Header for 8. Motion de M. Pim Knaff relative à l’analyse juridique de l’arrêt de la Cour administrative du 26 janvier 2021

8. Motion de M. Pim Knaff relative à l’analyse juridique de l’arrêt de la Cour administrative du 26 janvier 2021

Dës Ried hunn ech den 28/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “8. Motion de M. Pim Knaff relative à l’analyse juridique de l’arrêt de la Cour administrative du 26 janvier 2021” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wann ech haut zu där Motioun Stellung huelen, dann ass dat, well ech um Geriicht gewonnen hunn gewonnen, obwuel jiddwereen der Meenung war, datt et onméiglech wär, datt en Deputéierte kéint e Kontrakt gesinn, deen de Staat mat engem Drëtten ënnerschreift, ge wonnen, obwuel den Délégué du gouvernement viru Geriicht der Meenung war an a sengem Memoire geschriwwen huet, d’Chamber wär een Tiers par rapport zum Staat net den Deputéierten! Do muss ee sech dach un de Kapp paken a sech d’Fro stellen, wat fir e Versteesdemech vum demokra tesche Zesummespill zwëschent den Institutioune verschidde Leit, déi fir de Staat schaffen, awer hunn!

An deen huet dat net einfach esou geschriwwen! Ech ginn dervun aus, datt e Staatsminister, deen um Geriicht ugesicht gëtt, dee Memoire jo wuel gelies huet! An den Här Bettel, souwäit ech mech erënne ren, ass e Jurist. Dat heescht, wann den Här Bettel dat ofgeseent huet, wat säin Délégué du Gouver nement geschriwwen huet, datt d’Chamber en Tiers par rapport zum Staat wär, …

(Interruption)

… da stellen ech mer awer uerg Froen iwwert de Respekt, deen dës Regierung ech stelle mer déi Fro souwisou, well et ass kee méi do par rapport zur Chamber weist!

Dat gesot sinn ech der Meenung, datt dat heite keng Motioun däerft sinn. Dat misst, wann iwwer haapt, wa mer ganz fei sinn, eng Resolutioun sinn. Dann invitéiere mer net d’Regierung, mee dann invi téiere mer d’Chamber, eppes ze maachen. An ech mengen, et wär richteg, datt d’Chamber sech hei géif eng Analys ginn, datt d’Chamber géif kucken, wéi mer dat kënnen ëmsetzen. An dofir hunn ech och eng Ufro fir eng Jointe vum Bureau an der Presidentekonferenz formuléiert, déi ech heimat dann dem President iwwerreechen.

Wannechgelift.

(M. Sven Clement dépose une demande de convo cation d’une réunion jointe du Bureau et de la Conférence des Présidents.)

Den Här Knaff huet gesot, et wär en interessante Moment, mir wären erëm op null, mir wären erëm um Ufank, mir wären erëm do, wou ech eng De mande an enger digitaler Kommissioun gemaach hätt.

Nee! Mir sinn net erëm op null! Mir sinn um Enn vun engem Prozess, wou d’Regierung kloer gesot krut, se soll dem Deputéierten, dee geklot huet an am Urteel steet dann och nach, datt all Deputéierten dat Recht huet, dat huet den Här Roth ganz richteg gesot, dat Dokument ginn. Et geet net, datt d’Re gierung dat Dokument do nach een Dag méi laang geheim hält!

Ech fuerderen hei, op der Tribün vun der Chamber, formell den Här Minister op, mir nach dës Woch dat Dokument ze weisen, sou wéi den Arrêt vun der Cour administrative dat verlaangt. Falls en dat net mécht, da sollte mer kucken, wat fir nächst Schrëtt et gëtt. Mee ech sinn der Meenung, wann d’Cour administrative seet: „Den Deputéierten huet dat Recht“, datt de Minister sech deem net entzéien däerf. An ech ginn dervun aus, datt ech net deen eenzegen Deputéierte sinn, dee vun deem Recht haut nach wäert wëlle Gebrauch maachen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hunn e weidere Constat ze maachen an dat ass, wann de Premier … an ech ginn dervun aus, datt de Premier sech wäert un den Arrêt vun der Cour administrative halen, dann hunn ech hei och nach eng Ufro, fir e Punkt op den Ordre du jour ze setze vun der nächster Digi com (ndlr: Commission de la Digitalisation, des Mé dias et des Communications), fir eeben do iwwert de Contrat d’ancrage vun RTL CLTUFA ze diskutéie ren.

(M. Sven Clement dépose une demande de mise à l’ordre du jour de la Commission de la Digitalisa tion, des Médias et des Communications.)

(Brouhaha)

Et ass tatsächlech e bëssen Opreegung, mengen ech, am Sall. Dat kënnt vir, wann et Texter sinn … Déi 20 Säiten Urteeler sollen op eng Motioun vun net emol dräi Zeile kondenséiert ginn.

Dëst Urteel vu gëschter huet, mengen ech, zwou wichteg Saache gemaach. Dat eent ass: Et gouf tranchéiert, datt d’Verwaltungsgeriichter zoustän neg kënne sinn. Dat ass eng Première, doriwwer gouf haut nach net geschwat. Et ass wichteg, fir festzestellen, datt d’Verwaltungsgeriichter kënnen, a ganz speziell delimitéierte Fäll, Decisioune vun engem Minister virun der Chamber visàvis vun engem Deputéierten attackéieren, datt se doriwwer tranchéiere kënnen. Dat gouf virdru vun eminente Verfassungsrechtler contestéiert. D’Cour adminis trative huet hei eng Lecture très large vun eiser Constitutioun gemaach an och dat wäert an Zu kunft, mengen ech, en Impakt hunn. An och dofir ass et wichteg, datt d’Chamber sech d’Moyene gëtt, fir dat Urteel an d’Konsequenzen ze analyséieren.

Et geet hei net drëm, nëmmen ze soen …, et geet net méi nëmmen ëm ee Kontrakt. Jo, dat war d’Origine. An de Refus vun der Regierung, fir dee Kontrakt ze weisen, de Refus vun der Regierung, fir, bis zum leschte Moment, deen Dol ze léisen, huet derzou gefouert, datt d’Verwaltungsgeriicht e wäit reechend Urteel net nëmmen iwwer seng Zoustän negkeet, mee och iwwert de Rôle vum Deputéierte geholl huet.

Dës Urteel stäerkt eis alleguerten; et stäerkt net mech aleng, et stäerkt net d’Oppositioun, et stäerkt jiddwereen. 60 Deputéierte goufe mat deem Urteel hei gestäerkt, d’Chamber gouf gestäerkt, well et gouf festgehalen: Dës Chamber ass en Deel vum Staat an net, wéi verschidde Leit mengen, en Tiers par rapport zum Staat.

D’Riichter hu ganz kloer festgehalen, datt all Tenan cier d’une parcelle du pouvoir exécutif muss kënne kontrolléiert ginn an datt supposéiert gëtt, datt eng Majorité parlementaire ëmmer do ass, fir hinnen de Réck ze stäipen. An dat ass eeben an enger parla mentarescher Demokratie esou, datt eng Majoritéit do ass, fir hir Regierung ze stäipen.

Ëmsou méi wichteg ass et also, datt déi, déi net zur Majoritéit gehéieren, d’Moyenen hunn, fir en effi kasse parlamentaresche Contrôle ze maachen. Dëst Urteel huet dat erméiglecht. Ech sinn net der Meenung, datt mer eng Motioun brauchen. Well wat d’Regierung mécht, dat ass hire Choix. D’Chamber muss hei aktiv ginn, d’Chamber muss hei d’Moyenen zur Verfügung stellen, well et kann net sinn, datt d’Deputéierten herno an e Liessall op all Ministère musse pilgeren. Déi Dokumenter hunn an d’Chamber ze kommen a se hunn hei consultéiert ze ginn an dann och, wann et muss sinn, à huis clos kënne vun den Deputéierten ënnereneen diskutéiert ze ginn. Dofir wäerte mir dës Motioun net mat stëmme kënnen.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Dat huet kee be haapt heibannen!