Header for 9. Motion de M. Jeff Engelen au sujet du soutien d’une politique industrielle et de recherche, qui permettrait une autonomie au niveau de la médecine au Luxembourg et dans l’Union européenne

9. Motion de M. Jeff Engelen au sujet du soutien d’une politique industrielle et de recherche, qui permettrait une autonomie au niveau de la médecine au Luxembourg et dans l’Union européenne

Dës Ried hunn ech den 06/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “9. Motion de M. Jeff Engelen au sujet du soutien d’une politique industrielle et de recherche, qui permettrait une autonomie au niveau de la médecine au Luxembourg et dans l’Union européenne” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Motioun ass inte ressant, a 14 Méint loossen engem dach awer ge nuch Zäit, fir driwwer nozedenken, wat alles dra steet, well et ass e ganzen Täissel, muss ee quasi soen, iwwert dee mer hei sollen an engem Coup of stëmme mat Jo, Nee oder Enthalung.

Dat mécht et net onbedéngt méi einfach, well et stinn e puer richteg gutt Saachen dran, et stinn e puer méi problematesch Saachen dran an et stinn e puer Saachen dran, déi mer net esou matdroe kën nen.

Ech wëll eng Kéier kuerz ufänken: D’Fuerschung géif haut majoritär ausserhalb vun Europa stattfannen. Ben, jo, dat schéngt mer iergendwéi eng Evi denz ze sinn, wann Europa net d’Majoritéit vum Pla néit ofdeckt. Et ass einfach, proportional zu eiser Populatioun si mer nach ëmmer iwwerduerch schnëttlech gutt opgestallt, wat d’Fuerschung an Europa ugeet. Mir hunn ëmmerhi mat BioNTech eng Firma, déi en erfollegräiche Vaccin entwéckelt huet.

AstraZeneca huet zesumme mat Oxford wat een elo als eng deeleuropäesch Successstory ka be zeechnen och an Europa gehat. An dann huet een nach weider Vaccinen, déi an Europa probéiert gou fen ze entwéckelen, déi leider net aboutéiert hunn.

An do si mer dann och scho beim nächste Punkt.

Eng Pharmaindustrie zu Lëtzebuerg opzebauen, dat kléngt op den éischte Bléck schéin a gutt. Et wär jo emol schéin, wa Pfizer an AstraZeneca net nëmme géifen hir Steieren duerch Lëtzebuerg wëlle redu zéieren, mee och géifen eng Valeur ajoutée hei schafen. Mee um Enn vum Dag weist awer da Sanofi mat GlaxoSmithKline, datt, just well een an Europa ass, dat nach keng Garantie fir e Succès vun engem Fuerschungsprojet ass.

An ech stelle mer och e bëssen d’Fro: D’ADR steet hei ëmmer um Pult an ass géint eng dirigistesch Wirtschaftspolitik. An da produzéiert se eng Mo tioun, wou se eng dirigistesch Wirtschaftspolitik fuerdert, an dann och nach zu Lëtzebuerg! Dat ass dach awer e bësse contradictoire.

A wann ee just an der Groussregioun kuckt, da gesäit een, datt knapps iwwert d’Grenz, am Saarland zum Beispill, eng produzéierend Pharma industrie existéiert. Jiddwereen, deen op Saar brécke fiert, fiert laanscht dat grousst Schëld. Ech muss d’Firma elo net nennen, Dir kennt se alleguer ten. Och BioNTech produzéiert zu Marburg, wat elo och net esou wäit ewech ass, datt ee seet: „Mir mussen et aus Drëttstaaten importéieren!“ Et weist also: Europa an d’Groussregioun kënnen zesummeschaffen. An ech géif et och, wann een iwwer nei Fakultéiten op der Uni schwätzt, virzéien, wa mer dat géifen an der Groussregioun zesumme mat eise Partner maachen, datt mer eeben eng richteg Universitéit vun der Groussregioun liewen, an net nëmmen eng Uni, kleng, …

(Problème de sonorisation)

… déi souwisou ni kann all deenen Ufuerderunge gerecht ginn, déi u se gestallt ginn.

An dat, mengen ech, weist och e bëssen, datt dat heiten ze komplex ass, fir einfach nëmme mat Jo oder mat Nee zu esou engem komplexe Brocke vu Fuerderungen ze stëmmen. Dofir wäerten d’Piraten sech enthalen.

Ech soen Iech Merci.