Header for 8. Motion de M. Marc Spautz relative à la réinstauration du régime de chmage partiel pour cas de force maeure Covid-19

8. Motion de M. Marc Spautz relative à la réinstauration du régime de chmage partiel pour cas de force maeure Covid-19

Dës Ried hunn ech den 10/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “8. Motion de M. Marc Spautz relative à la réinstauration du régime de chmage partiel pour cas de force maeure Covid-19” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Marc Baum huet et gesot: D’Betriber hu Liquiditéitsschwieregkeeten. Et ass net esou, wéi wann et de Betriber am Moment géif gutt goen, a wann et de Betriber net gutt geet, da geet et den Employéen hannendrun och net gutt. A ville Betriber, hunn ech schonn héie ren, ass et esou, datt d’Leit trotz Chômage partiel op hir Salairë waarde mussen. An dat sinn heefeg Leit, grad wa mer iwwert den Horeca schwätzen hei dann ouni „s“ , déi net ganz vill verdéngen. A wann déi och nach zwou Wochen zousätzlech op hire Salaire waarde mussen a gutt, wann et nëm men zwou Woche sinn! , dann ass dat eng fatzeg laang Zäit. An et ass scho vill ze heefeg, datt um Enn vum Geld nach vill Mount iwwregbleift, an do brauche mer onbürokratesch, einfach Hëllefen.

Ech weess, d’Regierung mécht vill Efforte fir dee Chômage partiel. Mir hunn hei schonn interpelléiert, mir hunn hei scho Froe gestallt, mir hunn hei Mo tioune virbruecht, déi deelweis gestëmmt goufen, deelweis als superfetatoire ofgewise goufen, wann et drëm goung, d’Delaien ze änneren, wann et drëm goung, Saachen ze vereinfachen. An hei hunn ech e bëssen d’Gefill, datt et änlech geet. Et gëtt u sech eng gutt Iddi ofgeleent, well se vläicht de falsche Moment vun deem Falsche koum. Ech weess et net.

Hei misst et u sech esou sinn, datt mer de Betriber et esou einfach wéi méiglech maachen, well wann d’Betriber hir Employéë kënne bezuelen, dann hale mer Geld an der Realwirtschaft um Zirkuléieren. A wann d’Betriber hir Employéen nëmme mat Retard kënne bezuelen, well se hir Suen nëmme mat Re tard kréien oder eréischt ex post kréien, da feelt dat Geld an der Realwirtschaft, an dat huet en direkten Impakt op alles, wat hannendrustécht. Dat huet en direkten Impakt op d’Consommatioun, a wat dat fir eng Spiral ka mat sech bréngen, dat muss ech hei kengem als Bild virmolen.

An dofir wäerte mir och dës Motioun vun der CSV matstëmmen. Ech soen Iech Merci.