Header for 8. Motion de M. Sven Clement relative à la fiscalité du télétravail Motion de M. Sven Clement relative à la déduction fiscale dans le cadre du télétravail

8. Motion de M. Sven Clement relative à la fiscalité du télétravail Motion de M. Sven Clement relative à la déduction fiscale dans le cadre du télétravail

Dës Ried hunn ech den 18/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “8. Motion de M. Sven Clement relative à la fiscalité du télétravail Motion de M. Sven Clement relative à la déduction fiscale dans le cadre du télétravail” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Dat hei sinn zwou Motiounen, Här President. Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et sinn tatsächlech zwou Motiounen, iwwert déi mer elo schwätzen. Déi éischt ass den 20. Mee d’lescht Joer deposéiert ginn an déi zweet ass de 16. De zember d’lescht Joer deposéiert ginn.

Déi zwou hunn u sech am Kär e bëssen dat näm mlecht gefuerdert, wann och vun zwee ënner schiddleche Wénkelen. De Constat ass, datt, an dat ass souwuel eis Deputéiert heibannen iwwert d’lescht Joer ëmmer méi bewosst gi wéi awer och an der Ekonomie dobaussen: Den Teletravail ass e bëssen dat neit Normaalt. Mir si méi am Teletravail.

Mir schaffe méi vun doheem aus. Et ass net onbe déngt ëmmer angeneem, de ganzen Dag an Teams, WebEx oder ZoomMeetingen ze verbréngen. Et feelt eis iergendwéi de Plausch bei der Kaffisma schinn. Mee et geet méi wäit. Den Teletravail huet fiskalesch Aspekter, huet aarbechtsrechtlech As pekter. An do waren eeben zwee Constaten, déi ech an deene Motioune gemaach hunn.

Ech gi chronologesch vir. Als Éischt déi, déi am Ufank oder relativ fréi an der Pandemie deposéiert gouf, nämlech den 20. Mee. An do ass et ëm dräi Saache gaangen: Et ass drëm gaangen, den Teletra vail och no der Coronapandemie … Erënnert Iech, den 20. Mee hate mer iergendwéi d’Hoffnung, datt mer esou am Juni jo, wéi naiv ware mer alleguer ten deemools! aus där Pandemie iergendwéi géi fen erauskommen. An do war d’Intentioun: Kommt, mir encadréieren den Teletravail a mir verankeren en no der Coronapandemie!

D’Zil war do engersäits, eng Ëmweltmesure draus ze maachen. Dat heescht, falls d’Leit méi vun do heem schaffen an d’Chamber selwer, de General sekretär huet et elo nach an engem Interview gesot, schafft jo och un engem System, fir Teletravail ze encouragéieren, do wou et méiglech ass, mat zwee Deeg an der Woch , ma esou wéi ech haut d’Gesetz iwwert d’Steiergesetz liesen, ass et esou, datt, wann een deegweis fest vun doheem ka schaffen, dann och de Patron d’Frais de déplacement nëm men deegweis a Betruecht zitt. Dat heescht, hei géifen d’Leit zu Recht keng Frais de déplacement kréien, wa se vun doheem aus schaffen.

Dat ass a mengen Ae logesch. D’Fro stellt sech awer, da musse mer deene Leit awer iergendwou eng Kompensatioun gi fir dat, woumat se sech do heem mussen equipéiere respektiv wat och hir Usu ren, hiren Amortissement vun all hirem Material ass. Dat ass deen ee Volet.

An deen zweete Volet vun där Motioun aus dem Mee d’lescht Joer war, Abusen ze verhënneren. Mir sollten eis en Outil ginn, mir sollten eis esou enca dréieren, datt mer Abuse vum Teletravail géife ver hënneren, datt mer eebe sécherstellen, datt et net mëssbraucht gëtt.

Déi Motioun gouf an d’Kommissioun verwisen, ge nausou wéi déi Motioun vum 16. Dezember d’lescht Joer, dat war wärend de Budgetsdebatten, wou et mer ëm eppes anescht gaangen ass.

Do ass et nämlech drëm gaangen, datt an enger Circulaire vun der Steierverwaltung haut gereegelt ass, datt ee säi Bureau à domicile just kann ofset zen, wann et e separate Raum ass. An do ass u sech de Constat ganz einfach de Statec seet, den Duerchschnëttslëtzebuerger huet 83 Meterkaree zur Verfügung fir ze wunnen, datt doranner net ëmmer e separate Büro, dee quasi exklusiv oder exklusiv fir d’Schaffe benotzt gëtt, dran ass. An do war dunn d’Iwwerleeung ze fuerderen, ma da kéinte mer jo e Forfait aféieren, e Forfait Homeoffice.

Dat gëtt et an Däitschland elo wärend der Corona pandemie. D’Iddi war, dat da vläicht och zu Lëtzebuerg anzeféieren, och mat eeben dem Constat, datt d’Frais de déplacement, wann den Teletravail sech géif generaliséieren, natierlech au prorata just nach pro Dag bezuelt géife ginn oder consideréiert géife ginn, soudatt et also Sënn géif maachen, do eng Pauschal pro Dag Homeoffice anzeféieren.

Virun allem och, fir esou déi Ongerechtegkeet ze behiewen, déi et awer gëtt, datt déi Leit, déi de Fric hunn, fir an engem groussen Haus mat engem se paraten eidele Raum, dee se just benotze fir ze schaffen, ze wunnen, datt déi dee Raum kënnen of setze mam Amortissement, mat allem, mee datt déi Leit, déi an engem Appartement wunnen a kee Raum fräi hunn, just fir ze schaffen, näischt kënnen ofsetzen.

Dat heescht, deen, deen d’Chance huet, an engem Haus ze wunnen, wou d’Kanner vläicht aus dem Haus sinn, an deen dofir elo eng Kannerkummer zum Homeoffice fungéiere konnt, dee kann eppes steierlech geltend maachen, an deen, deen am Ufank vu senger Karriär an engem Studio wunnt an do nach ganz penibel um Kichendësch muss pro béieren, senger Aarbecht nozekommen, aacht Ston nen den Dag um Kichendësch sëtzt, dee kann näischt geltend maachen. Dat ass an eisen Aen eng Ongerechtegkeet, där ee sollt nokommen. D’Diskus sioun an der Kommissioun, dat ginn ech gären zou, war ganz detailléiert. Souwuel de Minister wéi d’Beamten hunn eis ganz detailléiert erkläert, firwat d’Regierung anerer Meenung ass wéi mir. Dat hue len ech och zur Kenntnis.

Ech deelen natierlech déi Analys nëmme begrenzt, soudatt mer eeben du gefuerdert hunn, déi Motiou nen hei erëm zum Vott ze bréngen. Mir hale weider hin un deene Fuerderunge fest, déi mir an deenen zwou Motioune formuléiert hunn, well den Home office, den Teletravail ass eppes, wat eis esou séier net wäert verloossen. A mir kënnen déi steierlech Consideratiounen net einfach mam Argument ewechwëschen, datt ee jo awer am Moment aus Kullanz quasi bei de Frais de déplacement näischt gemaach huet respektiv bei de Chèquerepasen näischt gemaach huet.

Wann ech elo de Magazinn vun der CLC gelies hunn, da si jo awer zumindest bei de Chèquerepa sen och Diskussiounen amgaangen, fir déi ze digi taliséieren, wat dann erëm aner Froen opwerft. Well wéi ass et dann an Zukunft wierklech mat de Chè querepasen, wann d’Leit doheem schaffen? Hu se dann d’Recht … Dat ass eng Fro, déi mir eis hei musse stellen: Wa Leit zwee Deeg an der Woch am Teletravail sinn, hu se dann d’Recht drop, fir e Rem boursement an Héicht vun deenen aacht Euro fir hiert Iessen ze kréien oder net?

An ech mengen, datt dat eng fundamental Fro gëtt an datt sech nach eng ganz Rëtsch esou Detailfroe ronderëm d’Fiskalitéit vum Teletravail wäerte stel len, soudatt dat heiten éischter en éischte Jet ass an net „der Weisheit letzter Schluss“.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Wierklech ganz kuerz, Här President, merci. Ech sinn e bësse vun der Diskussioun erënnert ginn un dee schéine Saz: Wenn du nicht mehr weiter weißt, gründe einen Arbeitskreis. Et ass mer virgeworf ginn, hei eppes iwwert de Knéi ze briechen. Déi éischt Motioun, ech erënnere just drun, ass aus dem Mee d’lescht Joer.

An der Zwëschenzäit hu mer 14 Covidgesetzer ge stëmmt. Do hätt ee sécherlech och am Interêt vun de Leit kënnen eppes maachen. Ech sinn der Mee nung, datt et am Interêt vun de Leit ass, och wann dat net hei gedeelt gëtt.