Header for 9. Motion de M. Yves Cruchten concernant la garantie d’un accès équitable aux vaccins Motion de M. David Wagner concernant le soutien de la propo sition de dérogation temporaire introduite par l’Inde et l’Afrique du Sud à l’Organisation mondiale du commerce en matière de propriété intellectuelle

9. Motion de M. Yves Cruchten concernant la garantie d’un accès équitable aux vaccins Motion de M. David Wagner concernant le soutien de la propo sition de dérogation temporaire introduite par l’Inde et l’Afrique du Sud à l’Organisation mondiale du commerce en matière de propriété intellectuelle

Dës Ried hunn ech den 05/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “9. Motion de M. Yves Cruchten concernant la garantie d’un accès équitable aux vaccins Motion de M. David Wagner concernant le soutien de la propo sition de dérogation temporaire introduite par l’Inde et l’Afrique du Sud à l’Organisation mondiale du commerce en matière de propriété intellectuelle” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Merci och dem Yves Cruchten fir déi Aarbecht, déi an déi Motioun hei gefloss ass. Et ass net ëmmer einfach, op esou engem komplexen Theema herno eppes zesummenzekréien, wat e Kompromëss natierlech ëmmer ass, well et net zu 100 % dat ass, wat ee sech gewënscht huet, wat awer definitiv an déi richteg Richtung geet. An eleng duerfir, mengen ech, sinn ech ganz frou an ech soen och dem Yves duerfir e ganz grousse Merci.

Merci natierlech och dem David Wagner, deen dat e bësse méi kritesch gesäit an eng Géigemotioun proposéiert huet. Ech perséinlech gesinn et net ganz esou negativ wéi de Kolleeg David Wagner.

Ech sinn der Meenung, datt déi gemeinsam Mo tioun hei definitiv déi richteg Jalone setzt. Et ass eeben d’Fro herno, wéi se ëmgesat gëtt.

An dat, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ass heiansdo e bëssen de Problem, datt mer hei am Haus zwar eestëmmeg Motiounen unhuelen, mee datt se da schleefen. Dat heescht, dat Wichtegst ass hei wierklech, datt herno déi Motiounen och ëmgesat ginn an datt dat, wat hei gefuerdert gëtt, nämlech ënner anerem, datt mer eis och asetzen, datt en Transfert de technologie et de savoirfaire méiglech gëtt, datt potenziell och eng Levée temporaire vu Brevete méiglech soll ginn, datt dat och ëmgesat gëtt. Well dat ass et, wat mer fuerderen. Mir mussen duerfir suergen als Chamber, andeem mer dat suivéieren, datt déi Motioun hei net nëmmen eng schéi Motioun ass, déi mer gestëmmt hunn, mee datt se dann och ëmgesat gëtt.

Well eppes ass kloer, dat huet d’Covidkris eis ge wisen: Eist Patentrecht brauch Reformen! Mir brauchen dréngend Reformen, well et kann net sinn, datt mer op där enger Säit Milliarden ëffentlech Gelder a Fuerschung stiechen an herno privat Fir men domadder de Benefiss maachen!

An ech verstinn den Här Sahin, de Chef vu BioNTech, datt hie géint esou Mesuren ass. Ech verstinn, datt e Mann, deen an engem Joer 4,2 Milliarden Euro ver déngt huet, dergéint ass, datt en d’nächst Joer e bësse manner soll verdéngen. Dat heescht awer net, datt ech et richteg fannen! Ech sinn der Meenung, datt mer hei als Éischt eng Verantwortung virun der ganzer Welt hunn, virun der Gesondheet vu jiddwer engem, deen op dësem Planéit lieft, an eréischt duerno eng Responsabilitéit do virdrun hunn, fir pri vat Profitter nach iergendwéi ze schützen.

Et geet net, datt hei eenzel Leit Milliarden a Milliarde verdéngen, wärend ganz Länner nach net emol hiert medezinnescht Fachpersonal konnten impfen, ganz einfach, well se déi Dosen net erbäikréien. An dann hëlleft et natierlech och net, datt déi verschidde Betriber sech net un hir Liwwerverspriechen halen. A fir eebe genau esou Problemer ze ëmgoen, brauche mer méiglechs breet Outilen, fir deenen eenzelne Produzenten, déi et soss nach gëtt, d’Méiglechkeet ze ginn, méi ze produzéieren. Dat si Flicht, Zwangs lizenzen, well mir hu Pharmakonzerner, déi kapabel wären, haut ze produzéieren, déi et net kënnen, well se keng Lizenz kruten. A mir brauchen, wann et dann haart op haart kënnt, tatsächlech och eng Levée temporaire vun de Breveten. Mee dat ass dann deen nächste Schrëtt, wa mer mat den Zwangslizenzen net weiderkommen. Mee mir mussen op enger Plaz ufänken an duerfir wäerte mir déi Motioun hei och ënnerstëtzen.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Mat ëffentlecher Forschung!

3.

M. Sven Clement (Piraten). Pardon, Här President. Ech muss hei awer eppes richtegstellen, wat den Här Graas elo e puermol widderholl huet: datt dat heiten eng Motioun vun der Majoritéit wär.

Den Här Cruchten huet dat, mengen ech, virdru ganz richteg erëmginn. Et ass keng Majoritéitspro pos, mee et ass eng Propos, déi ënner anerem vun zwou Oppositiounsparteie matgedroe gëtt scho bei der Ënnerschrëft. An ech hoffen, datt se awer hei bannen och eng méi breet Majoritéit nach herno beim Vott wäert fannen. Dat gesot … Et ass sécher lech net reng eng Majoritéitspropositioun.