Header for 9. 25 Proet de loi portant approbation de l’Avenant, fait à Moscou, le  novembre 2020, en vue de modifier la Convention entre le GrandDuché de Luxembourg et la Fédération de Russie tendant à éviter les doubles impositions et à prévenir l’évasion fiscale en matière d’impts sur le revenu et sur la fortune du 28 uin 1993

9. 25 Proet de loi portant approbation de l’Avenant, fait à Moscou, le  novembre 2020, en vue de modifier la Convention entre le GrandDuché de Luxembourg et la Fédération de Russie tendant à éviter les doubles impositions et à prévenir l’évasion fiscale en matière d’impts sur le revenu et sur la fortune du 28 uin 1993

Dës Ried hunn ech den 09/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “9. 25 Proet de loi portant approbation de l’Avenant, fait à Moscou, le  novembre 2020, en vue de modifier la Convention entre le GrandDuché de Luxembourg et la Fédération de Russie tendant à éviter les doubles impositions et à prévenir l’évasion fiscale en matière d’impts sur le revenu et sur la fortune du 28 uin 1993” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech kann dem David Wagner just soen op dee klen gen Intermezzo hei: Jo, de „Paperjam“, op dee sech den Här Mosar hei bezunn huet, huet souguer selwer a sengem Artikel geschriwwen, datt de „Le Monde“ eebe Recherchen zu sengen Aktionären gemaach huet, wéi se am Kapital geklomme sinn, a souguer nach op eng kleng Inkohärenz zwëschent deene Saache verweist.

Ech mengen, datt een hei Journaliste vun alle Faarwen a Stréimunge an engem pluralistesche Medienuniversum zu Wuert komme loossen soll, genau esou, wéi de Premier dat haut nach an enger Äntwert op eng Question parlementaire gesot huet. An natierlech hunn déi alleguerten hir Ideologien. Bref, de Journalismus soll u sech hei elo net um Pranger stoen. Et geet hei nämlech ëm Russland; et geet ëm Steieren; et geet ëm d’Quellesteier an et geet vläicht och wéi ech et virdru scho gesot hunn, wéi mer iwwer OpenLux geschwat hunn ëm d’Fro: Wat fir eng Finanzplaz wëlle mer, mat wiem wëlle mer da wierklech Geschäfter maachen?

An ech mengen, wat ganz kloer ass bei dësem Avenant, dat ass, datt mer kënne soen: Et ass de richtegen Outil, dee mer wielen. D’Quellesteier ass an där Diskussioun, där mer am Moment ënner leien, e wichtegen Outil, fir eebe grad ze aggressiv Steieroptiméierungen ze verhënneren. Et erlaabt eis eebe grad, e Mindeststeiersaz zesumme mat eise Partner, mat deene mer dann déi Kontrakter maa chen, festzeleeën. Dat suergt duerfir, datt et …

An da kommen ech op deen Artikel zréck, deen hei ugeschwat gouf, well ënner anerem gouf engem vun den Aktionäre vum „Monde“ virgeworf, duerch seng Strukturéierung zu Lëtzebuerg Steieren ze spueren. An deen huet du gesot: „Ma nee, Moment, mir hunn en Duebelbesteierungsofkommes. Ech si Résident fiscal check! ech ginn an Tschechie besteiert op meng Revenuen, och op meng Dividen den. An all déi Dividenden, déi aus Lëtzebuerg kom men, sinn ënner engem Duebelbesteierungsof kommes: 10 % fir Lëtzebuerg, 5 % fir d’Tschechesch Republik.“

An ech mengen, genau dat weist, datt et wichteg ass, esou Traitéen ze ënnerschreiwen. Dat weist, firwat dësen Avenant wichteg ass, firwat mer och trotz all deenen Doleancen, déi ech virdrun envers der russescher Federatioun a verschiddene vun hire Geschäftsmänner formuléiert hunn dësen Avenant oder dëse Projet de loi, deen dësen Avenant da ratifiéiert, matstëmme wäerten, well d’Quellesteier an eisen Aen deen Outil ass, deen eebe grad eng ze aggressiv Steieroptiméierung aux dépens vun den anere Staate reduzéiert.

Ech wollt vun der Geleeënheet profitéieren, dem Guy Arendt fir deen exzellente Rapport et ass e ganz kuerzen Text, mee awer mat komplexen Enver guren Merci ze soen. An ier mer eis hei wierklech elo nach iwwert d’RBEAnträg vum Aktionariat vun auslänneschen Zeitungen ënnerhalen, sollte mer vläicht eng Kéier kucken, ob dann all d’Medienhaiser zu Lëtzebuerg hiren RBE (ndlr: Registre des bénéficiaires effectifs) ëmmer esou am Grëff hunn.

Ech soen Iech Merci.