Header for 8. Résolution de M. Yves Cruchten au sujet du soutien de toutes les initiatives de l’UE visant à répondre par des mesures efficaces et proportionnelles au cas où Israël procéderait à l’annexion d’une partie du Territoire palestinien occupé depuis 1967

8. Résolution de M. Yves Cruchten au sujet du soutien de toutes les initiatives de l’UE visant à répondre par des mesures efficaces et proportionnelles au cas où Israël procéderait à l’annexion d’une partie du Territoire palestinien occupé depuis 1967

Dës Ried hunn ech den 02/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “8. Résolution de M. Yves Cruchten au sujet du soutien de toutes les initiatives de l’UE visant à répondre par des mesures efficaces et proportionnelles au cas où Israël procéderait à l’annexion d’une partie du Territoire palestinien occupé depuis 1967” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Meng Virriedner hunn et gesot, dat heiten ass en Theema, wat schwéier ass, an engem gestéckelten Debat vun enger Reso lutioun an zwou Motiounen u sech iwwert d’Bün ze bréngen. Et ass en Debat, wou ee ganz vill kéint dozou soen. An ech mengen, datt och déi lescht Joerzéngte ganz vill Leit sech ganz vill Zäit mat deem Debat beschäf tegt hunn, soudatt et u sech vläicht dat falscht Diskussiounsformat ass, wat mer haut gewielt hunn. Nichtsdestotrotz, mir hunn et, an et ass wichteg, datt mer driwwer schwätzen.

Bis haut hunn 138 Memberstaate vun den UN, dat sinn 72 %, also bal dräi Véierel vun alle Memberstaate bei den UN, de Staat Palästina unerkannt. Dat sinn net nëmmen déi üblech Verdächteg, wou ee seet: „Déi gehéieren enger bestëmmter Aflosssphär un.“ Dat si Länner, déi awer vun alle Kontinenter kommen, déi aus alle politesche Stréimunge kommen, souwuel an der Heemechtspolitik wéi och an der Aussepoli tik.

An deementspriechend ass dat heiten net eng revolutionär Fuerderung, déi d’Majoritéit hei stellt. Et ass éischter eng logesch Konsequenz aus deem, wat déi lescht Joerzéngte geschitt ass. Mir sollten eis ganz kloer zu enger Zweestaateléisung bekennen. Dat ass och eppes, wat bei eis am Walprogramm zënter der Grën nung u sech dra steet, eng Zweestaateléisung als Basis fir e Fridden an der Regioun an eng Zweestaateléisung op Basis vun de Grenze vun 1967. Ech mengen, och dat ass eppes, wat aus dëser Resolutioun ervirgeet.

An deementspriechend ass et vläicht net dee richtege Forum, déi richteg Aart a Weis, fir dat heite ganz kuerz unzeräissen an ze diskutéie ren, mee et ass awer definitiv déi richteg Fuer derung an eisen Aen.