Header for 8. Motion de M. Fernand Kartheiser relative à l’invitation adressée au Gouvernement à ne pas prendre de décisions qui pourraient provoquer des conflits inutiles entre les États membres de l’Union européenne

8. Motion de M. Fernand Kartheiser relative à l’invitation adressée au Gouvernement à ne pas prendre de décisions qui pourraient provoquer des conflits inutiles entre les États membres de l’Union européenne

Dës Ried hunn ech den 31/03/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “8. Motion de M. Fernand Kartheiser relative à l’invitation adressée au Gouvernement à ne pas prendre de décisions qui pourraient provoquer des conflits inutiles entre les États membres de l’Union européenne” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Mir soen an der leschter Zäit oft: „Zesumme packe mer dat!“ „Zesummen“, domadder menge mer heefeg: Zesummen, al leguerten hei zu Lëtzebuerg. Mee „zesummen“ heescht vill méi wéi nëmme mat deenen, déi um Territoire vu Lëtzebuerg liewen: zesumme mat eise Partner, zesumme mat deene Partner, déi eis Material zur Verfügung stellen, zesumme mat deene Partner, wou eis Aarbechtskraaft am Gesondheetssecteur hierkënnt a wou mer eis permanent Suerge maachen, datt muer nach d’Grenz kéint zougemaach ginn an datt eise Ge sondheetssystem géif virum Kollaps stoen. Ze summe packe mer et, eleng wäerte mer et net packen.

An ech mengen, datt grad e Land, wat eko nomesch besser dosteet, eebe grad duerch déi Zesummenaarbecht mat senge Partner, duerch Aarbechtskraaft, déi aus de Partnerlänner kënnt, sech net däerf enger Iddi verschléissen, fir no der Kris zesummen aus där Kris erausze kommen.

An ech mengen, deementspriechend ass déi Motioun hei an ech hunn et virdrun a menger Ried gesot eppes Egoistesches, eppes wat e Repli op sech selwer mécht. U sech feelt just nach, datt gefuerdert gëtt, d’Grenzen zouze maachen. Mee dat ka jo kee fuerderen an dëse Momenter, wou mer wëssen, datt de Ge sondheetssystem dee Moment géif kollabéieren. Ech mengen, datt ee sech an deem Kontext nëmmen op d’Zesummesi ka beruffen. A wann d’EU dat am Ufank schlecht koordinéiert huet, jo, dat däerf ee soen, jo, déi éischt Grenzschléis sunge waren net koordinéiert an et waren Iw werraschungen, mee grad dorauser musse mer léieren, datt mer eeben an Zukunft besser mussen zesummeschaffen.

A wann dat heescht, besser um fiskaleschen, um ekonomesche Plang zesummeschaffen, da sollt ee sech deem net verschléissen. An deem entspriechend begréisse mir d’Iddi vun de Co ronabonds a mir rejetéieren, fermement, dës Motioun.

Ech soen Iech Merci.