Header for Projet de loi portant modification: 1° de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant les cadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire; 2° de la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant création d’une réserve nationale des employés enseignants des lycées; 3° de la loi du 29 octobre 2020 portant 1° dérogation à l’article 27 de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental; 2° modification de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant les cadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire; 3° modification de la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant création d’une réserve nationale des employés enseignants des lycées

Projet de loi portant modification: 1° de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant les cadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire; 2° de la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant création d’une réserve nationale des employés enseignants des lycées; 3° de la loi du 29 octobre 2020 portant 1° dérogation à l’article 27 de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental; 2° modification de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant les cadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire; 3° modification de la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant création d’une réserve nationale des employés enseignants des lycées

Dës Ried hunn ech den 15/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification: 1° de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant les cadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire; 2° de la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant création d’une réserve nationale des employés enseignants des lycées; 3° de la loi du 29 octobre 2020 portant 1° dérogation à l’article 27 de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental; 2° modification de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant les cadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire; 3° modification de la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant création d’une réserve nationale des employés enseignants des lycées” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wäert elo déi grouss Harmonie heibannen e bëssen zerstéieren, well esou wéi d’lescht Joer scho wäerte mir och haut dergéint stëmmen.

Mir soten et schonn d’lescht Joer: De Stage vu véier Wochen, deen een huet misse packen, fir dier fen an enger Schoul ersetzen ze goen, war nach ni eng detailléiert Formatioun, mee et war ëmmerhin eppes. Wärend dësem Schouljoer, wat jo haut fir vill glécklech Schülerinnen a Schüler an Enseignanten zu Enn gaangen ass wat fir Verschiddener wie derbedéngt jo leider och schonns gëschter op en Enn gaangen ass an hinnen et elo erlaabt, hir ver déngte Vakanz genéissen ze kënnen, wärend dësem Schouljoer konnte Remplaçantë ganz ouni Ausbildung direkt a Schoule schaffe goen. Als Grond fir dës speziell Ausnam hat de Minister dee mools gesot, datt Personal géif gebraucht gi wéinst der Covidkris.

Elo si mer e Joer méi spéit. E Joer hat de Minister Zäit, eng Léisung ze fannen. An trotzdeem sti mer anscheinend nees oder nach ëmmer virum selwechte Problem. Mir brauche Personal a mir kënnen net waarden, datt se nach e Stage vu véier Woche maachen. Wéi kann dat sinn, e Joer méi spéit? Wéi kann et sinn, datt de Minister elo wierk lech nach eng Verlängerung vun den Ausnameree gele brauch, obwuel wéinstens zanter Oktober 2020 an eigentlech jo och schonns virdru kloer war, datt mer Remplaçantë géife brauchen?

Wat schwätzt dergéint, an der aktueller sanitärer Situatioun nees Stagen ze maachen? Restaurante sinn op, Partye si méiglech an och grouss Evene menter wéi Concerte ginn nees ugebueden. Mee eng Formatioun, wou ee Stagiaire zousätzlech an enger Klass soll intervenéieren, soll weider net stattfanne kënnen! Dat kënne mer net novollzéien.

Mir ware schonn am Oktober 2020 géint dëse Pro jet a mir si selbstverständlech och elo géint dës Verlängerung. Persounen a Schoule remplacéieren ze loossen, ouni datt hir Aptitude fir de Beruff an iergendenger Form iwwerpréift gëtt, ass fir eis inakzeptabel. Ganz egal wéi dréngend Personal gebraucht gëtt, näischt hätt dergéint geschwat, wéinstens e puer Formatiounsstonnen iwwert de Summer virzegesinn. An och e klenge Stage an den éischte Woche vun der Rentrée misst dra sinn.

Wann ech den Exposé des motifs hei nämlech rich teg liesen, da geet et jo net drëms, datt déi nei Remplaçantë solle ganz Klassen iwwerhuelen, mee dorëms, datt se zum Beispill sollen ënnerstëtzend an de Klassen agéieren, fir bei der Differenciatioun ze hëllefen.

Wär et da wierklech esou inakzeptabel, esou onméiglech, wann d’Enseignanten déi éischt zwou Wochen nach eleng an hire Klasse misste schaffen, wa se dofir ab der drëtter Woch dann awer eng Hël lefskraaft géife kréien, déi e Minimum u Forma tiounen an e kuerze Stage vun zwou Woche gepackt hätt?

Oder geet et hei awer drëms, datt dës Remplaçantë sollen eleng viru Klasse stoen, wat just am Exposé des motifs iwwersi gëtt, net betount gëtt? E ver kierzte Stage wär den absolutte Minimum u Forma tioun a Kontroll, deen ee misst verlaangen, wa Per sounen a Bildungsariichtunge mat Kanner schaffe wëllen.

Leider huet de Minister sech awer derfir entscheet, dee liichte Wee ze goen a weiderhi jiddereen, deen eng Première huet a wëllt ersetze goen, einfach vun all Aart vu Formatioun a Stage ze dispenséieren.

Dat ass jo och fir jidderee manner Aarbecht!

Mee dat war fir eis d’lescht Joer net akzeptabel an dat ass et och duerfir haut nach ëmmer net. Mir Piraten wäerten dëse Projet duerfir haut net mat stëmmen. Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci Här Pre sident. Den Här Meisch huet Recht. Ech kann dat net anescht soen. En huet Recht, datt déi Leit, déi sech bewäert hunn, méi wéi véier Woche Stage gemaach hunn. Datt déi Leit, déi sech bewäert hunn, solle verlängert ginn, contestéieren ech net.

Wat ech awer contestéieren ass, datt dat Gesetz, dat mer elo verlängeren, eeben och eng Dier opmécht, fir Leit nei ze rekrutéieren, Leit, déi sech net bewäert hunn. A genau déi hätt ee kënnen an e klenge Stage schécken. An all déi, déi elo schonn do waren, deenen hätt een dat kënnen unerkennen. Ech mengen, dat hätt ee kënnen am Text esou virgesinn.

Mir hunn hei de Wee vun der Verlängerung gewielt, a vu datt et fir eis eng Verlängerung ass, déi fir eis eng Dier opmécht, déi mer net matgedroen hunn, wéi mer se agefouert hunn, kënne mer natierlech och konsequenterweis eng Verlängerung net mat droen. Ech mengen, dat ass dat, wat een dann ënnert der Cohérence politique heiansdo versteet.

Ech soen Iech Merci.