleegende besser ausgebilt ka ginn. Mir mussen awer och nieft der Santé derfir suergen, datt mer technologesch net den Uschloss verléieren. A mir hu gesinn, datt et, grad wann et ëm Videokonferenzen an esou geet, wichteg ass, datt mer alleguerten Accès zum Wëssen, zur Technologie an zur Informatioun hunn.

Den Accès zum Wëssen ass grad a Krisenzäite wichteg, well een online d’Méiglechkeet huet, fir sech ze informéieren an och mat aneren ze kommunizéieren. Mee d’Coronakris huet gewisen, dass dat net fir jiddereen de Fall ass. Ob ee Kand oder zweestelleg Prozentzuele vu Kanner net fir d’Schoul doheem erreecht kënne ginn, ass u sech egal! Well all Kand ass wichteg! A mir musse weider Efforte maachen, fir datt all d’Kanner am Bildungswiesen den néidegen Zougang zu Technologie, Informatioun a Wëssen hunn an domadder dann och wéi néideg ekipéiert ginn.

Dës Kris bitt eis also Méiglechkeeten, fir kuerzfristeg, mëttelfristeg, mee och laangfristeg ze iwwerleeën, wéi d’Welt an Zukunft auszegesinn hätt. Mir mussen aus dëser Kris bäiléieren an eise Gesellschaftsmodell endlech nohalteg, gerecht a modern gestalten. Generell misste mer elo, no dëser Kris, méi „buy local“ maachen. Grad no der Kris ass et wichteg, net nëmmen, fir eis Welt ze schützen, mee och eise lokale Commerce ze ënnerstëtzen. En plus garantéiert dat, datt eis Liewensmëttel no europäesche Sécherheetsstandarde produzéiert ginn a mer sou verhënnere kënnen, vläicht déi nächst, net virologesch, mee bakteriell Kris ze kréien.

Fir eis Piraten weist dës Kris also ganz kloer, datt et néideg ass, un d’Zukunft ze denken. Mir däerfen eis awer elo nach net ze vill op déi Zukunft freeën. Et geet elo drëm, déi nächst Schrëtt en vue vun dësem Deconfinement ze huelen, an dat, andeem mer all Dag d’Zuele kucken, andeem mer all Dag kucken, wat méiglech ass a wat net méiglech ass, an dorëm, dat rationell an op wëssenschaftlech Fakte baséiert ze maachen an eis net vum Bauchgefill leeden ze loossen.

Ech soen Iech Merci.