Header for 8. Motion de Mme Djuna Bernard relative au secteur culturel

8. Motion de Mme Djuna Bernard relative au secteur culturel

Dës Ried hunn ech den 26/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “8. Motion de Mme Djuna Bernard relative au secteur culturel” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech mengen, eleng un den Aussoen, déi mer elo grad héieren hunn, mierkt een, wéi divers d’Kulturlandschaft ass an datt et verein facht ausgedréckt wär ze soen, datt ee mat engem Gesetz, wéi dat am Ufank gemaach gouf, all d’Facetten dovunner kéint ofdecken. Et ass wichteg, datt mer direkt agéiert hunn. An ech mengen, datt déi Hëllefen och séier bei deene Leit ukomm sinn, déi eligibel waren. Mir mierken awer elo, datt et punktuell Plaze gëtt, wou een nach nobessere kann. An ech men gen, datt déi Motioun hei genau an déi richteg Richtung geet, fir eebe genau dat ze maachen. Wat mir perséinlech immens wichteg ass, ass datt mer eis Kulturlandschaft un déi nei Ge geebenheeten upassen, an deene mer eis elo erëmfannen. Engersäits hu mer eng ganz Rëtsch Produktiounen, déi prett sinn, déi an de Startlächer stinn, fir sech ze lancéieren. Et sinn nei Produktioune wärend dem État de crise preparéiert ginn, ouni datt se konnte geprouft ginn, ouni datt se konnten e Public fannen. Ech mengen, datt mer warscheinlech an eng Zäit wäerte kommen, wou et u Produktiounen net onbedéngt mangelt, wou et éischter d’Fro ass: Kréie mer genuch Public op déi richteg Plazen? Däerf de Public schonn nees dohinner goen? Ech mengen, dat si kruzial Froen.

An den däitschen Dichter Jean Paul huet eng Kéier gesot: „Die Kunst ist zwar nicht das Brot, aber der Wein des Lebens.“ An hei invitéiere mer d’Regierung, fir eppes am Sënn vum Brout fir d’Kënschtler ze maachen, fir eeben do nach eng Kéier iwwert d’Mesuren nozedenken, fir dat ze evaluéieren. An ech mengen, duerfir kënne mer dee Projet hei dann och matënner stëtzen.